[Geschate Lieszäit: 9 Minutten]

West Virginia. Februar. D’Léierpersonal vun den ëffentleche Schoule  kritt ugebuede, fir iwwert déi nächst Joren 1% an dono 2% méi an der Paie ze kréien. Dat wëllen dës awer net akzeptéieren a fänken un, “walk-outs” z’organiséieren. De Grond heivir ass ganz einfach: d’Gesondheets-Assurancen sinn an de läschte Jore (vill) méi séier geklommen, wéi hir Paie. Do ginn een oder zwee Prozent net méi duer. Hir Chancen, dëse “Kampf” ze gewanne, si net wierklech déi bescht. Et liewt ee schliisslech (1) an engem Land, wou Gewerkschaften déi läscht Joerzéngten ëmmer méi u Muecht verluer hunn, an (2) an engem zimlech grousse republikanesche Staat, dee wéinst senger politescher Ausriichtung dann och net dofir bekannt ass, Gewerkschaften – a scho guer net Gewerkschafte vum Léierpersonal – z’ënnerstëtzen. Et kennt, wéi et komme muss: Ënn dës Mounts trëtt d’Léierpersonal am ganze Staat voll an de Streik. (Dëse gëtt awer weiderhin als “walk-out” bezeechent, well et fir si illegal ass, an de Streik ze trieden). Si bleiwe ganzer 14 Deeg (dorënner 9 Schouldeeg) aus hire Klassesäll eraus. Iwwer 270,000 Schüler*inne sinn dovunner betraff. Déi national Noriichtechaînen interesséieren sech op eemol dofir. D’Populatioun am Staat schléit sech och ëmmer méi op d’Säit vun de Schoulmeeschteren & Jofferen. Da knécken d’Autoritéiten an; d’Léierpersonal kritt direkt emol 5% méi an hirer Paie. 

Zu deem Zäitpunkt war d’Katz awer schonns laang aus dem Sak. Am Nopeschstaat Virginia huet d’Personal vun enger Konscht-Uni den 28. Februar ugefaange mat streiken. Eng Woch nodeems d’Situatioun am West Virginia op en Ënn goung, huet een och hei eng Erhéijung vum Salaire – vu 25% – zougestëmmt. 

Et sollt de Startschoss fir weider Streiks queesch duerch d’Land sinn. Si fannen alleguer an traditionell “republikanesche” Staate statt. Et erméiglecht engem e Bléck op een Amerika ze kréien, wat, trotz ekonomesch historesch gudden Zuelen, dach nach ëmmer iergendwéi an der grousser Finanzkris vun 2008 fest stécht. D’Streiks hu schliisslech emol keng 2 Méint no der grousser republikanescher Steierreform stattfonnt. D’Amerikaner*inne sollten, esou d’Versprieche vum President Trump a senger Partei, e “Chrëschtdags-Cadeau” mat där Reform kréien. Um Ënn si vill Suen direkt an d’Hänn vu räiche CEOs an groussen Investoren op der Wall Street gaangen. D’Léierpersonal, wat am Schnëtt bal 30% manner verdéngt wéi aner (vun der Educatioun hir) gläichgesate  Leit an der US Wirtschaft, sinn eng vu ville Gruppen an der Aarbechtswelt, déi op der Streck hänke bliwwen sinn.

Am Oklahoma, wou iwwer 30,000 Leit Ufank Abrëll an de Streik trieden, krut d’Léierpersonal zënter dem Start vun der Finanzkris keen 1 Cent méi an hirer Paie bäi. Déi republikanesch Governor, Mary Faillin, huet mat grousser Arroganz op déi gewerkschaftlech Moossnamen an hirem Staat reagéiert a gesot: “Teachers want more, but it’s kind of like having a teenage kid that wants a better car.” Dobäi gëtt et Léierpersonal an hirem Staat, déi just dank enger zweeter Aarbecht net vu “Food Stamps” musse liewen. (Food Stamps sinn eng Liewensmëttel-Hëllef vum Staat fir Leit, déi manner wéi ronn $2,000/Mount Akommes hunn.) No 10 Deeg Streik ginn d’Autoritéiten zum Deel och hei no. D’Personal an ëffentleche Schoule kritt eng Erhéijung vun der Paie vu $6,100/Joer, an de Budget fir d’Educatioun – deen a villen US Staate duerch Austeritéitspolitik vu (republikanesche) Governoren an/no der Kris 2008 ëmmer nees gekierzt gouf – soll, dank enger Tubakssteier, nees erop gesat ginn. Domat wieren d’Zäiten, wou d’Kanner am Staat, wéinst de feelende Sue, just 4 Deeg an der Woch an d’Schoul ginn, awer nach ëmmer net eriwwer, sou d’Gewerkschaft. Eriwwer war et awer fir 6 Republikaner am staatleche Parlament, déi esouguer géint deen Deal gestëmmt hunn. Si hunn alleguer hir Virwahle verluer

Genee wéi am Oklahoma, hunn och d’Autoritéite am Colorado – wou d’Personal an de Schoulen haut 15% manner verdéngt, wéi nach vrun 20 Joer – nom Streik zougesot, fir den Educatiouns Budget nees op de Niveau vu vrun der Finanzkris erop ze setzen. Am Arizona, wou een 10% manner kritt, wéi nach vru knapp 20 Joer, hunn d’Autoritéite misste ronn 20% Erhéijung vun der Paie bis 2020 verspriechen – woubäi eleng dëst Schouljoer d’Léierpersonal 9% dobäi kritt. Am Kentucky huet d’Parlament eng Erhéijung vu $480 Millioune fir d’Educatioun zougestëmmt, déi mat verschiddene Steiererhéijunge solle bezuelt ginn. (De Governor Bevin, e Republikaner, war esou rosen iwwert déi gewerkschaftlech Moossnahmen & dass d’Parlament herno géint säi Veto gaangen ass, dass hie behaapt huet, iergendwou am Staat wiere wärend der Streikaktioun bestëmmt Kanner sexuell mëssbraucht ginn, well si net konnten an d’Schoul goen.)

Dobäi si, fir dat festzehalen, d’Budgete fir d’Educatioun vun der nächster Generatioun net just a “republikanesche” Staate nach net nees um Niveau vun 2008 ukomm. A Kalifornien beispillsweis, wat wuel d’Häerzstéck vun den Demokraten ass, ass ee, laut de Berechnunge vum Center for Budget and Policy Priorities, bal 12% am Minus an där Statistik. (Dofir gëtt e gréissere Streik zu Los Angeles och hei ëmmer méi wahrscheinlech.) Wat esou Kierzunge vum Budget bedeite, kann een un Hand vun 2 Zuele festhalen: vum Hierscht 2008, wéi Lehman Brothers zesumme gefall ass, bis zum Hierscht 2017 ass d’Zuel vun de Schüler*innen an ëffentleche Schoule (Primaire & Lycée) ëm 1,47 Millioune geklommen, wärend ee beim Personal mat engem Minus vu 135,000 an de rouden Zuele steet. (2012 stoung een esouguer mat engem Minus vun 351,000 do.)

Et ass e Beispill, wat geschitt, wann ee géint all Zort vu Steiererhéijungen an alle Fäll ass. Et weist, wou een higeet, wann een a Krisenzäite spuert a souguer, wéi e.a. am Arizona an Oklahoma, och nach d’Akommessteier an deene Jore kierzt. Et mécht däitlech, wéi wichteg et ass, dass een de Verkaf vu Produiten um Internet besteiert – wat zënter dësem Mount eréischt an 10 US Staaten de Fall ass; well wärend online grouss verkaf gouf, sinn d’Zuele an de Butteker, wou een seng “sales tax” (eng Aart TVA, déi herno nees an déi Lokalekonomie fléisst) muss bezuelen, och e Joerzéngt nom Ufank vun der Kris nach net nees op engem gudde Niveau ukomm. Et ënnersträicht ganz einfach d’Problemer vun engem “blanne” Neoliberalismus.

Trump Bilan fält ernüchternd aus

Den Donald Trump sollt grad esou e Betrib-frëndleche Republikaner net sinn. Hie war 2016 mat engem ähnleche Message vun engem ekonomesch lénke Populismus ugetruede, wéi de Sozialist Bernie Sanders. Hie wollt géint Hedge Funds goe, minimum eng Reform bei Medicare (staatlech Gesondheetskees fir eeler Leit) ustoussen & am beschte Fall, sollt all Mënsch am Land krankeverséchert ginn. Doriwwer eraus wollt hie nach $1 Trillioun Investitiounen an d’Infrastrukture vum Land stieche – wat, wann e bedenkt dass eleng iwwer 50,000 Brécken an den USA misste dringend reparéiert ginn, wierklech noutwendeg ass. Mä 2 Joer no senger Wahl fält eng éischt Bilanz, trotz gudde makroekonomeschen Zuelen, dach éischter schwaach aus. Keng eenzeg vun dëse Mesure gouf wierklech grouss ugepaak. Au contraire, d’Republikaner verspriechen elo schonns ObamaCare nach eemol wëllen ofzeschafen (an iwwer 20 Millioune vun hirer Krankeversécherung erofzepuchen), falls si hir Majoritéit am Kongress behalen. De risege Budgetsdefizit, dee no der Steiererliichterung vun am ganzen $1.5 Trillioun d’läschten Dezember entstanen ass, soll mat grousse Kierzunge fir Medicare, Medicaid (Gesondheetsreform fir aarm Leit) a Social Security (Renteversécherung) bezuelt ginn. D’Demokraten, déi, nieft méi Sue fir d’Educatioun, an dëse Midterms zemools ganz vill op e weidere staatlech finanzéierten Ausbau vun der Gesondheetsversécherung setzen, probéieren dofir de Mantel vum ekonomesche Populismus z’iwwerhuelen. Nieft konservativen Demokrate wéi Joe Manchin (West Virginia) schécken si bei dëse Wahlen dofir zemools ganz vill bekennend Sozialisten wéi d’Alexandria Ocasio-Cortez (New York) oder den Andrew Gillum (Florida) un den Depart.

Egal wéi d’Wahlen d’nächste Mount ausginn – an d’Demokraten hunn déi schwieregst “Walkaart,” déi jee eng Partei an de Midterms hat – schéngen déi grouss Theme fir 2020 dofir schonns festgesat ze sinn. Déi nächst 2 Joer gi wuel nach méi e brutale Kampf, wéi een e schonns 2016 erlieft huet. Et sinn 2 komplett verschidde Forme vun Amerika – kulturell, ekonomesch, a politesch – déi do scheinbar mat nach méi enger grousser Geschwindegkeet wéi 2016 riicht openeen duerfueren. Den Ausgang ass, genee wéi Ufank Februar am West Virginia, onkloer.


Featured Image: FEMA, public domain

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

One Comment

  1. […] Egal wéi eng Partei “gavel” am “House” wäert kréien, eppes dierft sech an dem ënneschten Haus vum Kongress änneren: d’Zuel vun de Fraen. 1992, déi éischt Wahl no der Accusatioun vum Anita Hill géint de (Supreme Court) Riichter Clarence Thomas, war als “Year of the Woman” an d’Geschichtsbicher agaangen. 2018 huet d’Potential fir nach méi grouss ze ginn. Nieft der Rekordzuel vu Kandidatinnen bei de Governor Wahlen an de jeeweilege Staaten, trëtt nämlech och an 208(!) vun de 435 Wahlbezierker vum Kongress minimum 1 Fra fir eng vun den 2 grousse Parteien un. Aktuell ginn et just 83 Fraen am US Representantenhaus (61 Demokratinnen & 23 Republikanerinnen). A minimum 1 Staat dierften d’Fraen wuel déi aktuell “all-male” Delegatioun am “House” opbriechen: Pennsylvania. Grouss Ënnerstëtzung dierfen d’Kandidatinnen bei dëse Wahlen awer wuel vum anere Geschlecht net (ëmmer) erwaarden. Den “Gender Gap,” deen et an der Politik einfach gëtt, kéint an den US Midterms 2018 esou richteg explodéieren. Et sinn eben 2 verschidde Forme vum Land, déi momentan riicht openeen duerfueren.  […]

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.