[Geschaten Zäit: 45 Minutten]

Den Donald Trump gouf vun de “Verléierer vun der Globalisatioun” gewielt, huet et 2016 geheescht. D’Europäer si géint Fräihandelsofkommes CETA (a souguer dat nach guer net fäerdeg ausgehandelt TTIP) op d’Strooss gaangen. An den USA waren Trump a Sanders Wieler*inne géint d’Fräihandelsofkommes TPP mat 12 anere Staaten aus dem Pazifik, dorënner Japan a Kanada. “De ganze fräien Handel,” sou d’Schlussfolgerung, hätt “de kléngen Aarbechter hir Platze kascht.” Dass dat net stëmmt, hat eng gréisser Etüd aus den USA schonns vru Jore festgehalen.  

Et ass Technologie, déi de Mënsch a senger aktueller Welt zu engem Niewendarsteller mécht. Dat goung och 2013 aus enger anerer Etüd  (hei: vun der Oxford University) ervir. Wee brauch nach Leit fir Taxi, Bus oder Camion ze fueren, wann e Roboter-Auto dat och kann? Wee brauch nach Leit fir Kleeder hierzestellen, wa Roboter dat och vill méi schnell, vill méi laang a vill méi präzis kenne maachen? Wee brauch nach speziell Medezin Studenten, wa Roboter, baséiert op eng Rëtsch vun Daten, eng vill méi genee Diagnos vun engem Patient kenne maachen? Wee brauch nach den typesche Bréifdréier, wann Email, Apps, an Online Banking vill méi aktuell an och nach vill méi ëmweltfrëndlech sinn? Wee brauch nach e Comptabel, wa Computeren déi Prozedure vill méi schnell kennen duerchgoen an souguer esou d’Wahrscheinlechkeet vu versuchte Fälschung vun den Zuelen ka verkléngert ginn? Vu Manicure bis hin zu Arbitteren am Sport; et ka (bal) alles an de nächste Joren duerch Maschinnen ersat ginn.

Den Zuch vun der Automatisatioun rennt deemno ganz rapid op d’Gesellschaft duer. Wéi schnell, respektiv wéi wäit, dëse schonns ass, huet d’Wall Street Journal an enger klenger Serie analyséiert. Kuckt eran an eng Welt, wou Roboter e.a. schonns äert Iesse preparéieren an dann de Cliente verkafen:

Eng Saach, déi déi politesch Situatioun net wierklech géif léise mä zumindest eng Idee duerstellt, wéi een de Sozialstaat fir dës Revolutioun kéint (komplett) reforméieren, ass “Universal Basic Income” (d’Grondakommes). D’Hillary Clinton hat iwwregens 2016 dës politesch Revolutioun bal an hire Wahlprogramm opgeholl – ier dunn den technesche Pragmatismus vun där Campagne nees d’Iwwerhand geholl huet. 

De Wahlkampf am Grand-Duché wäert dëst wichteg Thema vun der Automatisatioun hoffentlech net just minimal uschneiden. Och falls Sloganen, Reklammen a Wahlprogrammer haut just kuerzsichteg Diskussioune ronderëm “falsch” Identitéiten – een “Heimatswahlkampf“… just eben op Lëtzebuergesch – an déi sougenannt “Wuesstems Kritik” undeiten, esou kéint eng Ideelosegkeet 2018 zu gréissere Problemer fir d’Land an de Joren dono féieren. An dat ka jo net de Plang fir Lëtzebuerg sinn, deen een zesummen wéilt an d’Realitéit ëmsetzen, oder?


(Featured Image: CC 3.0Phasmatisnox)

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.