E Joer nom Voting Rights Act – als Resultat vu Selma (d’Ried vum President Johnson vun deemols gëtt et hei) –, steet d’Land nach ëmmer vu grousse politesche Problemer. De Progrès vum Civil Rights Movement ass engem Mensch ze lues; de Stokely Carmichael wëll méi.
Hien gouf als Nofolger vum John Lewis, deen herno e Member vum US Repräsentantenhaus sollt ginn (a bis haut ass), de Chef vun der SNCC (Student Nonviolent Coordinating Committee). Et ass dëst eng vun de wichtegsten Gruppéierungen am Civil Rights Movement. De Fokus op „nonviolent“ ze leeën, passt dem Carmichael awer no enger Zäitchen net méi. Hie mécht sech mat „Black Power,“ een Opruff un de Stolz vun donkelhäitege Leit an een Opruff fir eng socio-economesch Onofhängegkeet, e Numm.
„It is a call for black people in this country to unite, to recognize their heritage, to build a sense of community. It is a call for black people to define their own goals, to lead their own organizations.“ (via)
Den Terme “Black Power” ass esou e Schlachtruff ginn, wéi “Black Lives Matter” et an der aktueller Generatioun ass. Dësen BLM Grupp, deen 2013 nom Fräisproch fir de (wäissen) George Zimmerman um Mord um (donkelhäitegen) Trayvon Martin an d’Liewe geruff gouf, bréngt Saachen nees an de Virdergrond, déi vill Leit vergiess haaten: racial profiling, d’Brutalitéit vun der Police, den (och institutionelle) Rassismus am Land. Waren et an de 1960er James Meredith a co. déi zu „Black Power“ gefouert hunn, esou sinn et haut Martin, Garner, Brown, Rice, Harris, Scott, Ferell, Bland, DuBose a Gray op déi Black Lives Matter opmierksam mécht.
Genee wéi bei Black Power muss een awer och méi wäit kucken.
2014 hunn Afro-Amerikaner ganzer 34% vun der Prisongsbevëlkerung an den USA ausgemaach. Dat sinn 2.3 Millioune Leit. 32% vun de Kanner, déi vun der Police festgeholl ginn, sinn donkelhäiteg. Obschonns all ethnesch Gruppen ongeféier nämlech vill Drogen konsuméieren, esou ass d’Wahrscheinlechkeet dass een als schwarzen Amerikaner*in muss an de Prisong goen 6 – sechs! – Mol méi héich, wéi bei wäissen Amerikaner*innen. Dat sinn alles nëmme e puer vun den Zuele vun der NAACP, der National Association for the Advancement of Colored People. (Hei ass e.a. och dem Bryan Stevenson säi Buch Just Mercy: A Story of Justice and Redemption z’empfehlen).
A während Fraen am Allgemengen just 79% vun der Paie kréien, déi e Mann an den USA fir déi nämmlecht Aarbecht kritt, esou kréien donkelhäiteg Fraen grad emol 63% vun der Paie. De politeschen Debat – während den Obama Joeren oft mat Spréch wéi „Mir mussen eist Land nees zréck huelen“ vu (wäissen) republikanesche Politiker bis hin zum “Make America Great Again” vum Trump – genee wéi den, zum Deel, oppene Rassismus an der Tea Party an de „Stolz“ op de Fändel vun de Südstaaten, hu gewisen, wéi wäit d’Land op dëse Punkten dach nach ausserneen läit. Oder, fir et mat de Wierder vum Van Jones ze soen, d’Majoritéit vun de Wäissen am ganze Land & esouguer am “liberale” Kalifornien huet 2008 an 2012 géint den Obama gestëmmt.
Ob ee fir seng Ziler z’ereechen méi gewaltvoll soll ginn? An den Ae vum Carmichael, jo. Eng gewaltlos Demonstratioun kéint als Taktik nëmme fonktionnéieren, wann d’Bevëlkerung sech u gewëssen, human Wäerter géif halen. Dat wier, a sengen Aen, an den USA net de Fall. Während dem kontroversen Atlanta Project am Joer 1966, schwätzt hien sech dowéinst e.a. dofir aus, dass wäiss SNCC Memberen net sollen/dierfe mathëllefe, fir den Julian Bond an dat staatlecht Parlament vun Georgia ze wielen. Déi Wäiss sollten sech an arme, wäisse Géigenden organiséieren. Si sollte probéieren fir dës ze verbesseren, während d’SNCC, déi 1969 hire Numm sollt an „Student National Coordinating Committee“ änneren, sech ëm déi donkelhäiteg Géigenden këmmeren.
An dëser “Black Power” Ried, déi de Carmichael haut vrun 52 Joer op der University of California at Berkeley ginn huet, ware seng Nolauschterer praktesch all wäiss. Hien huet hinnen seng Virstellungen vu “Black Power” an dem Rassismus am Land probéiert z’erkläeren. Hien huet (wéi der iech elo kennt schon denken) net ëm Hëllef bei senge Nolauschterer gefrot, mä huet seng politesch Philosophie erkläert. Dës konnt hien zu deem Zäitpunkt mat enger anerer wichteger Studenten Cause – der Fuerderung vum Ënn vum Vietnam Krich – verbannen. Esou ass et him deen Dag gelonge, seng Nolauschterer am Bann vun enger vun de bekanntesten Rieden vu senger Philosophie ze fesselen.
Et muss een net onbedéngt dës Philosophie gutt fannen. Et kann déi duerchaus och kritiséieren. Mä et muss een se awer eben och kennen, an dofir muss ee säi Virtrag vun deemols nach eemol lauschteren:
“12 Rieden” ass eng Serie, déi am amerikanesche Wahljoer 2016 ugefaangen an elo fir d’Midterms weider gefouert gëtt. Si bléckt op 12 Rieden, déi eng gréisser Roll an der amerikanescher an zum Deel der internationaler Geschicht gespillt hunn, zréck. All Kéiers um Joresdag vun der Ried geet e Post mat Erklärungen/Hannergrondinfos an dem Audio vun der Ried online.
Bis elo eraus:
(1) “D’Militär an dem Eisenhower seng Farewell Ried” (17. Januar)
(2) “E bluddege Sonndeg an e Meeschterwierk” (15. Mäerz)
(3) “Gëff mer d’Fräiheet oder gëff mer den Doud” (23. Mäerz)
(4) “E President op der Sorbonne. E Mann an der Arena.” (23. Abrëll)
(5) “E Mann vu Boston gëtt e Berliner” (26. Juni)
(6) “Sëlwer ass dat bessert Gold” (9. Juli)
(7) “Och Fraen hu Rechter” (19. Juli)
(8) “E puer Warnungen un d’Bierger.” (19. September)
(9) “A Time for Choosing” (27. Oktober)
[…] September) (9) “A Time for Choosing” (27. Oktober) (10) “Black Power a Black Lives Matter. (29. […]
[…] September) (9) “A Time for Choosing” (27. Oktober) (10) “Black Power a Black Lives Matter. (29. Oktober) (11) “D’Land gëtt et, well 1 Persoun ëmmer nees opgestanen ass. (19. […]