An den 11 Kapitelen hu mer eng Rëtsch Expressioune héieren, déi zu engem wichtege Bestanddeel an der amerikanescher Politik gi sinn. Dat geet vum Military-Industrial Complex an der 1. Ried iwwert de “Man in the Arena” an der 4., hin zu “the last full measure of devotion” an der Ried vum läschte Mount. D’Ried vun haut huet eng weider Expressioun, déi all Persoun an Amerika (an an der englesch-sproocheger Welt) kennt: “a date which will live in infamy.”

Um 7. Dezember iwwerrascht Japan d’USA mat enger Attack op d’Militärbasis Pearl Harbor. Kuerz vrun 8 Auer um Sonndeg Moien zerstéieren honnerte japanesch Militärjets bal 20 amerikanesch Marineschëffer, dorënner 8 Krichsschëffer, an iwwer 300 Militärfligeren. Iwwer 2,400 Amerikaner, dorënner Ziviliste, stierwe bei der Attack. Eng dausend Leit gi verletzt. 

D’Attack op Pearl Harbor (bei Honolulu, Hawaii) war de virleefegen Héichpunkt vu Joerzéngte laangem Konflikt tëschent Amerika a Japan. D’USA waren net averstane mat der Politik vu Japan, fir hir ekonomesch Problemer domat ze léisen, dass een sengem Noper, China, Territoire & säi wichtegen Import-Marché ewech hëlt. 1937, deemno 4 Joer vrun der Attack op Pearl Harbor, zitt Japan géint China an de Krich. Amerika huet doropshi wirtschaftlech Sanktioune géint d’Land decidéiert, déi zemools mam Import vum Pëtrol, de wichtege Energie-Marché vu Japan sollt treffen. Déi Sanktiounen – a Kombinatioun mat Handelsembargo’en – hätt Japan zum Aknécke sollte bréngen, sou d’Philosophie vun den USA. Dee Schoss goung no hanne lass! D’Insel am Pazifik huet sech nach méi u seng Positioun gehale wéi virdrun. Verhandlungen tëschent béide Säite si net wierklech produktiv viru komm, an esou war e Krich tëschent béide Muechte just eng Fro vun der Zäit.

Pearl Harbor op Hawaii – wat eréischt 1959 zum US Staat ginn ass a wärend dem 2. Weltkrich (vu 1941 bis 1944) esouguer ënnert Krichsrecht gelieft huet – war alles anescht wéi op eng Attack virbereet. D’Geheimdéngschter um Festland hate mat enger Militäraktioun géint europäesch Kolonien am Südpazifik gerechent. Fir Japan war déi Militärbasis am Pazifik, déi och nach guer net protegéiert war, awer bal ze schéi fir wouer ze sinn.

An esou kennt et am Dezember 1941, wéi et komme “muss.” Wärend dat japanescht Empire domat gehofft huet, Amerika ze briechen, fir en Deal zu de wirtschaftleche Sanktiounen anzegoen, esou sollt, wéi uewe beschriwwen, den Dag drop de President Roosevelt vrum ganze Kongress (Representantenhaus & Senat) d’Autorisatioun ufroe, fir géint Japan an de Krich ze zéien.

Déi Ried vu grad eemol 10 Minutten sollt mat risegem Applaus vun de Politiker gewierdegt ginn. D’Zäite, wou d’Land gedeelter Meenung war, ob e sech an iergendenger Form am 2. Weltkrich bedeelege, waren eriwwer. Et dauert eng Stonn, dann huet den demokratesche President seng Krichserklärung. Um Ënn stëmmt just d’Jeannette Rankin vu Montana am Representantenhaus dogéint. D’Pazifistin a Fraerechtlerin – déi iwwregens bis haut déi eenzeg Fra ass, déi den US Staat Montana je an de Kongress geschéckt huet! – sot dono: “As a woman, I can’t go to war, and I refuse to send anyone else.”

Um 16:40 Auer Ostküsten Zäit ënnerschreift de President Roosevelt d’Krichserklärung. Et mécht d’USA, bis zur Wahl vum Donald Trump am Joer 2016, zu engem vun deenen zentrale Spiller an der internationaler Friddenspolitik. Zäitgläich ass et awer och den Ufank vun engem däischtere Kapitel an der US Geschicht – dem Traitement vu japaneschen Immigranten. 2 Méint nom Vote suergt de President Roosevelt mat der Executive Order 9066 dofir, dass op der ganzer Westküst vun den USA (Washington State, Oregon, a Kalifornien) keng japanesch Immigrante méi dierfe liewen… ausser an Aarbechtscamps. E Mount méi spéit – a no just enger Stonn Berodung am Senat & 30 Minutte Berodungen am Representantenhaus! – krut de President mam Public Law 503, dat néidegt Gesetz fir dës rassistesch Diskriminatioun weider ze verstäerken. De President Ford zitt dës Executive Order eréischt 1976 ganz zréck; de Roosevelt wollt se am Dezember 1944 just suspendéieren. Et ass un de Presidente Carter, Reagan & George HW Bush bliwwe, fir d’Geschicht, e.a. mat Entschëllungsbréifer a Payementer un d’Affer, opzeschaffen. Den 19. Februar, den Dag wou Executive Order 9066 ënnerschriwwe gouf, gëtt haut op der Westküst (zënter dem Ënn vu 1970er am Washington State & Oregon; zënter 2013 a Kalifornien) mat engem “Day of Remembrance” un d’Japanesch-Amerikaner*innen am 2. Weltkrich erënnert.

Och dat zielt noutgedrongen zur Geschicht vun dësem Dag an der Ried vum Roosevelt haut vru 77 Joer. Dir kennt dës historesch Ried nach eemol hei kucken:

Nodeems d’USA Japan de Krich erkläert haten, hunn Däitschland an Italien den Vereenegte Staaten de Krich erkläert. Och hei krut de President Roosevelt vum Kongress extrem séier eng Krichserklärung, an d’USA sinn offiziell an den 2. Weltkrich gaangen, dee 4 Joer méi spéit, no den Atombommen op Hiroshima a Nagasaki, den 2. September 1945 mat der Kapitulatioun vu Japan sollt op en Ënn goen.

Eng gréisser Wichtegkeet sollt Pearl Harbor an der amerikanescher  (an internationaler) Politik zemools Ufank de 1960er nach eemol spillen. Wéi sowjetesch Truppen op Kuba eng Militärbasis baue, wëlle verschidde Beroder vum President Kennedy mat enger Iwweraschungsattack dës nees zerstéieren. Am ExComm ass just de Justizminister Bobby Kennedy, deen ze bedenke gëtt, dass dëst net anescht wier, wéi dat wat Japan 1941 gemaach huet.

Wa mir an engem (kale) Krich ëm Wäerter, eis Wäerter opgi fir esou géint eise Feind ze gewannen, sou de jonke Brudder vum President, firwat kämpfe mer dann iwwerhaapt?


“12 Rieden” ass eng Serie, déi am amerikanesche Wahljoer 2016 ugefaangen an elo fir d’Midterms weider gefouert gëtt. Si bléckt op 12 Rieden, déi eng gréisser Roll an der amerikanescher an zum Deel der internationaler Geschicht gespillt hunn, zréck. All Kéiers um Joresdag vun der Ried geet e Post mat Erklärungen/Hannergrondinfos an dem Audio vun der Ried online.

Bis elo eraus:

(1) “D’Militär an dem Eisenhower seng Farewell Ried” (17. Januar)
(2) “E bluddege Sonndeg an e Meeschterwierk” (15. Mäerz)
(3) “Gëff mer d’Fräiheet oder gëff mer den Doud” (23. Mäerz)
(4) “E President op der Sorbonne. E Mann an der Arena.” (23. Abrëll)
(5) “E Mann vu Boston gëtt e Berliner” (26. Juni)
(6) “Sëlver ass dat bessert Gold” (9. Juli)
(7) “Och Fraen hu Rechter” (19. Juli)
(8) “E puer Warnungen un d’Bierger.” (19. September)
(9) “A Time for Choosing” (27. Oktober)
(10) “Black Power a Black Lives Matter. (29. Oktober)
(11) “D’Land gëtt et, well 1 Persoun ëmmer nees opgestanen ass. (19. November)

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Google photo

You are commenting using your Google account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.