Dem Abraham Lincoln säi Liewen war eent vun de „schlechtesten“ iwwerhapt. Mat 22 huet hie seng Aarbecht verluer; mat 23 verléiert hien déi éischt Wahl vu sengem Liewen (fir an d’staatlech Parlament vun Illinois eranzekommen); mat 25 geet säin éischte Betrib d’Baach of an hie muss d’Betribsscholden ofbezuelen; mat 26, e puer Méint nodeems hien endlech an d’staatlech Parlament vun Illinois gewielt gouf, stierft seng grouss Léift, Ann Rutledge; mat 29 gëtt hie nominéiert fir de Spriecher vum staatleche Parlament ze ginn, mä verléiert déi Wahl; mat 37 gëtt hien Member vum US Representantenhaus; mat 39 muss hien – aus Parteigrënn – am Representantenhaus ophalen, probéiert awer Commissioner of the General Land Office zu Washington D.C. ze ginn, mä kritt d’Platz net; mat 49 probéiert de Lincoln an den US Senat ze kommen mä huet um Enn kee Succès; mat 51 gett hien dunn US President…

…a mat 54 Joer gett hien déi Ried, déi hie bis haut onstierflech gemaach huet: d’Gettysburg Address. Et ass dat nach e Beispill wéi „schlecht“ dëse Politiker war. De Lincoln huet nämlech faméiserweis behapt gehat, dass „d’Welt net laang verhale [wäert] wat mir haut hei soen.“

Déi berühmte Ried vu grad emol 3 Minutten – kuerz, stark Rieden sinn e Merkmal vum Lincoln (cf. seng 2. Untrëttsried) – sollten de Grondstee fir e Neiufank vum Land ginn. De Biergerkrich wier net just e Sträit a Kampf innerhalb vun der Unioun, mä och een ëm de Prinzip vun der menschlecher Gläichberechtegung. Et géif ëm eng Regierung „of the people, by the people, for the people“ goen, sot de President Lincoln. Et war dëst eng direkt Uspillung op e Satz vum Senator Daniel Webster vu Massachusetts aus der bekannter Webster-Hayne Debate (1830) iwwert “protectionist tariffs,” soen déi eng. Et wier inspiréiert um John Wycliffe sengem Prologue vun der englescher Iwwersetzung vun der Bibel („This Bible is for the government of the people, for the people and by the people“), soen déi aner. An eng 3. Theorie seet déi eigentlech Source vun dëse Wierder wier een Urteel vum bekannten Supreme Court Chief Justice John Marshall (McCulloch v Maryland (1819)) gewiecht.

Iwwerhapt huet de Lincoln sech bei där Ried u ganz villen aneren inspiréiere geloos. Den amerikanesche Schrëftsteller Gore Vidal huet Deeler vun der Ried mam Pericles senger “Funeral Oration” (Thucydides, Peloponnesian War) verglach; de Réckbleck op d’Virfahren am Ufank vun der Ried kennt a béide Fäll vir. A net déi mannst mengen, dass de bekannten Optakt vun der Ried „four score and seven“ aus der Bibel (Psalms 90:10) geholl gouf.

Wou hie wat inspiréiert huet, fir wat ze schreiwen an ze soen, weess een haut leider guer net. Vun der Ried selwer, déi oft mat 272 Wieder ugi gëtt, ginn et 5 verschidde Manuskripter. Och d’Zeitungen vun deemols hu liicht verschidde Versioune gedréckt. A während déi méi republikanesch New York Times frou war an d’Ried gedréckt huet, koum vu méi lénken Zeitungen, wéi e.a. Chicago Times, an auslännesch Zeitungen, wéi e.a. The Times of London, heftegst Kritik un der Ried an dem Mann, dee se ginn huet.

Eppes huet déi Ried, déi bal 5 Méint no der Victoire vun der Unioun Arméi zu Gettysburg (Pennsylvania) – déi d’Ënn vum Biergerkrich zu Gonschte vun den Vereenegte Staaten agelaut huet – komm ass, awer fäerdeg bruecht: et ass, nieft der Onofhängegkeetserklärung, ewuel déi bekannteste Ried an der amerikanescher Geschicht. An e „gouvernment du peuple, par le peuple et pour le peuple“ steet haut souguer nach an der Constitutioun vun eise franséische Noperen. Béid Länner hunn eben eng ganz speziell Relatioun – oder, wéi den Ex-President Obama ëmmer sot, „Frankräich ass eisen eelste Partner.“

Lauschtert déi kuerz Ried vun deem Mann, dee 1864 seng Presidentschaftscampagne fir zréck gewielt ze ginn gemengt huet selwer ze managen (a mat 212 op 21 Wahlmänner gewonnen huet), nach eemol hei: 


“12 Rieden” ass eng Serie, déi am amerikanesche Wahljoer 2016 ugefaangen an elo fir d’Midterms weider gefouert gëtt. Si bléckt op 12 Rieden, déi eng gréisser Roll an der amerikanescher an zum Deel der internationaler Geschicht gespillt hunn, zréck. All Kéiers um Joresdag vun der Ried geet e Post mat Erklärungen/Hannergrondinfos an dem Audio vun der Ried online.

Bis elo eraus:

(1) “D’Militär an dem Eisenhower seng Farewell Ried” (17. Januar)
(2) “E bluddege Sonndeg an e Meeschterwierk” (15. Mäerz)
(3) “Gëff mer d’Fräiheet oder gëff mer den Doud” (23. Mäerz)
(4) “E President op der Sorbonne. E Mann an der Arena.” (23. Abrëll)
(5) “E Mann vu Boston gëtt e Berliner” (26. Juni)
(6) “Sëlver ass dat bessert Gold” (9. Juli)
(7) “Och Fraen hu Rechter” (19. Juli)
(8) “E puer Warnungen un d’Bierger.” (19. September)
(9) “A Time for Choosing” (27. Oktober)
(10) “Black Power a Black Lives Matter. (29. Oktober)

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.