[Geschate Lieszäit: 11 Minutten]

D’Theresa May ass eng Zort Politikerin, déi all d’Informatioune wëll um Dësch leien hunn, ier se eng Entscheedung trefft. Et ass dat de Grond, firwat et an de Verhandlunge mat der EU esou lues weider gaangen ass. Bréissel huet schliisslech ëmmer just op aal Modeller higewissen, déi dem Vereente Kinnekräich géifen zur Verfügung stoen – EEA Memberschaft (wéi Norwegen), noutfalls EFTA (wéi Schwäiz), soss e normale Fräihandelsaccord (wéi Kanada). Et géif keng aner Méiglechkeete fir London ginn, huet et geheescht. Dobäi huet ee natierlech gären all dat ignoréiert, wat d’EU bis elo ausgemaach huet – (faul?) Kompromësser. Norwegen ass, genee wéi Liechtenstein, Member am Bannemaart/EEA mä si hunn allen 2 komplett verschidden Accorde mat Bréissel. D’Schwäiz huet souwisou aner Accorde, genee wéi déi ganz kleng Staaten. Och ënnert dëse Mini-Staaten ginn et ferm Ënnerscheeder: Monaco ass beispillsweis an der Eurozone an de facto am Schenge Raum, während Andorra zwar den Euro benotzt awer net am Schenge Raum ass; d’EU Zollunioun herrscht zu engem Deel och an Andorra, ganz a Monaco, a guer net a Liechtenstein.

Secher ass dat Vereente Kinnekräich net direkt mat esou Staaten ze vergläichen, mä e wichtegen Deel vun deem Land awer schon – Nordirland.

Béid Säite wëlle keng Grenz op der irescher Insel. Dat huet een och am Accord am Dezember festgehalen. Den Artikel 49 a 50 solle festschreiwen, wat geschitt, falls de UK nom Ënn vun enger Transitiounsperiod aus der Zollunioun a Bannemaart austrëtt an et nach keng Léisung gëtt, fir d’Installatioun vu Grenzposte mat Irland ze verhënneren. Den aktuelle Problem an de Gespréicher besteet doranner, dass London (a Belfast) deen Accord anescht liese wéi Bréissel (an Dublin).

Obwuel dat esou net am Accord steet, ass et fir d’Europäesch Unioun kloër, dass just Nordirland dann quasi am Bannemaart an an der Zollunioun bleift (méi präzis: Nordirland an all deenen Deeler vu Bannemaart an Zollunioun bleift déi dofir suergen, dass et keng Grenzposte muss ginn). Et géif deemno „just“ eng Grenz am Irish Sea, tëschent Nordirland a Groussbritannien, entstoen. Dat ass inakzeptabel fir d’Theresa May, fir déi pro-britesch, nordiresch DUP – déi zu London d’Minoritéitsregierung ënnerstëtzt –, a fir de ganze Recht vun der britescher Politwelt. Et wäer, an hiren Aan, e „land grab“ vun Dublin an der Europäescher Unioun. Jo, souguer déi laangfristeg Sécherheet op der irescher Insel gesi verschidde Brexit Supporter esou a Gefor. Déi nordiresch Bauere beispillsweis misste sech an esou engem Fall weider un EU Regelen a Reguléierungen halen, déi hir Regierung – ob déi regional zu Belfast oder déi national zu London – a kengerweis kéint beaflossen oder zumindest richteg/muechtvoll kommentéieren. Deen eenzegen Uspriechpartner dee Nordirland iwwerhapt zu Bréissel da nach hätt wier… den iresche Premier/Taoiseach.


Eng kleng, awer wichteg, Klausel am Good Friday Agreement

Dass pro-iresch Leit a Nordirland domat kee Problem dierften hunn ass kloër, mä de Good Friday Agreement, mat deem d’Gewalt op der irescher Insel vrun 2 Joerzéngten op en Ënn gaangen ass, hält awer fest, dass…

It is the birthright of all people of Northern Ireland to identify themselves and be accepted as Irish or British, or both, as they may so choose, and accordingly [the two governments] confirm that their right to hold both British and Irish citizenship is accepted by both Governments and would not be affected by any future change in the status of Northern Ireland.

De Good Friday Agreement huet domat eng „dual citizenship“ geschaaf. Dat war e ganze einfache Prozess, sou laang béid Länner och Membere vun der EU waren. Um Brexit Dag – ob 2019 (offiziell) oder 2021 (aktuell proposéiert Transitioun) – wier et dann awer elo och d’Recht vu Nordiren, fir sech entweder als britesch/net-EU Bierger ze gesinn oder als iresch/EU Bierger, „oder béides,“ a béid Regierunge mussen dat och akzeptéieren. Mat der Decisioun vum Vereenegte Kinnékräich aus der EU auszetrieden bedeit dat elo och, dass Bréissel dat och misst akzeptéieren – wat een am Dezember och esou festgehalen huet.

An domat si mer och nees bei deene bekannten Artikele 49 a 50. Déi kann een esou liesen, dass, am Fall wou eng speziell „Zoll Partnerschaft“ (bis vru Kuerzem dem May säi Favorit, „customs partnership,“ wou de UK den Zoll fir d’EU27 géif erhiewen an u Bréissel schécken) oder de „Max-Fac“ (Brexiteers hire Favorit wou Technologie/Kamera’en eng Grenz „bal“ onméiglech maachen) net um Brexit Dag prett ass, dat ganzt Vereente Kinnekräich sech muss un d’EU Bannemaart an Zollunioun Regelen halen, déi de fräie Mouvement vun de Bierger op der irescher Insel garantéieren. Dat ass jiddefalls wéi London (a Belfast) den Accord liest.

Eng méiglech Léisung am Sträit kéint deemno sinn, dass nordiresch Bierger, am Accord mam Good Friday Agreement, weider och kennen EU Bierger sinn a sech fräi op der irescher Insel (an am Recht vun der EU) kenne beweegen an, wa méiglech, aner EU Bierger sech och fräi kennen a Nordirland beweegen. De fräie Mouvement fir Leit aus de 27 wier da fir déi groussbritannesch Insel gestoppt. Well awer London esou eng Propos fir d’Bierger ni alleng géif ëmgesat kréien, an een onbedéngt weider gudden Accès op de Bannemaart fir Gidder muss hunn (well e selwer net vill Gidder/Produiten hirstellt), ass d’Theresa May wuel bereet am Échange den EU Bierger een „preferential treatment“ ze ginn, wat d’Awanderung a Groussbritannien ugeet. Dat hat schonns d’Ex-Inneministesch, Amber Rudd, an de Brexit Minister, David Davis, vru Méint ugedeit. An esou engem Fall géif och d’Argument fir Grenzkontrollen op der irescher Insel duerchzeféieren vill méi kleng ginn, respektiv ganz ewech falen.

Fir d’EU géif dat bedeiten, dass een, fir déi alleréischte Kéier an dëse Verhandlunge, misst iwwert eng vu senge „roude Linne“ sprangen. D’Indivisibilitéit vum Bannemaart (aus Gidder an Servicer) an domat d’Indivisibilitéit vun de 4 Fräiheeten, dorënner eben de fräie Mouvement vun de Bierger, misst een an dësem Fall opginn. Dat huet een awer och schonns an der Vergaangenheet (zähneknirschend) gemaach gehat, beispillsweis (zu engem Deel) mat der Schwäiz a komplett mat Liechtenstein.


D’Zäit spillt elo och fir London

Um Sommet am Juni soten d’EU Staats- a Regierungschefs direkt, dass eng Memberschaft fir Gidder net méiglech wier. Mä d’Auer tickt genee esou séier géint de UK, wéi géint d’EU27. Dat schéngen elo och verschidden EU Staaten ufänken ze gesinn. D’Theresa May ass schliisslech, trotz all hire Feeler, nach ëmmer eng vun de pragmateschste Persounen an der konservativer Partei. Falls een och esou eng Propose, vun där d’May hir ganz Regierung elo um Freideg wuel wëll iwwerzeegen, ouni eng Kéier driwwer nozedenken ausschléisst, riskéiert Bréissel eng ganz aner Persoun an d’Number 10 ze kréien a setzt domat d’Wahrscheinlechkeet vun engem „no deal“ Szenario ferm an d’Luucht. Dee géif zwar dat Vereente Kinnekräich ekonomesch méi haart treffen wéi déi Europäesch Unioun (bis op Irland), mä een „hard Brexiteer“ an der Number 10 am Mäerz d’nächst Joer an d’EU ka selwer kucke, wéi een eng Grenz mat Nordirland opgebaut kritt & een dat da mam Good Friday Agreement kéint veräntweren. Well Rees-Mogg, Gove, Hoey a co. soe schonns zënter Méint, dass een, och am Fall vun engem „no deal,“ keng Grenz als britesch Regierung do soll opbauen; dat wier schliisslech just e „Schutz“ fir d’EU an hire Marché, an domat hätt de UK, deen dann ëm d’Sécherheet op der irescher Insel besuergt ass, da näischt méi ze dinn.

D’Zäit spillt deemno, wat een ëmmer méi no un de Brexit Dag kennt, och fir London. Dat kéint déi ganz lues Verhandlungen am Joer 2018 erkläeren. Jo, et kéint een et souguer bal als britesch Verhandlungstaktik ugesinn. An déi Europäesch Unioun huet de Brexit Leit net méi spéit wéi d’läscht Woch dat gewisse, wat si vun hir denken: an enger Marathonsetzung goufen op eemol Léisungen ugeholl, déi ee virdru nach als inakzeptabel ofgeleent huet. „Et wier e Fiasko, wa mer et haut net fäerdeg bréngen, de Message eraus zekréien dass Dublin muss reforméiert ginn (…),“ sou de Premier Xavier Bettel vrum EU Sommet zu Bréissel, dee wéinst dem Horst Seehofer an enger méiglecher Chute vum Angela Merkel urplötzlech zu engem Flüchtlingssommet ginn ass. D’Zil zu Bréissel war deemno ganz kloër: Haptsaach een Accord.

Dem David Cameron säin EU Ambassador, Sir Ivan Rogers, dee ganz gutt zu Bréissel ugesinn war an ass, huet vrun e puer Wochen an enger grousser Ried zu Glasgow, déi ganz vill Opmierksamkeet an de britesche Medie fonnt huet, d’Situatioun esou zesumme gefaasst:

If the option now exists of the UK aligning itself more permanently regulatorily on goods, and staying in both a Customs Union and having quasi Single Market membership, paying something for it, living under ECJ jurisprudence and jurisdiction in goods, but disapplying the fourth fundamental freedom, free movement of people, the EU faces the decision as to whether this is an unacceptable option sundering indivisible freedoms and offering something too close to membership advantages to a non-member. Or whether it’s rather a good deal for the EU with a major strategic partner. With the added advantage of providing far more continuity in the sectors in which you have a surplus with the UK than those in which you have a deficit – notably key services sectors.

Wann ee seng eege rout Linn iwwerschratt huet, esou fäert d’EU, wäerten aner Memberstaaten (oder EEA Memberen) dann ähnlech Accorde mat Bréissel wëllen aushandelen. Dat ass verständlech. Mä ob d’Europäesch Unioun, wann een dem Brexit muss an d’Aa kucken, wann ee schonns eng Firma muss engagéieren fir eng Grenz op e Polverfaas ze bauen, net als éischt wëll alénken? Et huet ee, wéi ufanks erwähnt, ëmmer nees „Pandora’s box“ a Verhandlunge mat Net-Memberen opgemaach. Esou vill wier dës neiste Propose vu London net vun der Optioun ewech, déi den EEA Accord all senge Membere gëtt – notamment d’Recht fir an aussergewéinlechen Zäiten unilateral 1 vun de 4 Fräiheeten ausser Kraft setzen… ouni dofir aus dem Bannemaart ze fléien (Artikel 112(1)). Bis elo hunn d’Muechtverhältnisser zu London Brexit Observateuren am meeschten interesséiert, villäicht sinn déi zu Bréissel (an an den EU27) an der 2. Hallschent vun dëse Verhandlunge minimum genee esou wichteg. Oder, fir de Sir Rogers nach eemol ze zitéieren, “We are now at a point where reality starts to bite on all sides.“


Featured Image: 1968 Strabane Northern Ireland, Ulster (License: cc 2.0 henrikjon)

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Google photo

You are commenting using your Google account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.