Haut vrun 122 Joer. Op der Demokratescher Convention zu Chicago. 14 Auer. Et ass d’Gebuertsstonn vum William Jennings Bryan.

Anescht wéi haut sinn et deemols an den USA nach keng richteg Virwahle ginn; de Presidentschaftskandidat gouf op de Parteideeg decidéiert. Ee vun de Kandidaten sollt 1896 de Bryan sinn. Hien gëlt als hoffnungslose Kandidat, dee mat ganz wéineg Support op Chicago fiert.

1896 hunn d’Demokraten mam Grover Cleveland de President gestallt. (De Cleveland zielt offiziell iwwerengs als 22. an 24. US President; hien hat keng 2 successiv Amtsperioden. Et ass dat de Grond firwat bspw. den Donald Trump zwar de 45. President ass, awer just déi 44. Persoun déi US President gouf). Trotzdem rumouert et an der Partei. D’Depressioun vun 1893 vergréissert den Debat innerhalb vun der Partei iwwert d’Aféierung vum Gold Standard. Um Ënn vum 19. Joerhonnert gëtt et praktesch keen gréisseren Debat an der amerikanescher Politik, wéi deen vun der Währung. D’USA sinn zwar eigentlech zënter 1873 un d’Gold gebonnen, mä offiziell (an am vollen Ëmfang) sinn se et awer nach net.

D’Majoritéit vun den Amerikaner war dofir Gold an Sëlver ze benotzen. De President Cleveland gesäit dat anescht. Hien ass fir de Gold Standard a probéiert seng Partei vergebens dovunner z’iwwerzeegen. Parteileit organiséieren sech, wëllen onbedéngt e Kandidat fir d’Presidentschaft deen och d’Sëlver ënnerstëtzt. Hei koum de Bryan an d’Spill. Hie gëtt zum Schluss vun der Convention eng packend Ried iwwert Gold a Sëlver Standard. “You shall not crucify mankind upon a cross of gold,” seet hien zum Schluss, wat der Ried säin inoffiziellen Titel gëtt. No der Ried droen d’Delegéierten vun de Parteideeg de Bryan op hire Schëlleren duerch de Salle. De Mann vu Nebraska, dee Jore méi spéit, ënnert dem President Woodrow Wilson, zum Ausseminister vun den USA opsteigt, kritt d’Nominatioun vu senger Partei fir d’Presidentschaftswahlen.

Déi Wahl sollt hien dann awer géint de Republikaner William McKinley verléieren, an d’USA huelen de Gold Standard, deen eng ganz prominent Roll an den zwee Weltkricher sollt spillen, offiziell un.

Lauschtert d’Ried vum Bryan, déi d’Historiker als eng vun de gréissten an der amerikanescher Geschicht bezeechnen, nach eemol hei: 


“12 Rieden” ass eng Serie, déi am amerikanesche Wahljoer 2016 ugefaangen an elo fir d’Midterms weider gefouert gëtt. Si bléckt op op 12 Rieden, déi eng gréisser Roll an der amerikanescher an zum Deel der internationaler Geschicht gespillt hunn, zréck. All Kéiers um Joresdag vun der Ried geet e Post mat Erklärungen/Hannergrondinfos an dem Audio vun der Ried online.

Bis elo eraus:

(1) “D’Militär an dem Eisenhower seng Farewell Ried” (17. Januar)
(2) “E bluddege Sonndeg an e Meeschterwierk” (15. Mäerz)
(3) “Gëff mer d’Fräiheet oder gëff mer den Doud” (23. Mäerz)
(4) “E President op der Sorbonne. E Mann an der Arena.” (23. Abrëll)
(5) “E Mann vu Boston gëtt e Berliner” (26. Juni)

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

One Comment

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.