Als alleréischt Ried hate mer op d’Farewell Ried vum President Eisenhower zréck gekuckt. Haut, vru genee 222 Joer, sollt den George Washington deen éischte President ginn deen esou eng Ofschlossried ginn huet – zu senger Zäit nach als Bréif un d’Vollék, deen dunn an den Zeitungen verëffentlecht gouf.

Eigentlech wollt den George Washington dëse Bréif schonns 1792 verëffentlechen. Hie wollt ganz einfach keng 2. Amtsperiod als President an huet zesummen mam James Madison un esou enger “Ried” geschafft. Ma esou wäit sollt et net kommen. Op der enger Säit streiden sech säin Ausseminister, Thomas Jefferson, a säi Finanzminister, Alexander Hamilton, an droen dat och iwwert déi nei Parteien –  “Federalist” (fir Zentralisatioun; geleet vum Hamilton; haut: Republikaner) an “Democratic-Republican” (géint Zentralisatioun vun der US Politik; geleet vum Jefferson; haut: Demokraten) – aus. Op der anerer Säit ass een um Ënn vum 18. Joerhonnert an enger turbulenter Zäit. 1789 fänkt d’Revolutioun am Partnerland, Frankräich, un, déi dono, ënnert dem Robespierre, och d’Terreur an den Hexagon bréngt. Déi amerikanesch Politik fäert, dass och hire jonke Staat kéint ausernee briechen, falls de Washington schonns no enger Amtsperiod an d’Pensioun geet. Et sinn den Hamilton an den Jefferson, déi de fréieren Militärchef iwwerzeegen, fir awer nach weider ze maachen.

4 Joer méi speit wollt hien, no 20 Joer am Déngscht vu sengem Land, awer definitiv mat 64 Joer endlech e Schlussstrëch ënnert säin ëffentlecht Liewen zéien. Hien hëlt de Bréif vu 1792 nees aus sengem Tirang eraus a liest dee nach eemol duerch. Deen éischte Paragraph léisst de President esou stoen; déi aner gi geännert. En fait, freet hien den Alexander Hamilton fir villes vum Bréif ëmzeschreiwen. De Washington wëll zemools, dass dat Verbattert aus dem Text erauskennt. 

An dësem neien Deel erkläert den 1. President vun den USA seng politesch Philosophie. Hien huet sech Suerge gemaach, dass d’Unioun vun de Staaten enges Dags kéint opbriechen, well een sech op zevill lokal Klengegkeeten konzentréiert an doriwwer géif streiden. Et wier just eng Unioun vun de Staaten déi „méi Stäerkt, méi Resourcen, [an] proportional gesinn, méi Sécherheet vru Geforen“ géif bidden, wéi soss irgendee Staat oder eng Regioun dëst kéint alleng fäerdeg bréngen. „Your Union ought to be considered as a main prop of your liberty,“ sou de Washington weider.

Zwou weider Geforen sollt d’Land verhënneren: politesch Parteien, déi de Washington als gréisser Gefor fir d’Gesondheet vun der Natioun ugesinn huet, an aussepolitesch Militär-Allianzen. Auslännesch Natioune kéint een net trauen; si wéilte just hir eegen Interessen duerchsetzen, sou de Washington. D’USA sollt dann och gréisstendeels bis zum Ënn vum 2. Weltkrich dës Neutralitéitspolitik verfollegen – och wann „Monroe Doctrine“ hei e (regionalt) Géigebeispill duerstellt. 

Bis zum FDR an de 1930er a 1940er sollt sech ebenfalls all President un déi maximal 2 Amtsperioden halen, déi de Washington (ongewollt) virginn huet. Erréicht nom zweete Weltkrich, am Joer 1951, kennt d’Mandatslimit fir de President an d’US Verfassung stoen.

Bis an d’1970er gouf dës “Ried”/dëse Bréif all Joer um Gebuertsdag vum Washington (22. Februar) am US Kongress virgelies. An dir kennt se elo hei nolauschteren: 


“12 Rieden” ass eng Serie, déi am amerikanesche Wahljoer 2016 ugefaangen an elo fir d’Midterms weider gefouert gëtt. Si bléckt op op 12 Rieden, déi eng gréisser Roll an der amerikanescher an zum Deel der internationaler Geschicht gespillt hunn, zréck. All Kéiers um Joresdag vun der Ried geet e Post mat Erklärungen/Hannergrondinfos an dem Audio vun der Ried online.

Bis elo eraus:

(1) “D’Militär an dem Eisenhower seng Farewell Ried” (17. Januar)
(2) “E bluddege Sonndeg an e Meeschterwierk” (15. Mäerz)
(3) “Gëff mer d’Fräiheet oder gëff mer den Doud” (23. Mäerz)
(4) “E President op der Sorbonne. E Mann an der Arena.” (23. Abrëll)
(5) “E Mann vu Boston gëtt e Berliner” (26. Juni)
(6) “Sëlver ass dat bessert Gold” (9. Juli)
(7) “Och Fraen hu Rechter” (19. Juli)

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

4 Comments

  1. […] ass dat bessert Gold” (9. Juli) (7) “Och Fraen hu Rechter” (19. Juli) (8) “E puer Warnungen un d’Bierger.” (19. […]

    Reply

  2. […] ass dat bessert Gold” (9. Juli) (7) “Och Fraen hu Rechter” (19. Juli) (8) “E puer Warnungen un d’Bierger.” (19. September) (9) “A Time for Choosing” (27. […]

    Reply

  3. […] ass dat bessert Gold” (9. Juli) (7) “Och Fraen hu Rechter” (19. Juli) (8) “E puer Warnungen un d’Bierger.” (19. September) (9) “A Time for Choosing” (27. Oktober) (10) “Black Power a […]

    Reply

  4. […] ass dat bessert Gold” (9. Juli) (7) “Och Fraen hu Rechter” (19. Juli) (8) “E puer Warnungen un d’Bierger.” (19. September) (9) “A Time for Choosing” (27. Oktober) (10) “Black Power a […]

    Reply

Leave a reply to 12 Rieden (9): A Time for Choosing. – Oppenen Bréif Cancel reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.