Month: October 2018

USA Midterms: de Status Quo oder eng blo Well?

Kennen d’Republikaner hir absolut Majoritéit bei de Wahle behalen (a villäicht souguer ausbauen)? Oder kennen d’Demokrate mat enger grousser “bloer Well” d’Politik vum Donald Trump stoppen? 1 Woch vrun de Midterms steet just eng Saach fest: Republikaner & Demokrate kenne sech Hoffnung maache, fir d’Wahlen ze gewannen. E Bléck op (an hannert) ganz vill Zuelen.

12 Rieden (10): Black Power a Black Lives Matter.

E Joer nom Voting Rights Act – als Resultat vu Selma (d’Ried vum President Johnson vun deemols gëtt et hei) –, steet d’Land nach ëmmer vu grousse politesche Problemer. De Progrès vum Civil Rights Movement ass […]

12 Rieden (9): A Time for Choosing.

Et gi Rieden, déi maachen aus engem Outsider e Politiker deen US President kéint ginn. Dem Bryan seng Ried (hei) war esou eng. Dem Barack Obama seng 2004 Keynote Ried op der Convention vum John […]

2 verschidden ekonomesch Usiichte vum Land knuppen openeen

Ufank Februar huet d’Léierpersonal am konservative West Virginia hir Klassesäll aus Protest verlooss. Schoulmeeschteren a Jofferen queesch uechter d’USA sollten et hinne nomaachen. E Bléck op den “Teachers Strike” vun 2018 erméiglecht een Abléck an een Amerika, wat iergendwéi nach ëmmer an der Finanzkris stécht. Et wäert Konsequenze fir d’Midterms d’nächste Mount – a fir déi grouss Wahlen 2020 – hunn.

De Lëtzebuergesche Wahlkampf ass männlech. Eng Analys.

Dat war also de Wahlkampf 2018 zu Lëtzebuerg. E kritt, wéinst dem praktesche Refus vun engem Wahlkampf bei de Parteien, vun der politescher Ausernanersetzung eng ganz ferm Datz. Interessantes gëtt et trotzdeem erauszeliesen. Eng Analys vun den Audio & audiovisuelle Medie weist nämlech, wéi déi eenzel Parteien bei der Geschlechts-Paritéit an der Campagne ofgeschnidden hunn. Hei kennen um Ënn eigentlech just d’Resultater vun enger Partei wierklech iwwerzeegen.

YIMBY: de schnell wuessende Mouvement deen déi global Kris am Logement wëll léisen

Am Debat ëm erschwénglecht Wunnen ginn 2 Saachen ëmmer ignoréiert: den ekonomeschen Eegeninteressi an een institutionelle Rassismus. YIMBYs wëllen dat änneren. E Bléck op de schnell wuessende Mouvement vu Millennials ronderëm d’Welt.