Haut vru grad emol 170 Joer treffen sech fir déi éischte Kéier iwwerhapt d’Leit fir eng Fraenrechter Convention. Dës fënnt zu Seneca Falls am US Staat New York statt a sollt den Ufank vun enger ganzer Serie Conventions iwwert d’Rechter vun de Fraen sinn.

Den Event dauert 2 Deeg a beschäftegt sech nieft e puer Rieden haptsächlech mat der Declaration of Sentiments, an hei ganz besonneg mam Artikel iwwert d’Wahlrecht fir Fraen. Dës Deklaratioun, déi sech un der Onofhängegkeets Deklaratioun vu 1776 inspiréiert, hält e.a. fest:

„We hold these truths to be self-evident: that all men and women are created equal; that they are endowed by their Creator with certain inalienable rights; that among these are life, liberty, and the pursuit of happiness; that to secure these rights governments are instituted, deriving their powers from the consent of the governed. (…) The history of mankind is a history of repeated injuries and usurpation on the part of man toward woman, having in direct object the establishment of an absolute tyranny over her.“

No heftegen Debaten iwwert d’Wahlrecht, wat en Deel vun de Leit net well an d’Deklaratioun schreiwen, ass et zemools de Frederick Douglass, Afro-Amerikaneschen Sozialreformer an e berühmten Spriecher dee wousst d’Rhetorik anzesetzen, deen mat enger Ried dëse Punkt an der Deklaratioun hält. Si sollt herno vun 100 vun den 300 Delegéierten ënnerschriwwe ginn; ënnert de Signatairen sinn och 32 Männer.

Zum Optakt vun dëser berühmter Convention, déi de Startschoss fir Fraerechter an den USA – politesch, economesch, sozial a moralesch – bedeit gëtt d’Elizabeth Cady Stanton hir Ried. Si, déi dës Convention mat enger Rëtsch Quaker op d’Been stellt, wor déi Fra déi de Punkt vum Wahlrecht fir d’Fraen an déi ursprünglech Deklaratioun dra gesat huet. Dëst huet e.a. hire Mann Henry, een Affekot a Politiker, op d’Palm bruecht. Hie wor géint d’Wahlrecht fir Fraen a well e selwer fir e politescht Amt kandidéiere wollt, huet hie seng Fra net mat op Seneca Falls begleet; hien wollt net mat esou engem onpopulären Thema a Verbindung bruecht ginn.

E puer Joer no der Convention grënnt d’Stanton mam Susan Anthony d’National Woman Suffrage Association, déi sech haptsächlech fir d’Wahlrecht fir Fraen asetzt. 1890 sollt déi sech mat der American Woman Suffrage Association zesummen doen an d’National American Woman Suffrage Association grënnen. Hir Memberszuel sollt op 2 Milliounen eropgoen, wat et zur gréisster fräiwelleger Organisatioun vun de ganzen USA gemaach huet, an och dowéinst huet se 1920 eng gréisser Roll gespillt fir d’Wahlrecht fir Fraen an d’Verfassung ze setzen. Um läschte Meeting vun der Associatioun am Joer 1920, grënnt d’Carrie Chapman Catt dunn d’League of Women Voters. Dës Organisatioun sollt 1976 – 16 Joer no deem läschten ëffentlechen Debat an engem US Presidentschaftswahlkampf – dräi TV Debaten tëschent dem Demokrat Jimmy Carter an dem Republikaner Gerald Ford organiséieren. Och d’TV Debaten 1980 an 1984 sollte vun der League of Women Voters organiséiert ginn, ier dës Debaten ab 1988 vun enger onofhängeger Organisatioun (an där awer just Demokraten a Republikaner setzen) komplett organiséiert ginn ass.

Ouni Seneca Falls, ouni d’Elizabeth Cady Stanton an all déi Fraen a Männer déi sech vrun 170 Joer fir eng ekonomesch, politesch, sozial a moralesch Gläichberechtegung agesaat hunn, hätt d’Land ganz kloër eng aner Richtung am 19., 20. an 21. Jorhonnert ageschloen… an dëst eben och an hirem Wahlkampf.

Lauschtert a liest d’Ried vum Stanton nach eemol hei.

 


“12 Rieden” ass eng Serie, déi am amerikanesche Wahljoer 2016 ugefaangen an elo fir d’Midterms weider gefouert gëtt. Si bléckt op op 12 Rieden, déi eng gréisser Roll an der amerikanescher an zum Deel der internationaler Geschicht gespillt hunn, zréck. All Kéiers um Joresdag vun der Ried geet e Post mat Erklärungen/Hannergrondinfos an dem Audio vun der Ried online.

Bis elo eraus:

(1) “D’Militär an dem Eisenhower seng Farewell Ried” (17. Januar)
(2) “E bluddege Sonndeg an e Meeschterwierk” (15. Mäerz)
(3) “Gëff mer d’Fräiheet oder gëff mer den Doud” (23. Mäerz)
(4) “E President op der Sorbonne. E Mann an der Arena.” (23. Abrëll)
(5) “E Mann vu Boston gëtt e Berliner” (26. Juni)
(6) “Sëlver ass dat bessert Gold” (9. Juli)

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

3 Comments

  1. […] e Berliner” (26. Juni) (6) “Sëlwer ass dat bessert Gold” (9. Juli) (7) “Och Fraen hu Rechter” (19. Juli) (8) “E puer Warnungen un d’Bierger.” (19. September) (9) […]

    Reply

  2. […] e Berliner” (26. Juni) (6) “Sëlver ass dat bessert Gold” (9. Juli) (7) “Och Fraen hu Rechter” (19. Juli) (8) “E puer Warnungen un d’Bierger.” (19. September) (9) […]

    Reply

  3. […] e Berliner” (26. Juni) (6) “Sëlver ass dat bessert Gold” (9. Juli) (7) “Och Fraen hu Rechter” (19. Juli) (8) “E puer Warnungen un d’Bierger.” (19. September) (9) […]

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.