Et gi Rieden, déi maachen aus engem Outsider e Politiker deen US President kéint ginn. Dem Bryan seng Ried (hei) war esou eng. Dem Barack Obama seng 2004 Keynote Ried op der Convention vum John Kerry war ebenfalls sou eng eemoleg Ried. De Ronald Reagan sollt säi Moment haut vru 54 Joer hunn.
De Reagan, dee bis kuerz virdru nach e Member vun der Demokratescher Partei war, huet eng Ried ginn, där hie selwer iwwerhapt keen Titel ginn huet. D’Leit/d’Medien sollten se herno als „A Time for Choosing“ bezeechnen, déi Millioune vun Amerikaner kuerz vrum Wahldag op hirer Tele konnte kucken.
De Mann, deen de meeschten do virdru just aus senge Filmer bekannt war, geet mat där Ried seng éischt Schrëtt an d’Politik. Et ass e Mann, dee roosen ass. E Mann, dee sech vu senger Ex-Partei bedru fillt. E Mann, deen ëm d’Fräiheeten, déi „Founding Fathers“ dem Land ginn hu, kämpft. De Ronald Reagan ass net der Meenung, dass d’Ära vum sozialen Ausbau duerch dem Roosevelt säi „New Deal“ an dem deemolege President Johnson seng „Great Society“ am Aklang mat de Virstellunge vun de Grënnungspäpp steet.
D’Ried erméiglecht engem fir déi éischte Kéier een Abléck an déi politesch Siichtweis vum Ronald Reagan, deen dono bekanntlech sollt Governor vu Kalifornien & 1981 US President ginn. Säin ekonomesch neoliberalt Gedankegut dréit de Mann an engem JFK-Stil vir: gutt Ausgesinn an eng markant Stëmm, déi dës Ried (bal) perfekt virdréit. A wéi säi Nofolger op der anerer politescher Säit, Barack Obama, huet de Reagan sech an der Ried als e Mann vum Vollek duergestallt, dee mat Erstaunen an engem dach liichten Dégoût op d’Politiker zu Washington D.C. kuckt.
Während déi meescht Republikaner – a Politiker am Allgemengen – nach ëmmer op eng “drëschen” a langweileg Art a Weis politesch Themen diskutéiert hunn, esou huet de Reagan ugefaangen, d’Entscheedungen vun der Politik an eng Geschicht anzebauen. Wéi dem Barack Obama säi langjärege Speechwriter, Jon Favreau, mol eng Kéier op der Harvard University sot: „Speechwriting ass anescht wéi en Text schreiwen. Et erzielt een dem Mikro eng Geschicht.“ De Reagan, wuel och dank senger Filmcarrière, wousst dat & huet dëst, vru 54 Joer, brilliant senger neier Partei virgefouert.
Fir de Barry Goldwater, de republikanesche Kandidat fir d’Presidentschaft 1964, sollt déi Ried am Endeffekt net vill bréngen. Ausser den $8 Milliounen, déi d’Campagne deen Owend duerch d’Ried u Spenden kritt huet, war d’Resultat ernüchternt – hie gewënnt grad emol 6 US Staaten géint de President Lyndon B Johnson. De Ronald Reagan sollt dës Ried awer an eng politesch Carrière katapultéieren, där hir Resultater nach haut e groussen a wichtege Bestanddeel vun der westlecher Politik sinn.
Kuckt déi historesch Ried, déi haut vru 54 Joer op NBC gewisse gouf, nach eemol hei:
“12 Rieden” ass eng Serie, déi am amerikanesche Wahljoer 2016 ugefaangen an elo fir d’Midterms weider gefouert gëtt. Si bléckt op op 12 Rieden, déi eng gréisser Roll an der amerikanescher an zum Deel der internationaler Geschicht gespillt hunn, zréck. All Kéiers um Joresdag vun der Ried geet e Post mat Erklärungen/Hannergrondinfos an dem Audio vun der Ried online.
Bis elo eraus:
(1) “D’Militär an dem Eisenhower seng Farewell Ried” (17. Januar)
(2) “E bluddege Sonndeg an e Meeschterwierk” (15. Mäerz)
(3) “Gëff mer d’Fräiheet oder gëff mer den Doud” (23. Mäerz)
(4) “E President op der Sorbonne. E Mann an der Arena.” (23. Abrëll)
(5) “E Mann vu Boston gëtt e Berliner” (26. Juni)
(6) “Sëlwer ass dat bessert Gold” (9. Juli)
(7) “Och Fraen hu Rechter” (19. Juli)
(8) “E puer Warnungen un d’Bierger.” (19. September)