Haut vrun 55 Joer gi grad eemol 484 Minutten Openthalt vun engem amerikanesche President zu Berlin an d’Geschicht an. 22 Méint nodeems d’Soviets dës europäesch Stad mat enger Mauer an 2 gespléckt hunn, gëtt de jonken John F Kennedy an där Stad gefeiert wéi ee Superheld.
Een Autokorso duerch West Berlin, mat Leit déi Konfetti aus hire Fenstere puchen oder laanscht Poliziste laafen, fir de President ze beréieren, sollten um Ënn wuel – nieft deene vun Dallas – bekannteste Biller vum jonke President senger Zäit am ëffentleche Liewe ginn. Den deemolegen Bundeskanzler Adenhauer wor iwwerengs guer keen Fan vum Autokorso. Hien huet sech nieft dem jonke Kennedy an dem jonke Buergermeeschter vu Berlin – engem gewëssene Willy Brandt – guer net wuel gespuert.
Vrun der Schöneberger Gemeng gëtt de Kennedy da wuel seng berühmtesten, aussepoliteschst Ried. Et ass, och wéinst sengem trageschen Doud e puer Méint dono, den Héichpunkt vu senger “New Frontier,” déi hien 1960 zu L.A. a senger Acceptance Speech um Parteidag ausgeruff hat. An der Ried zu Schöneberg igoréiert de Kennedy kuerzerhand verschidde Sätz, un deenen seng Equipp wochelaang geschafft huet. D’Ried, déi hie vrun enge geschaaten 45,000 Leit gëtt, ass vill méi aggressiv, wéi dat seng Beroder fir National Secherheet geplangt am Ufank geplangt haten.
There are many people in the world who really don’t understand or say they don’t, what is the great issue between the free world and the Communist world. Let them come to Berlin. There are some who say that Communism is the wave of the future. Let them come to Berlin. And there are some who say in Europe and elsewhere we can work with the Communists. Let them come to Berlin. And there are even a few who say that it is true that Communism is an evil system, but it permits us to make economic progress. Lass sie nach Berlin kommen. Let them come to Berlin. (…) Freedom is indivisible, and when one man is enslaved, all are not free. When all are free, then we can look forward to that day when this city will be joined as one and this country and this great continent of Europe in a peaceful and hopeful globe. When that day finally comes, as it will, the people of West Berlin can take sober satisfaction in the fact that they were in the front lines for almost two decades.”
Dem Bundeskanzler Adenhauer gefällt déi méi aggressiv (géigeniwwer de Soviets) Aart a Weis vum John F Kennedy, während de Willy Brandt éischter d’Meenung vun de Kennedy Beroder deelt. Si fäerten, wéi de Professor Larry Sabato a sengem Buch The Kennedy Half Century festhält, dass esou de geplangten Partial Nuclear Test Ban Treaty kéint gekippt ginn. Nëmme kuerz drop gëtt de President Kennedy op der Freie Universität Berlin eng zweete Ried, déi seng Beroder kuerzerhand nach eemol verännert haten, fir dës nach méi calme wierken ze loossen. Déi iwwer 15,000 Studenten an Dozenten op der Uni erliewen e ganz aneren President – een, deen zwar der Sovietunioun kritesch géigeniwwer steet, awer och weess dass een eng Presence vun de Soviets an Däitschland (bis op Weideres) net ka verhënneren. Um Ënn decidéiert de Khrushchev zu Moskau, fir d’Ried zu Schöneberg ze vergiessen an akzeptéiert den Toun vun der Ried op der Freie Universität. Den Traité, deen d’Teste vu nukleare Waffen an der Atmosphere, am Weltall, an ënner Wasser verbitt, gëtt e puer Wochen dono ënnerschriwwen. Den 10. Oktober 1963 trëtt den Traité, deem zënterhier iwwer 120 Länner bäigetruede sinn, a Kraaft.
Déi bekannteste Ried vun deemols nach eemol kucken:
“12 Rieden” ass eng Serie, déi am amerikanesche Wahljoer 2016 ugefaangen an elo fir d’Midterms weider gefouert gëtt. Si bléckt op op 12 Rieden, déi eng gréisser Roll an der amerikanescher an zum Deel der internationaler Geschicht gespillt hunn, zréck. All Kéiers um Joresdag vun der Ried geet e Post mat Erklärungen/Hannergrondinfos an dem Audio vun der Ried online.
Bis elo eraus:
(1) “D’Militär an dem Eisenhower seng Farewell Ried” (17. Januar)
(2) “E bluddege Sonndeg an e Meeschterwierk” (15. Mäerz)
(3) “Gëff mer d’Fräiheet oder gëff mer den Doud” (23. Mäerz)
(4) “E President op der Sorbonne. E Mann an der Arena.” (23. Abrëll)
[…] (4) “E President op der Sorbonne. E Mann an der Arena.” (23. Abrëll) (5) “E Mann vu Boston gëtt e Berliner” (26. Juni) (6) “Sëlwer ass dat bessert Gold” (9. Juli) (7) “Och Fraen hu […]
[…] (4) “E President op der Sorbonne. E Mann an der Arena.” (23. Abrëll) (5) “E Mann vu Boston gëtt e Berliner” (26. Juni) (6) “Sëlver ass dat bessert Gold” (9. Juli) (7) “Och Fraen hu […]
[…] (4) “E President op der Sorbonne. E Mann an der Arena.” (23. Abrëll) (5) “E Mann vu Boston gëtt e Berliner” (26. Juni) (6) “Sëlver ass dat bessert Gold” (9. Juli) (7) “Och Fraen hu […]