[Geschate Lieszäit: 9 Minutten]

It is so ordered.

Dat sinn déi villäicht véier muechtvollste Wierder an der amerikanescher Politik. Si kommen zum Schluss vun enger Entscheedung vum Geriicht, an hu natierlech zemools beim US Supreme Court déi gréisste Wierkung. D’Entscheedunge vum ieweschte Geriicht setzt d’Politik vum Land fest. Et war d’Supreme Court, wat d’Segregatioun mat Brown v Board of Education beispillsweis a Schoulen op en Enn bruecht huet. Et war d’Supreme Court, wat mat Roe v Wade Schwangerschaftsofbréch an den USA legaliséiert huet. Et war d’Supreme Court, wat mat Romer v Evans homo- a bisexuelle Leit legal Protektioune ginn huet. Et war d’Supreme Court, wat mat Bush v Gore d’Wahle vun 2000 entscheed huet. Et war d’Supreme Court, wat mat Obergefell v Hodges de gläichgeschlechtleche Mariage erlabt huet. Et war d’Supreme Court, wat mat Shelby County v Holder Deeler vum Civil Rights Act nees ausser Kraft gesat huet.

D’Muecht vum ieweschte Geriicht ass grouss, ganz grouss. Eng Decisioun vun de 9 Riichtere ka just an zwee Fäll nees réckgängeg gemaach ginn: d’Land ännert seng Verfassung (wat 2/3 am US Kongress an 3/4el vun den US Staate missten decidéieren) oder dat iewecht Geriicht hëlt seng Entscheedung nees zréck.

Esou een “overruling” ass an der Geschicht vun den USA nach net esou oft virkomm. Trotzdem war beispillsweis Lawrence v Texas am Joer 2003, wat gläichgeschlechtleche Geschlechtsverkéier an alle 50 Staate legaliséiert huet, een “overruling” vu Bowers v Hardwick aus dem Joer 1986. Net méi spéit wéi dës Woch huet d’Geriicht mat Janus v AFSCME eng Decisioun vu 1977 (Abood) nees réckgängeg gemaach, déi festgehalen hat dass Leit am ëffentlechen Déngscht kenne verpflicht ginn, fir Memberschaftsgebühr un d’Gewerkschaft vum ëffentlechen Déngscht ze bezuelen. Een “overruling” ass dowéinst nach déi einfachste vun den zwou Méiglechkeeten, wann ee net mat enger Entscheedung vun de Riichter*innen averstaanen ass.

 

Fraen an 33 Staate riskéieren e Basis-Recht ze verléieren

Dat ass och de Wee, deen déi rietskonservativ, reliéis Géigner vun der Ofdreiwung no Roe v Wade am Joer 1973 geholl hunn. Et ass wuel dat gréissten Zil vun dësem klénge nationale Grupp, deen an der republikanescher Partei eng gréisser Präsenz huet, fir endlech ze liesen: “Roe was wrongly decided and is now overruled.” Fir dëst kennen an d’Realitéit ëmzesetzen hunn de Géigner vum Schwangerschaftsofbroch jorelaang just 1 Stëmm um Supreme Court gefeelt. Nom plötzlechen Doud vum erzkonservativen Riichter Scalia am Februar 2016 huet déi grouss Gefor bestanen, dass den Obama – deem dee Sëtz zoustoung – d’Muechtverhältnisser op dësem (an anere Punkter) no lénks géif zéien. Wuel wëssend dass d’Parteibasis vun de Republikaner bei engem Riichter Sëtz géifen aktiv an de Wahle ginn, huet de Chef vun de Republikaner am Senat, Mitch McConnell, kuerzerhand decidéiert, fir eng nei Regel z’erfannen: an engem Wahljoer dierf de President kee Supreme Court Riichter nominéieren, bis d’Leit net hire neie Kongress gewielt hunn. Et war de Sëtz um Supreme Court, deen d’Republikaner an de läschten Deeg a Stonnen vrum Wahldag 2016, trotz de rietsextremen a fraefeindlechen Aussoen vum Donald Trump, nees zréck bei hire Kandidat bruecht hunn. D’Resultat ass bekannt. D’Clinton, wat de Supreme Court praktesch ni am Wahlkampf ugeschwat huet, verléiert, an de “geklautene Sëtz” geet un de Neil Gorsuch, een erzkonservativen a ganz jonken Riichter. (Federal Riichter ginn op Liewenszäit benannt.)

Et huet also nees just e Sëtz gefeelt. Et huet de Sëtz gefeelt vum Anthony Kennedy, déi läscht moderat Stëmm um ieweschte Geriicht. Hie gouf 1987 vum Ronald Reagan nominéiert, nodeems den Joe Biden an Ted Kennedy (keng Relatioun mam Anthony Kennedy) am US Senat géint de Robert Borkdéi eigentlech Propos vum President, erfollegräich ugekämpft haten. “Robert Bork’s America is a land in which women would be forced into black-alley abortions,” sou den demokratesche Senator Ted Kennedy a senger berühmter Ried, Minutte nodeems de Reagan säin (éischte) Mann nominéiert hat. Am Anthony Kennedy sengem Amerika war dat net de Fall. Hien huet sech ëmmer nees op d’Säit vun de Fraerechter (e.a. Planned Parenthood v Casey) gestallt gehat. De Mann, deen dëse Mount 82 Joer kritt, geet dann elo an d’Pensioun. E Republikaner, dee beléift bei der erzkonservativer Basis ass, mat engem op Muecht orientéierten Senat Chef McConnell – dee seng eege Regel vun 2016 nees geännert huet a sou fern, dass e President während engem Midterm Joer natierlech scho kann e Kandidat nominéieren – an dem Réckzuch vun der läschter Defense fir dëst Basis-Fraerecht; et ass, fir d’Evangelikaner, wéi wa Chrëschtdag an Ouschteren op een Dag géife falen.

Den Donald Trump wäert mat grousser Wahrscheinlechkeet een erzkonservativen, a ganz jonke, Riichter nominéieren. D’Demokrate kennen am Senat dës Persoun net stoppen, well si mat 49 Leit (dorënner och ganz konservativ Demokraten, déi duerchaus kéinte, wéi beim Vote iwwert de Neil Gorsuch d’läscht Joer, d’Säit wiesselen) an der Minoritéit sinn. Et schéngt deemno kloër, dass an e puer Méint 5 konservativ bis erzkonservativ Riichter um Supreme Court setzen. Da brauch et just 1 konservative Staat, deen d’Ofdreiwung géif verbidden. Eng Fra klot vru Geriicht dogéint. An 1. Instanz kritt d’Fra wéinst dem Roe v Wade Urteel Recht. De Staat geet an Appel a verléiert och an 2. Instanz wéinst dem berühmte Supreme Court Urteel. De Staat zitt doropshi vrun d’US Supreme Court, wat mat 5-4 entscheed, dass Roe an de 1970er falsch war & eenzel Staaten, falls si dat esou wëllen, d’Ofdreiwung nees kenne verbidden. Wéinst sougenannten “trigger laws” wäert um Dag vun där Entscheedung Schwangerschaftsofbréch an 33 US Staaten illegal ginn. 

All dat zielt och fir aner Entscheedungen, wéi déi vum Mariage fir gläichgeschlechtlech Koppelen oder déi dass de federale Staat e legale Mariage vun esou enger Koppelen iwwerhapt misst unerkennen (Windsor). De Kennedy war schliisslech den Auteur vun all pro-LGBT Urteel – vu Romer bis Obergefell. Et ass net unzehuelen, dass den Donald Trump, deen der LGBTQIA+ Community méi no steet wéi säi Vize (de President mécht selwer alt emol gären de Geck domat, dass de Mike Pence jo Homosexueller well erhänken), bei der Selektioun vum nächste Riichter awer wëll secher stellen, dass dës “Reebou”-Rechter bäi behale ginn. Nee, den Donald Trump wëll gewannen – sou wéi hien dat dës Woch, och dank dem Neil Gorsuch, mat sengem “Travel Ban”/”Muslim Ban” fäerdeg bruecht huet.

 

Dem Roosevelt seng Drohung als “Auswee?”

Wat bleift do nach fir progressiv Leit? Just nach eng eenzeg Méiglechkeet, déi ee wierklech kéint ëmzesetzen. Nee, eng Verfassungsännerung wier, zemools op dëse liberale Punkten, ausgeschloss. Nee, méi eng staark Präsenz an de staatleche Parlamenter ze hunn wier zwar gutt fir hir Politik, mä géif dës Themen net wierklech flächendeckend ëmsetzen. Déi läscht Optioun ass d’Ëmsetzung vun enger Drohung, déi den Franklin D Roosevelt am Kampf fir d’Ëmsetze vu sengem “New Deal” gemaach huet: packing the Court. Et steet néierens festgeschriwwen, dass et “just” 9 Riichter*innen um Supreme Court dierfte ginn. Een demokratesche President kéint also mat enger ganz einfacher Majoritéit am Senat d’Zuel op 11 eropsetzen, a schonns hätt hir politesch Säit eng Victoire vu 6-5 op all dësen Themen.

Et ass den Horror-Szenario fir all moderat Persoun, fir all Leit déi u staark an onofhängeg Institutioune gleewen. Et géif dat iewescht Geriicht definitiv zu engem politesche Spillball maachen, bei deem all 4 oder 8 Joer d’Zuel vun de Riichter klëmmt. Mä et wier eng logesch, wann och extrem traureg a geféierlech, Konsequenz aus der Decisioun vum Mitch McConnell 2016, fir esouguer dem President Obama sengem zentristesche Kandidat, Merrick Garland, mol keng Unhéierung am Senat ze ginn. An de läschte Joeren hunn déi moderat Kräften an der (amerikanescher) Politik et ëmmer méi schwéier kritt; villäicht ass d’Ënn vun engem zentristeschen a politesch eegestännege Geriicht do – leider – just e weidere konsequente Schrëtt vun enger “hyperpolariséierter/hyperpartisan” Gesellschaft.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

4 Comments

  1. […] vun dëser politescher Strategie ausgesinn. Am Juni koum dunn d’Decisioun vun de 9 wichtege Leit, a si hu sech a béide Fäll net géint Gerrymandering entscheed. Am Wisconsin – de gréissten […]

    Reply

  2. […] liewt ee schliisslech (1) an engem Land, wou Gewerkschaften déi läscht Joerzéngten ëmmer méi u Muecht verluer hunn, an (2) an engem zimlech grousse republikanesche Staat, dee wéinst senger politescher […]

    Reply

  3. […] Joer) oder de Stephen Breyer (80 Joer) aus iergendengem Grond missten um Supreme Court ophalen, dat iewescht Geriicht net nach méi an déi äerzkonservativ Richtung offält. Dat gesäit awer scho vill méi schwiereg aus, wann ee sech ukuckt, wéi eng 35 (vun 100) […]

    Reply

  4. […] Justice Ginsberg, Justice Breyer, Justice Scalia, an Justice Kennedy. De läscht genannten sollt 2018 zréck trieden & vum Brett Kavanaugh ersat ginn. Den Justice Scalia stierft Ufank 2016 a säin Doud […]

    Reply

Leave a Reply to USA Midterms: de Status Quo oder eng blo Well? – Oppenen Bréif Cancel reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Google photo

You are commenting using your Google account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.