De Wahlkampf geet offiziell scho nees op en Ënn. Muer ginn all déi Leit, déi d’Wahlrecht hunn & net dierfen/wollte per Bréifwahl ofstëmmen, op hire jeeweilge Wahlbureau, fir do hir (arbiträr op hire Wahlbezierk verdeelte) Stëmmen ofzeginn. Wéi eng Partei oder Persoun een do seng Stëmm gëtt, decidéiert sech normalerweis an de Woche kuerz vrum Wahlsonndeg. Hei spillen dann d’Medien, gewollt an ongewollt, hir Roll.

An der Politik ass dat nämlech esou eng Saach: eng Etüd vum Europarot vun 2017 huet festgehalen, dass Fraen a 26% vun de Noriichten a Medien-Tweets virkommen, mä bei de Noriichten iwwert d’Politik stellen se weltwäit just 16% duer. Bei den iresche Wahlen 2011 koume just während 10% vun der Zäit op Prime Time eng Fra zu Wuert. An der Schwäiz waren 2015 zwar 34.5% Kandidatinnen op de Lëschten, mä am audiovisuelle Beräich koumen d’Politikerinnen just zu 24% vir. (Säit 9ff.)

Den 2018 Wahlkampf zu Lëtzebuerg schneit do leider net vill besser of. Fir dës kleng Analys hunn ech mir d’Wahlprogrammer um RTL Radio (Face-à-Face, Table Ronde), RTL Tele (De politesche Nowuess, Waltaxi, 5 Froen un, Kuerz a Knapp, Face-à-Face, Table Ronde), RTL Today (Interview Serie), radio 100,7 (Face-à-Face, Een Dag mam, Kichegespréicher, Table Ronde), Eldoradio (Schnellcheck) ugekuckt. Do dobäi kommen Table Ronde an de 4 Wahlbezierker vum Luxemburger Wort – déi als Video um Internet gewisse goufen/zegesi sinn.

Am Ganze koumen do vun alle Parteien 173 Mol e Kandidat a just 55 Mol eng Kandidatin zu Wuert. A Prozenter ausgedréckt sinn dat grad eemol 24.1 Prozent fir d’Fraen. Als Rappel: op de Lëschte sinn dëse Sonndeg 46% vun de Kandidaten Fraen.


Wann een dono déi eenzel Parteien duerchgeet, da fält engem ganz séier op, dass bei der LSAP de Slogan “Zesummen” net wierklech hei zoutrëfft. Trotz engem Undeel vu 41.67% Fraen op der Lëscht 3 e Sonndeg, koumen am Wahlkampf bei insgesamt 31 Optrëtter vun enger Persoun vun der LSAP op de genannte Programmer a grad eemol 3 Fäll eng Sozialistin (9.38%) zu Wuert. Déi aner “grouss” Regierungspartei, d’Demokratesch Partei, schneit hei och net wierklech gutt of. Vu “Gambia” si just déi Gréng déi mat enger 50-50% Lëscht och eng 50-50% an deem hei analyséierte Programmer fäerdeg bruecht hunn. D’Demokratie huet dat och gepackt. (Ech hu bei där Partei, wéinst de legale Streidereien, kee Fraenundeel vun der ganzer Lëscht uginn.)

Wat bei der Tafel hei uewen driwwer dierft obfalen, ass de Score vun deene Lénken. Si sinn déi eenzeg Partei, déi et fäerdeg bruecht huet, fir méi oft Frae wéi Männer op dës Plattformen ze schécken. Dat ass engem beim Androe vun den eenzelen Daten an de läschte Woche schonns ëmmer nees direkt an d’Aa gesprongen. Deen “Exploit” ass awer nach vill méi remarkabel, wann een sech folgend Zuelen ukuckt. 

Ech sinn higaangen an hunn alleguerten d’RTL Daten zesumme geholl. (Do goufen et, wéinst der Natur an der Gréisst vun dëser Firma, einfach vill méi relevant Donnéen.) 

Do huet am Total 36 Mol (23.4%) eng Kandidatin an an 118 Fäll (76.6%) e Kandidat an hire Programmer geschwat. Déi 36 Mol, wou eng Fra huet dierfe schwätzen, sinn opgedeelt op 8 Parteien – weder déi Konserativ nach Piraten haten eng Fra op de Wahlprogrammer vun RTL. En fait, maache grad eemol 26(!) Fraen dës 36 Optrëtter ënnert sech aus. 7 verschidde Politikerinnen hunn déi Lénk der Wielerschaft esou presentéiert (oder impressionant 26.9% vun alle Fraen op den RTL Wahlcampagne Programmer). 

 

Nierft deene Lénken dierft hei och nees zemools déi Gréng an d’Aa sprangen. Hire “gudde” Score bei de Gesamtoptrëtter vun de Politikerinnen geet zréck op grad eemol 5 Fraen op hirer Lëscht – d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg, d’Spëtzekandidatin am Zentrum Sam Tanson, d’Deputéiert Josée Lorsché, d’Gemengeréitin Claire Remmy, an d’Djuna Bernard. Wann een da nach bedenkt, dass bei der Table Ronde vum Luxemburger Wort am Osten d’Carole Dieschbourg an am Zentrum d’Sam Tanson present waren (Norden: Claude Turmes; Süden: Félix Braz), d’Sam Tanson och am Schnellcheck um Eldoradio an op der Table Ronde ëm d’Steierpolitik um radio 100,7 war, an de soziokulturelle Radio een Dag mam Carole Dieschbourg verbruecht huet, vermësst ee ganz schnell déi aner 25 Fraen op hirer Lëscht.

Et bleift deemno festzehalen, dass trotz dem groussen Usteige vu Fraen muer op de Lëschten, déi ganz grouss Majoritéit vun hinnen, wat audio an audiovisuell Medien ugeet, ni zu Wuert komm sinn. Dat dierft och Konsequenzen op hirt Wahlresultat hunn. Gläich e puer Etüden hunn, sou UN Women, nämlech schonns festgehalen, dass d’Bierger eigentlech scho Kandidatinnen ënnerstëtzen mä et ass e.a. de Faite, dass hire Leadership net d’nämmlecht promovéiert gëtt, wéi dee vun de Männer, firwat si um Ënn bei de Wahlen éischter de Kierzeren zéien. Eng Méiglechkeet, fir Gender Paritéit am Wahlkampf ze ereechen, ass een 2012 Mediegesetz an Italien. (Säit 22) Hei muss et eng Balance tëschent Mann a Fra an de Wahlprogrammer an de Medie ginn. De Problem, dass da Kandidatinnen éischter an Emissioune kommen/geschéckt ginn, wou “Fraenthemen” – a net d’Finanzen, Aussepolitik, Defense & co. – behandelt ginn, fir esou déi allgemeng Paritéit ze ereechen, bleift dann awer an deem Modell trotzdem bestoen. Am 2018 Wahlkampf zu Lëtzebuerg war dës “roueg” Zort vun “Diskriminatioun” och nees däitlech ginn: déi eenzeg offiziell Table ronde um Fernseh, wou d’Fraen an der Majoritéit waren, war déi Zweet… iwwert Famill a Soziales; op der Table Ronde iwwert d’Steierpolitik um radio 100,7 ware 7 Männer a just 2 Fraen (Sam Tanson (Gréng) a Carole Thoma (Lénk)).

Wou dir um Sonndeg är Kräizer hi maacht, ass iech iwwerlooss. Mä am Lëtzebuergesche Panachage System, an an enger Welt, wou ëmmer méi op audio & audiovisuell Medie gesat gëtt, an d’Zuel vun de Net-Parteizaldoten op den offizielle Campagne Eventer zu Lëtzebuerg dach meeschtens iwwerschaubar bleift, muss ee sech d’Fro stellen, ob d’Wielerschaft sech an de läschte Woche wierklech e (gutt) Bild vun hire méigleche Volléksvertrieder konnt maachen. Dat läit, fir dat kloër zestellen, net wierklech direkt un de Medien, mä un de jeeweilege Parteien. Et sinn dann och grad déi, déi – falls si d’Theme wéi Gläichheet vu Mann a Fra wierklech wëllen attackéieren – och dat an der nächster Legislatur missten ugoen.

Avis aux amateurs!

Info: Ech hunn aus Zäitgrënn an der Nuecht op e Freideg all Daten fäerdeg verschafft. Dowéinst ass déi läscht Elefanteronn vun RTL hei leider net an den Zuelen dran. Si hätten dës awer och net verbessert – bei deenen 8 Spëtzekandidaten, déi 2 Deeg vrum Wahldag schonns hire Bilan vun hirer Campagne gezunn hunn, war net eng eenzeg Fra um Plateau dobäi.

 

 

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.