Midterms sinn, historesch gesinn, keng gutt Wahle fir d’Partei vum President. Bis op den George W Bush (de spezielle Fall 2002) an de Bill Clinton (1998) huet all President zënter dem 2. Weltkrich bei de Midterms Sëtz am Parlament verluer. Wann de Support vum Mann am Oval Office ënner 50% louch, goungen am Schnëtt 37 Sëtz am Representantenhaus un d’Oppositioun. Den Donald Trump steet aktuell bei 44% – wat, fir dëse President, een zimlech héije Wäert ass.
An awer gëtt et fir d’Demokraten d’nächst Woch richteg schwiereg, fir d’Muecht z’iwwerhuelen. Ee vun hire Géigner ass den extreme politeschen Gerrymandering, deen ech hei kuerz erkläert hunn. E weidere “Géigner” ass, dat muss een esou däitlech soen, hir eege Wielerschaft. Dës huet d’Partei zënter dem Clinton 1998 just an engem eenzege Midterm (2006) net am Stach gelooss. Déi Jonk an d’ethnesch Minoritéite bleiwen, wann et net ëm de Presidentestull geet, gären emol deen Dag doheem. Et sinn dann déi Al an déi Wäiss, déi d’Muecht iwwerhuelen. Dat sinn, wéi een 2010, 2014 an, jo, och 2016 konnt gesinn, ganz staark republikanesch Wieler*innen.
D’Demokraten hoffen drop, dass hir Leit weiderhi motivéiert sinn, fir wielen ze goen & den Trump seng Politik ze stoppen. Genee esou also wéi si d’läschte November zu New Jersey an (zemools) am Virginia massiv an d’Wahlkabinne gaange sinn. Mä esou richteg ass de “Geroch vun der Angscht” nach net aus der demokratescher Nues verschwonnen, well d’Demokrate waren zwar deemools um Ënn extrem motivéiert, fir wielen ze goen, mä a rurale Géigende vu Virginia, wou den Donald Trump 2016 ganz gutt ofgeschnidden huet, ass de rietspopulistesche Message vum Republikaner Ed Gillespie och richteg ukomm. Herno kuckt jidderee bekanntlech just op de Gewënner, mä et muss een awer festhalen, dass béid Säiten 2017 op de Bee waren. D’Demokrate haten um Ënn ebe just e bëssche méi Leit an d’Wahlbüroe kritt.
Esou gesäit dann och d’Situatioun 7 Deeg vrun de Midterms aus. An der läschter NBC News/Wall Street Journal Ëmfro hu 72% vun den Demokraten uginn, sécher wielen ze goen. Dat ass e Plus vu 25% par Rapport zur nämmlechter Ëmfro am Oktober 2014. Dat stëmmt d’Partei positiv. Mä op der anerer Säit ass den Interessi bei de Republikaner net wäit ewech vun deem vun 2010, wéi een “Tea Party Tsunami” op d’D.C. zoukomm ass. Et kennt deemno an 1 Woch genee drop u, wien herno wierklech wiele geet.

Den Enthusiasmus bei de Parteimembere, fir wielen ze goen, an der jeeweileger Oktober NBC/WSJ Ëmfro & wéi vill Sëtz een am Senat an House aus der Siicht vum President senger Partei verluer huet (Klammeren: Endresultat)
235-193 republikanisch Majoritéit am “House” kéint falen
Am Representantenhaus hunn d’Demokrate wuel hir beschte Chance, fir d’Majoritéit vun de Republikaner z’iwwerhuelen. An der genannter NBC/WSJ Ëmfro soen déi “wahrscheinlech” Wieler*innen, dass 50% vun hinnen en Demokrat wéilte wielen & 41% e Republikaner. Dat ass, fir dat kloer z’ënnersträichen, eng national Ëmfro. Si fält dowéinst an eng ähnlech Kategorie, wéi déi national Ëmfroe bei Presidentschaftswahlen! Wéinst dem Gerrymandering, an dem Fait dass d’Demokrate sech a Groussstied op der Küst “zréck gezunn” hunn, brauchen d’Partei wuel national ronn 8%(!) méi Stëmme wéi d’Republikaner, fir d’Majoritéit z’iwwerhuelen. Dat weist ganz einfach wéi schwiereg et fir d’Oppositioun ass. Falls déi NBC/WSJ Ëmfro, déi en ähnlecht Resultat fonnt huet wéi aner Ëmfroen, déi politesch lénks Partei ëm 2-3% ënnerschätzt (a vläit d’Republikaner ëm 2-3% iwwerschätzt), ass eng (grouss) blo Well méiglech. Falls et awer an déi aner Richtung geet – wat kee grousse Feeler vun de Meenungsfuerscher wier – an d’Republikaner behalen hir Muecht am “House.”
“Low-hanging fruit” fir d’Demokraten
A rengen Zuelen mussen d’Demokraten netto 23 Sëtz dobäi wannen, fir dat ze verhënneren. (Info: Déi uewe genannten 235-193 Majoritéit ass déi aktuell Versioun vum House, wou momentan 7 Sëtz (vun den am ganze 435) net besat sinn.) Et gi 25 Wahlbezierker, wou a Moment e Republikaner/eng Republikanerin setzt, wou d’Hillary Clinton 2016 bei der Presidentschaftswahl awer gewonnen huet. Dat ass, fir déi Blo, “low-hanging fruit” vun dëse Midterms. Wann een net e grousse Prozentsaz vun deene Bezierker ka wannen – 7 vun deene sinn eleng a Kalifornien! – kann d’Partei hir “blo Well” zimlech séier vergiessen. Ween an enger Woch net all ze laang well vrun der Tele setze bleiwen, dee soll sech zemools d’Resultater am New Jersey 7th, New York 24th, Virginia 10th, oder Pennsylvania 1st, 5th, 6th, a 7th ukucken. All dës Wahlbezierker dierfte vun de 25 als éischt (ugefaangen iergendwann no 19 Auer ET, resp. 1:00 Auer Mëttwoch Moien CET) ausgezielt ginn. Leider ginn et net massiv vill lokal Ëmfroe bei Wahle fir d’Representantenhaus. Dat mécht eng ganz genee Analys vu 435 Sëtz/Wahlen bal onméiglech. Am Crystal Ball kämpft ee sech duerch déi Ëmfroen déi aktuell virleien, an hir Daten Experten gesinn 212 Sëtz “safe,” “likely,” oder “leaning” fir d’Demokraten & 202 Sëtz “safe,” “likely,” oder “leaning” fir d’Republikaner. Bei den 21 anere Sëtz ass et esou knapp, dass een iwwerhapt kee Prognostik kann ofginn. Op der anerer Säit gëtt 538 de Republikaner aktuell just eng Wahrscheinlechkeet vu 14,1%, dass si hei d’Majoritéit behalen.
Year of the Woman
Egal wéi eng Partei “gavel” am “House” wäert kréien, eppes dierft sech an dem ënneschten Haus vum Kongress änneren: d’Zuel vun de Fraen. 1992, déi éischt Wahl no der Accusatioun vum Anita Hill géint de (Supreme Court) Riichter Clarence Thomas, war als “Year of the Woman” an d’Geschichtsbicher agaangen. 2018 huet d’Potential fir nach méi grouss ze ginn. Nieft der Rekordzuel vu Kandidatinnen bei de Governor Wahlen an de jeeweilege Staaten, trëtt nämlech och an 208(!) vun de 435 Wahlbezierker vum Kongress minimum 1 Fra fir eng vun den 2 grousse Parteien un. Aktuell ginn et just 83 Fraen am US Representantenhaus (61 Demokratinnen & 23 Republikanerinnen). A minimum 1 Staat dierften d’Fraen wuel déi aktuell “all-male” Delegatioun am “House” opbriechen: Pennsylvania. Grouss Ënnerstëtzung dierfen d’Kandidatinnen bei dëse Wahlen awer wuel vum anere Geschlecht net (ëmmer) erwaarden. Den “Gender Gap,” deen et an der Politik einfach gëtt, kéint an den US Midterms 2018 esou richteg explodéieren. Et sinn eben 2 verschidde Forme vum Land, déi momentan riicht openeen duerfueren.

(NBC News/Wall Street Journal)
51-49 republikanesch Majoritéit am Senat ass just schwiereg ze kippen
Am Senat, wou d’Republikaner, zënter der Victoire vum Doug Jones am Alabama am Dezember d’läscht Joer, just méi eng Majoritéit vun 1 Sëtz hunn, gëtt een den Demokraten op den éischte Bléck ganz gutt Chancen, fir d’Muecht z’iwwerhuelen. Dat awer just op den éischte Bléck!
Dee seet engem bekanntlech, dass déi Blo just e Plus vu grad eemol 2 Sëtz brauche, fir den Chuck Schumer vu New York zum Senate Majority Leader ze maachen – an dofir ze suergen dass, falls d’Ruth Bader Ginsberg (85 Joer) oder de Stephen Breyer (80 Joer) aus iergendengem Grond missten um Supreme Court ophalen, dat iewescht Geriicht net nach méi an déi äerzkonservativ Richtung offält. Dat gesäit awer scho vill méi schwiereg aus, wann ee sech ukuckt, wéi eng 35 (vun 100) Sëtz d’nächste Mount zur Wahl stinn. Déi si nämlech aktuell majoritär vun Demokrate besat.
Déi Sëtz goufe schliisslech 2012 fir d’läscht verginn, wéi et e Presidentschaftsjoer war & den demokratesche Kandidat e Mann mam Numm Barack Obama war. Grad eemol 9 Sëtz komme vun de Republikaner. Si mussen dovunner just 8 de 6. November verdeedege – well bei enger Patt Situatioun de President vum Senat/de Vize President (Mike Pence) déi entscheedend Stëmm ofgëtt. Et ass fir d’Demokrate, wéi 538 festgehalen huet, déi schwieregste Senats-Wahlkaart, déi jee eng Partei an engem Midterm Joer hat. Déi 9 Republikaner kommen nämlech och nach bal all aus grousse “republikanesche” Staaten: Arizona, Mississippi (2x), Nebraska, Nevada, Tennessee, Texas, Utah, a Wyoming. Ausser am Nevada, wou de Cook Partisan Voting Index den Demokraten haut e Plus vun 1 gëtt, leien all déi aner zimlech fest a republikanescher Hand. Den Dean Heller, deen do am Nevada probéiert säi Sëtz ze verdeedegen, huet awer nach ni eng Wahl a sengem Liewe verluer. (Och) Dowéinst gëtt 538 him eng Wahrscheinlechkeet vu 59%, dass hien och dës Wahle nees wäert gewannen. Aktuell kämpft d’Campagne vum Jacky Rosen (D) am “early voting,” fir sech eng “Firewall” am sou wichtege Clark County opzebauen. Laut deem Nevada Daten Expert, Jon Ralston, kann d’Rosen wuel e Stëmmevirsprong vu 35,000 hei am “early voting” erausschloen; iwwer 40,000 dierft den Dean Heller méi nervös maachen.
Republikaner brauchen e normalen Owend
Mä d’Demokrate mussen ebe net just der Majoritéit nees Sëtz ofhuelen, nee, et muss een och seng eege behalen. Dass 2012 esou e gutt Joer war, mécht engem d’Saach haut net wierklech méi einfach. Déi Blo musse nämlech Sëtz a Staate behalen, wou den Donald Trump vrun 2 Joer esou richteg ageschloen huet. Dat si Platze wéi West Virginia (Trump Victoire: +42.07%), North Dakota (Trump: +35,73%), Montana (Trump: +20,5%), Indiana (Trump: +18.9%), a Missouri (Trump: +18.63%). Dann huet ee mol nach net vun den traditionelle “Swing States,” Florida an Ohio, geschwat. Ebenfalls net an där Oplëschtung sinn déi 3 grouss Staaten am “Midwest,” déi 2016 dem Donald Trump de Wee an den Oval Office iwwerhaapt erméiglecht hunn – Michigan, Wisconsin, a Pennsylvania. D’Ausso “just 2 Sëtz” spigelt deemno net wierklech déi extrem schwiereg Situatioun fir d’Oppositioun erëm. Méi richteg wier et, fir ze soen: d’Demokrate mussen 28 vun de 35 Sëtz am Senat gewannen. Dat sinn 80 Prozent! Dat huet zënter 1913 eng Partei grad eemol 2 Mol fäerdeg bruecht – am Presidentschafts-Wahjoer 1932, wéi de Franklin D Roosevelt gewielt gouf, & am Presidentschafts-Wahljoer 1964, wéi de Lyndon B Johnson fir e ganzt Mandat als President gewielt gouf. Den US Senat war ëmmer eng schwiereg Situatioun, fir d’Demokraten. D’Clinton Team huet 2016 esouguer gehofft gehat, dass een de Senat direkt “och” géif mat gewanne well e sech sécher war, dësen an de Midterms nees ze verléieren. (Déi Problemer hätt d’Partei elo nëmmen all ze gären.) Bis vrun engem Joer, bis zur Victoire vum Doug Jones am Alabama, war de Wee zu enger Majoritéit 2019 an der ieweschter Kummer vum Kongress komplett verspaart. Haut, wou, wéi uewe beschriwwen, dem Donald Trump seng Popularitéit nees op mëtt-40% geklommen ass, ass de Wee dohinner zimlech steil. Firwat? Well wann den Trump national(!) an de Mëtt-40 an der Popularitéit ass, dann dierft hie wuel bei iwwer 50% an de grousse republikanesche Staate leie, wou d’Demokrate hir Muecht elo musse verdeedegen.
Den eenzege Wee vun den Demokraten
Ausser et geschitt an enger Woch eng Sensatioun am déif republikaneschen Tennessee (wou den Ex-Governor Brederson fir d’Demokraten untrëtt & faméiserweis am Hierscht bekannt ginn huet, dass hien als Senator fir de Brett Kavanaugh gestëmmt hätt) oder Texas (wou de jonken Beto O’Rourke déi progressiv Häerzer mat enger Bobby Kennedy-méisseger Campagne zënter dem Ufank vum Joer méi schnell schloe léisst), gëtt et fir d’Oppositiounspartei just 1 wierklech Méiglechkeet d’Muecht z’iwwerhuelen. Et behält een all seng Senator*innen & gewënnt zäitgläich am uewe genannte Nevada an am Arizona – wou de Republikaner Jeff Flake net méi untrëtt. Ech hu mol eng kléng Lëscht (mat der aktueller Ëmfro-Moyenne vu RealClearPolitics & den Aschätzunge vun den Daten Experte vu 538, dem Cook Political Report, souwéi dem Crystal Ball) opgestallt vun deene Sëtz, déi wuel d’Wahlen entscheede wäerten:

(Solid/Safe Dem > Likely Dem > Lean Dem > Toss-Up > Lean Rep > Likely Rep > Solid/Safe Rep)
Do fält engem ganz séier op, wéi schwiereg et fir d’Demokraten am Senat ass. Dem Heidi Heitkamp säi Sëtz am déif republikanesche North Dakota schéngt schon esou gutt wéi fort. (D’Senatorin hat deen 2012 mat manner wéi 3,000 Stëmme Virsprong gewonnen.) Domat misst d’Partei, nieft Nevada an Arizona, e weidere vun de 9 republikanesche Sëtz siche goen. Dat kéint den O’Rourke am Texas oder de Brederson am Tennessee fäerdeg bréngen, géif awer eben an d’Kategorie “Sensatioun” falen. Ouni eng ganz grouss “blo Well,” déi een um Wahlowend als éischt misst an de Resultater am Representantenhaus (a Governor- a staatlech Parlamentswahle) gesinn, dierft dat bal ausgeschloss sinn, dass d’Oppositioun déi aner Kummer am Kongress wäert iwwerhuelen. Da muss een éischter hoffen, alt um Ënn wéinstens d’Representantenhaus ze wannen.
En fait, stinn d’Chance d’nächsten Dënnschdeg wuel zimlech grouss, dass den Donald Trump eng Gemeinsamkeet mam John F. Kennedy wäert kréien. De Mann vu Boston war nämlech de bis elo läschte Mann am Oval Office, dee bei de Midterms (1962) am House Sëtz verluer & am Senat esouguer Sëtz gewonnen huet. Beim Kennedy huet déi kléng Nidderlag am “House” (just e Minus vu 4 Sëtz) geheescht, dass seng Demokratesch Partei déi absolut Majoritéit zu Washington D.C. behalen huet. Ob dës Geschicht sech an enger Woch genee esou widderhëlt?