[Geschate Lieszäit: 8 Minutten]

A

n enger Top 10 Lëscht vun deene Gesetzer, déi am mannste bewierkt hunn, dierft dee vun de Loyeren vun 2006 stoen, sou den Online Magazin Reporter vrun e puer Wochen. D’Wunnengspräisser wieren d’läscht Joer 1.5 Mol méi héich gewierscht, wéi nach 2005. Déi steigend Präisser vun Immobilien si kee renge lëtzebuergesche Problem. Am Vereente Kinnékräich hu just 1/4el vun de Leit, déi an de spéiden 1980er gebuer goufen, schonns am Alter vu 27 Joer en eegent Haus gehat, sou d’Institute of Fiscal Studies. All drëtte Millennial wäert, esou eng Etüd vum Think tank Resolution Foundation, wuel bis u säi Liewensënn keng eege 4 Wänn hunn. De Grond heivir läit ënnert anerem dorunner, dass d’Immobiliepräisser vill méi séier wuessen, wéi de Wuesstëm vum Akommes. Et ass déi logesch Schlussfolgerung vun enger joerzéngter laanger „NIMBY“ (Not In My Backyard) Haltung.

D’NIMBY Generatioun huet sech zemools op Platzen op der Welt ausgebereet, wou d’Aarmut an ethnesch Minoritéiten net esou vertruede sinn – a wou dat dann och w.e.g. esou sollt bleiwen. (“Ech wäert et ganz kloër soen: verschidde Gemenge wëlle keng Sozialwunnengen,” sou den DP Deputéierte Max Hahn). De „Charakter“ vun der Stad, Duerf, oder dem ganze Land sollt bäibehale ginn. D’Ëmwelt ass genee esou een Thema, wat oft a gären erausgeholl ginn ass/gëtt. Dobäi gëtt dat eigentlecht Argument géint méi Wunnraum fir all Schichte vun der Gesellschaft awer ni geäussert: den ekonomeschen Eegeninteressi.

Eng Etüd vun der Stanford University a Kalifornien weisst, dass d’Besëtzer vun Immobilien kritesch géigeniwwer neie Wunnenge sinn, wann een si drun erënnert, dass domat och de Wäert vun hirem eegenen Haus wäert falen. Wann een da nach bedenkt, dass dës Immobiliëbesëtzer éischter wiele ginn, wéi déi Jonk, huet een erréicht richteg e Problem. Do verwonnert et dann och net, dass, wéi déi britesch Resolution Foundation 2017 an eng weiderer Etüd festgehalen huet, déi grouss Majoritéit vum Räichtum vun de Baby Boomers zesumme komm ass „through no skill of their own.“

1995 goufen et weltwäit 22 Stied mat 5-10mio Awunner & 14 Stied mat iwwer 10mio. 2015 hate 44 Stied 5-10mio & 29 iwwer 10mio Awunner.

Et kennt een elo awer op engem Punkt un, wou dësen ekonomesche Modell fir ëmmer gréisser Problemer suergt. Fir nämlech dat Liewen an de Räichtum an de Stied (oder zu Lëtzebuerg am ganze Land) ze halen, brauch een jonk, innovativ Leit. Dass een déi Persounen wéinst den héiche Präisser aktuell géif aus de Stied verdreiwen – zu London beispillsweis gëtt et ee wuessend Mouvement vu jonke Leit ewech vun der Groussstadt an zréck a méi kléng Géigenden – ass de grousse Paradox vun deene Platzen, déi, laut der UN, am Joer 2030 zwee Drëttel vun der Weltbevëlkerung sollen hunn. D’Grousstied, déi zu deem Zäitpunkt 80%(!) vum weltwäite PIB sollen ausmaachen (a wou aus der EU/Westeuropa wuel kéint just London dobäi sinn), brauchen dowéinst dréngend eng Verännerung.

Wëllkomm, Sonja Truss an d’YIMBY (Yes In My Backyard) Partei!

D’Truss war eng Mathésproff an engem Lycée an den USA, wéi si vrun e puer Joer ugefaangen huet sech géint NIMBY Aktivisten z’organiséieren. Wat si deemools nach net konnt wëssen, war wéi schnell si Partner*inne sollt fannen. De kalifornesche Governor Jerry Brown (Demokrat) huet zënterhier 15 nei Gesetzer ënnerschriwwen, déi d’Baue vu neie Wunnengen am gréissten US Staat sollen erméiglechen. Am US Staat Colorado hunn d’Leit mat enger ganz grousser Majoritéit dogéint gestëmmt, fir de Wuesstëm an der Stad Boulder ze reduzéieren. Am Massachusetts huet A Better Cambridge sech mat Succès dofir agesat, dass e Gebai mat 19 Stäck op de Central Square zu Cambridge gebaut gëtt. Google baut 9,850 nei Wunnenge bei hirem „Campus“ – a plangt dës nach weider auszebauen. D’YIMBYs sinn haut vu San Francisco (USA) iwwer Oxford a London (béid UK) hin op Sydney (Australien) aktiv. D’YIMBYtown, déi amerikanesch Conference zum Thema, déi zënter e puer Joer stattfënnt, war d’läschte Mount zu Boston. A mat der YIMBYcon hat ee fir dat 2. Joer noeneen och eng Konferenz zum Thema ausserhalb vun den USA – zu Helsinki. De Wonsch vu YIMBYs ass ganz kloër: méi Wunnengen bauen an dës méi no (a besser) un d’Stied connectéiere, fir esou dann och endlech de lästegen Auto lass ze ginn. D’Situatioun wier einfach esou schlëmm ginn, dass déi traditionell Méiglechkeete – wéi staatlech subventionéiert Wunnengen oder eng Kontroll/“Brems“ vum Loyer net méi kéint benotzen – de Problem vum onerschwéngleche Wunne net méi kéinte léisen. (Den uewen ugeschwaten Artikel vu Reporter hält dat eben och fir dat genannten 2006 Gesetz zu Lëtzebuerg fest.)

Et ass grad dat sozialpolitescht Argument, wat bei politesch progressive Leit ukennt. Dat huet och déi genannten Etüd vu Stanford och festgehale gehat. Wann een d’Zuele géif analyséieren, esou de Politolog Clayton Nall, da géif et eng ganz grouss Correlatioun ginn tëschent deene Leit, déi méi héich Steiere fir déi Räich fuerderen, & deenen, déi gleewen dass jiddereen d’Recht op eng Wunneng huet.

Mat der Ëmwelt bauen, net dogéint

Et ass d’Idee, dass YIMBY, anescht wéi NIMBY, net institutionell rassistesch ass mä op Gläichheet a Fairness baut, déi och bei liberale Besëtzer vun Immobilien ukennt. „It’s about sharing the city,“ sou Laura Loe, déi virdrun 20 Joer Member vun de Gréngen an den USA war. Sharing the city; dat heescht natierlech och, dass een d’Stad (oder, am Fall vum Grand-Duché, dat ganzt Land) mat der Ëmwelt deelt.

Wéi et vrun e puer Méint esou hefteg zu Lëtzebuerg gereent huet, dass et zu gréisseren Iwwerschwemmunge komm ass, huet zemools ee Commentaire op RTL fir vill Bäifall an de soziale Netzwierker gesuergt. Et hat den typesche Charakterzuch vun engem NIMBY Commentaire – loosst eis dach manner bauen a (mäin) Doheem schützen. Dobäi ignoréiert dat am grousse Mooss, dass een haut an der Architektur a beim City/Urban Planning d’Ëmwelt kann – jo, laut Architekten, esouguer muss – mat aberechnen. De “Big U” ass een esou e Projet, deen Iwwerschwemmunge vu Manhattan an Zukunft soll verhënneren. Een ähnleche Projet leeft am Moment och zu San Francisco, fir do déi schéin Bay Area ze schützen.

Just ee vun de Gewënner beim Bay Area Challenge. All d’Finalisten vu Resilience by Design, mat Designs och fir aner Deeler vun der Bay Area, kann een hei kucken.

Et ginn eng ganz Rëtsch vu Proposen, wéi een Haiser an Zukunft soll bauen, fir dass dës fir all d’Wierdere geschützt sinn. Verschiddener dovunner ginn aktuell schonns an Holland getest, ma kéinten och fir aner Länner interessant sinn. A nom Hurricane Sandy 2013 huet d’School of Architecture and Design vu New York, e Concous lancéiert, wou 60 nei ëmweltfrëndlech Designs fir d’Wunnen am 21. Joerhonnert erakomm sinn. A well de Reen bekanntlech iwwerall fällt, a net just an engem senger Strooss, kann een och d’Méiglechkeet ëmsetzen, fir e Parking zesummen an eng Struktur mat engem klénge, grénge Park an engem groussen Obfangbecken fir de Reen/fir Iwwerschwëmmungen ze bauen. A falls dono nees d’Sonn de ganze Recht vum Summer laang soll drécken, kann een, wéi am Pilotprojet zu Los Angeles, higoen an d’Stroossen mat méi enger méi heller Faarf iwwersträichen, fir esou d’Hëtzt an de Stied an Dierfer erofzesetzen – an ouni dass duerch déi Faarf d’Autoschauffeure geblend ginn.

Et ginn deemno Méiglechkeete, fir anescht ze wunnen an ze liewen. Eigentlech hätt Lëtzebuerg elo, an där besserer wirtschaftlecher Laag wéi nach 2013, a mam grousse Start vum beléiften Tram, d’Chance fir sech op all d’Herausfuerderunge vun de nächste Joerzéngten gutt ze preparéieren a nees méi Jonker am Lëtzebuerger Land ze behalen. D’Fro ass: wee soll(/wäert) et maachen? Eng éischt Äntwert gëtt et do da schonns haut an enger Woch.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.