[Geschate Lieszäit: 8 Minutten]

Et sinn elo nach manner wéi 100 Deeg bis zu de Kongresswahlen Ufank November. Wéi YouGov vrun e puer Wochen hir éischte Sëtzprojektioun – baséiert um Modell deen een och schonns bei de britesche Wahlen 2017 erfollegräich agesat hat & do virdrun erfollegräich beim EU Referendum an der Trump Wahl getest huet – fir d’Midterms am November erausginn huet, huet d’Resultat scho vereenzelt fir Erstaune gesuergt. D’Demokrate géifen, sou d’Nouvelle, am Repräsentantenhaus op 219 Sëtz kommen, während d’Republikaner “just” nach 216 Sëtz hätten. D’Projektioun hat eng Marge d’erreur vu 9 Sëtz. Dëse Weekend koum déi 2. Projektioun eraus, an d’Demokrate stinn elo bei 222 Sëtz. Dat heescht, béid Parteie kenne sech weiderhin Hoffnung maachen, d’Majoritéit d’nächst Joer ze hunn. An dat obschonns déi “normalen” (landeswäit) Ëmfroen d’Demokraten am Schnëtt mat 7% vir gesinn. Wéi kann een also kloër a Féierung leien an awer sech senger Victoire net secher sinn? Wëllkomm beim “Gerrymandering.”

All 10 Joer gëtt et an den USA eng Volkszählung. Staaten, déi e gréissere Populatiouns-Zouwuess gesinn hunn, kréie méi Sëtz am Repräsentantenhaus (an domat och méi Wahlleit bei der Presidentschaftswahl), während déi Staaten, déi manner Bierger wéi d’läschte Kéier hunn, nees Sëtz verléieren. D’Wahlbezierker an de 50 Staate mussen also all 10 Joer frësch gezu ginn. Déi nächst Volkszählung ass 2020. De nächsten “Redistricting” Prozess ass dann 2022 ofgeschloss.

 

6 Staaten, dorënner Montana, hu sou wéineg Awunner, dass si just 1 Repräsentant (an 2 Senatoren) zu Washington D.C. hunn. 4 Staaten, dorënner Kalifornien an Arizona, hunn eng onofhängeg Kommissioun, déi sech ëm de “Redistricting” Prozess këmmert. New Jersey huet eng politesch Kommissioun aus d’nämmlecht ville Vertrieder vum staatleche Parlament a vun der staatlecher Regierung ronderëm de Governor. An allen anere Staaten decidéiert dat staatlecht Parlament, wéi d’Wahlbezierker dat nächst Jorzéngt sollen ausgesinn. An deene meeschte Fäll muss de Governor zoustëmmen. E méigleche Veto kann awer a 5 Staaten vum Parlament nees ausser Kraft gesat ginn, ausser et lieft een zu Virginia. Am Commonwealth huet de Governor nämlech kee Recht drop, d’Wahlkaart déi d’Parlament opsetzt nees ofzeleenen.

An anere Wierder, a ville Staaten an den USA kennen d’Politiker d’Wahlbezierker fir sech (falls si an déi federal Politik wëllen ëmsteigen) respektiv fir hir Parteikollegen zéien. Dat ass zimlech praktesch fir déi, déi grad um Rudder sinn. D’Wahlnidderlag bei de Midterms 2010 huet et esou déi nächst 6 Joer fir de President Obama schwéier bis bal onméiglech gemaach, fir Projeten kennen ëmzesetzen. Et huet d’Repräsentantenhaus duerch dat sougenannt “Gerrymandering” praktesch fir ee Jorzéngt den Demokraten ewech geholl.

Mir huelen dat klassescht Beispill (via FairVote):

Fir et nach méi einfach ze maachen, stelle mer eis vir, et géifen einfach 60% vun den Awunner am Staat X als registréiert d’Demokraten zielen & 40% als registréiert Republikaner. Wann d’Demokraten am staatleche Parlament un der Muecht sinn, dierft deenen déi Variant vun de Wahlbezierker an der Mëtt am beschte gefaalen. Sollten, wéi d’läschte Kéier, d’Republikaner zu deem Zäitpunkt d’Majoritéit am Staat hunn, ass déi riets Variant ganz interessant. A kengem Fall huet sech d’Basis Zesummesetzung vum Staat geännert, mä eng Kéier gewënnt “Blo” an eng aner Kéier gewënnt “Rout.” Ween elo op déi Variant vu riets kuckt a mengt, dass esou komesch Wahlbezierker (Districts) net kennen a Wierklechkeet ginn…

Voilà! 

Dat ass de 4. Wahlbezierk vun Illinois, ee vun de komeschsten am ganze Land. E gëtt och nach “earmuffs” genannt. Et ass e secheren demokratesche Sëtz, op deem aktuell de Luis Guitérrez setzt.

Dëse Sëtz huet et schonns oft op de Programm vu Comedians gepackt; e.a. den John Oliver huet dësen District a senger Sendung bruecht. Wéi hien do richteg festgehalen huet, ass dësen “earmuffs” Distrikt aus eigentlech genee deene richtege Grënn vum Gerrymandering entstanen. An den “earmuffs” wunne nämlech gréisstendeels Latinos, während an & ronderëm “earmuffs” déi afroamerikanesch Communautéit wunnt. Den Gerrymandering erméiglecht et esou also, dass béid ethnesch Minoritéiten am Parlament kenne representéiert ginn. Mä esou Beispiller sinn an de läschte Joeren éischter d’Ausnahm ginn, déi d’Regel bestätegen.

71% vun den Amerikaner wënschen sech en Ënn vum aggressiven Gerrymandering Dat gesäit ee beispillsweis um extreme Beispill am North Carolina, wou d’Gerrymandering mat dozou bäigedroen huet, dass d’HB2 Gesetz (och nach: “bathroom bill” genannt), wat géint transgender Schüler*innen diskriminéiert huet, gestëmmt gouf. E federaalt Geriicht huet am Januar d’Wahlkaart am Staat als “verfassungswiddreg” ofgeleent. Dat sollt awer just den Ufank vun engem geriichtlechen Duerchernee sinn.

E Mount méi spéit nämlech huet d’Supreme Court vu Pennsylvania een historescht Urteel bekannt ginn: d’Wahlkaart, déi dach ferm de Republikaner am Staat ze gutt komm ass, ass “verfassungswiddreg” (hei: géint d’Verfassung vu Pennsylvania). D’Parlament krut just e puer Deeg Zäit, fir eng nei Wahlkaart anzereechen. No e puer Deeg Chaos hunn d’Riichter d’Saach selwer an d’Hand geholl an hir Wahlkaart presentéiert. Dës wäert schonns fir d’Midterms zielen – a bréngt den Demokraten wuel e Net Plus vu minimum 3-4 Sëtz. Am Juni dunn huet e federaalt Geriicht d’Wahlkaart am Virginia  als verfassungswiddreg deklaréiert, well et géint ethnesch Minoritéiten  (déi éischter fir d’Demokrate stëmmen) diskriminéiert. An dëse Mount huet dat staatlecht Supreme Court vu Michigan festgehalen, dass Republikaner & d’Chamber de Commerce am Staat falsch leien, an een anti-Gerrymandering Referendum am November wäert stattfannen. Falls d’Wieler dës Initiativ sollte gutt heeschen, géif och Michigan eng onofhängeg Redistricting Kommissioun kréien. Am Moment ass et an dësem Staat esou, dass dat staatlecht Parlament déi federaal an déi staatlech (also hir eegen) Wahlbezierker sëlwer zéien.

US Supreme Court bréngt e neien “Test” an d’Spill

Am Mäerz hat sech dann dunn och dat iewescht Geriicht vum ganze Land mat 2 weidere Fäll beschäftegt. D’Demokraten am Staat Wisconsin (2012 hu si zwar méi Stëmme kritt gehat, mä hire politesche Géigner krut 60 vu 99 Sëtz) souwéi d’Republikaner vu Maryland (37% vu Stëmmen 2016 kritt, mä just 1 vun den 8 Sëtz) hu géint den Gerrymandering vum politesche Géigner geklot. Ier d’Riichter*innen hir Entscheedung am Juni bekannt ginn hunn, hate sech an enger Ëmfro fir FairVote  71% vun den Amerikaner dofir ausgeschwat, dass d’Supreme Court déi extrem politesch Gerrymandering Taktik stoppt. Kaffeesatzleserei no den Oral Arguments am Mäerz huet awer scho net gutt fir d’Géigner vun dëser politescher Strategie ausgesinn. Am Juni koum dunn d’Decisioun vun de 9 wichtege Leit, a si hu sech a béide Fäll net géint Gerrymandering entscheed. Am Wisconsin – de gréissten a wichtegste Fall – huet een iwweraschend mat 9-0 entscheed, dass d’Demokraten am Staat net direkt e “legal standing” hätten, fir géint d’Wahlkaart ze kloen. Den Chief Justice Roberts, deen d’Uerteel geschriwwen huet, huet een Test agefouert – et muss een a bestëmmte Wahlbezierker kloer noweise kennen, dass et wéinst dem Gerrymandering méi schwiereg ass/war, fir säi Kandidat/Kandidatin gewielt ze kréien. Ob dës politesch Taktik awer wierklech legal ass, huet d’Geriicht (dës Kéier) net (wëllen) decidéiert(/decidéieren).

Hir Decisioun huet awer och geheescht, dass dat uewe beschriwwent federaalt Urteel vum Januar am North Carolina nees ausser Kraft gesat gouf. Dat ënnescht Geriicht soll, baséiert op dësem neien Test, eng nei Decisioun huelen, sou d’Supreme Court. D’League of Women Voters, déi mat géint déi Wahlkaart geklot huet, erhofft sech nach an de nächste Wochen eng Entscheedung vun de Riichter. Ob dëst awer geschidd, an eng nei Wahlkaart fir d’Midterms schonns a Kraft wier, dierft haut zumindest ugezweifelt ginn.

Egalwat nach a North Carolina geschidd, dat ganzt Land wäert definitiv keng nei Wahlkaarten a manner wéi 100 Deeg hunn. An esou mussen d’Demokraten eben dësen Hierscht vill méi Stëmmen wéi d’Republikaner wannen, falls si d’Kontroll am Repräsentantenhaus wëllen iwwerhuelen. Dat ass den “Ist”-Zustand an deem sech d’Partei eben zënter 2010 befënnt. Oder, fir et anescht auszedrécken: am Duerchschnëtt ass e Wahlbezierk/Distrikt fir d’Repräsentantenhaus am Moment 4% méi republikanesch wéi déi landesweit Moyenne. Et huet een deemno direkt scho vrun de Wahlen e Réckstand opzehuelen. (Do muss ee mol guer net dovunner schwätzen, dass d’Wielerschaft vun den Demokraten normalerweis zimlech gären d’Midterms aussetzt – wou éischter wäiss & aal Matbierger an d’Wahlkabinne ginn.) Eenzege Liichtbléck fir d’Demokraten ass wuel, dass hir Basis zënter dem November 2016 op dës Midterms waart, wéi op bal keng zweet, an esou besteet langfristeg och d’Méiglechkeet, fir dass e.a. déi Governors a (verschidde) staatlech Politiker*innen, déi am November villäicht dank esou enger méiglecher “bloer Well” gewielt ginn, beim nächste “Redistricting” mat decidéieren.

Merrygoround.

 


UPDATE (28. August; 2. September): E federaalt Geriicht am North Carolina huet seng Entscheedung vu vrun e puer Méint bestätegt. An anere Wierder: déi aktuell Wahlkaart packt de neien Test net, deen d’US Supreme Court am Juni virginn huet. D’Demokraten an d’League fo Women Voters, déi zesumme geklot hunn, hunn awer dem Geriicht elo gesot, dass ee keng Zäit méi hätt, fir nei Wahlbezierker fir d’Midterms am November ze zeien. Elo läit et dann un de Riichter – déi awer schonns ugedeit hunn, kee Problem domatter ze hunn, fir déi aktuell Wahlkaart ausnahmsweis fir dës Wahle nach eemol stoen ze loossen. 

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

One Comment

  1. […] z’iwwerhuelen. Ee vun hire Géigner ass den extreme politeschen Gerrymandering, deen ech hei kuerz erkläert hunn. E weidere “Géigner” ass, dat muss een esou däitlech soen, hir […]

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.