[Geschate Lieszäit: 7 Minutten]

Et hat ageschloe, wéi eng Bomm. De Fraktiounschef vun der (nach) zweet gréisster Partei am Land seet déi aktuell Regierung – an där seng LSAP, de Stëmme vun 2013 no, déi stärkste Partei ass – huet fir déi nächst Jore keng gemeinsam Projete méi, déi ee nach kéint ëmsetzen. Eng liberal DP wier elo genee esou wäit vu senger Partei ewech, wéi déi gréissten Oppositiounspartei, d’CSV. Et si grad wéinst dem Wahlkampf erstaunlech Aussoe vun engem Mann, dee mat responsable ass, dass et iwwerhapt zu enger Blo-Rout-Grénger Koalitioun komm ass.

De Schema bei Wahlen ass schliisslech ëmmer dee selwechten: fir d’Oppositioun ass et e Referendum iwwert déi läscht Regierungsaarbescht, während d’Majoritéitsparteien (normalerweis) ëmmer no vir kucken a nei Projeten an Aussiicht stellen. D’Regierung wëll nach X an Y verbesseren a bei Z eng ganz nei Idee ëmsetzen, während d’Oppositioun e komplett anere Wee wëll aschloen; dat klassescht 1×1 vun enger Wahlcampagne. Ween elo an der Majoritéit ass a behapt, dass et kee gemeinsame Wee méi gëtt, spillt net just der Oppositioun hirt Spill vum “Referendum” mat mä stellt sech direkt als natierleche Verléierer vun där Referendumsfro dohinner. Et kéint een, fir bildlech ze bleiwen, argumentéieren, dass d’Dräierkoalitioun deemno d’Land an eng Saackgaas gefouert hätt. Do probéieren déi zwee Koalitiounspartner an dësen Deeg och just, fir de Schued a Grenzen ze halen. Et huet ee vill gemaach, et huet ee gutt zesumme geschafft; alles an der Vergaangenheet, näischt an der Zukunft.

Dat dierft déi politesch Géigner vu “Gambia” freeën. Mä och déi mussen sech, grad op dësem Nationalfeierdag, och d’Fro stellen, ob net dat ganzt Land dann am gaangen ass ze verléieren. Ganz nom Motto: be careful what you wish for.

Dat schockanst un der Ausso vum Alex Bodry war nämlech dat wat een tëschent den Zeile konnt liesen: eng sozialliberal Politik zu Lëtzebuerg huet ëmmer maximal fir 5 Joer Projeten. Dono, esou déi historesch Erkenntnisser, dauert et da nees minimum 30 Joer ier dës politesch Kräften nees Gemeinsamkeeten, déi ee wuel just ouni eng konservativ Partei un der Muecht kéint ëmsetze, fonnt hunn. Et weisst an aller Däitlechkeet, wéi eng Ideelosegkeet scheinbar an der gesamter lëtzebuergescher Politikwelt herrscht.

E Beispill.

LuxLeaks Affär huet gréisser Wellen am In- an am Ausland geschloen. Et war eng “Attack” op d’Land. D’Oppositioun huet sech solidaresch hannert d’Regierung gestallt. Alles schéin, alles gutt. Wat huet eng sozialliberal Regierung dono gemaach? Eng Marketing Campagne – mat elo och nach schéinen Emoxies.

D’Leit am Ausland, sou d’Idee hannendrun, denke bei Lëtzebuerg just u Banken & Steiervirdeeler, well si all déi aner flott Saache guer net kennen. Zu engem Deel stëmmt dat och; dat kritt ee, wann een am Ausland lieft, nëmmen all ze oft mat. De Problem vum Grand-Duché läit awer guer net dorunner, dass d’Leit net genuch Kentnisser iwwert “onst kléngt Ländchen” hunn mä éischter um Image vum Land. Och dat mierkt een, wann een am Ausland de Kollegen déi aner Säite vu Lëtzebuerg matdeelt. Et bleift um Ënn fir si dach ëmmer e “Steierparadäis” – well een eben en Image net mat enger Oflénkungstaktik verännert kritt. (Oder géif dir elo méi positiv iwwert d’USA vum Trump senger “zero tolerance” Asyl-/Migratiounspolitik denken, wann ech hei iwwert e neit sozialt Gesetz am US Staat Massachusetts géif schreiwen?) Eng Perceptioun bei de Leit verännert een duerch Handelen. E Mann, deen aus dem Prisong erauskennt, gëtt och erréischt nees richteg an d’Gesellschaft opgeholl, wa seng Matbierger gesinn, dass hie sech zum Bessere verännert huet, net wann hien alles opzielt wat hie virdrun awer och Guddes gemaach huet.

Stellt iech vir, d’Regierung hätt no deem peinleche Skandal net just dem Land eng méi transparent Finanz- a Steierpolitik ginn – wat den absolute Minimum gewierscht wier – mä hätt och méi déif gräifend gekuckt, wéi eng Valeuren da wierklech dem Land wichteg sinn. Stellt iech vir, déi progressiv Parteien hätten d’Chance, dass grad si zu deem Zäitpunkt un der Muecht ware, genotzt, fir beispillsweis eng nei sozialliberal Gesellschaftspolitik wëllen ëmzesetzen. Do ginn et eng ganz Rei politesch Aufgaben an Themefelder, wou nach vill ze maachen ass. Esou eng Politik beschränkt sech jo bekanntlech net just op Trennung vu Kierch a Staat, zivil Zeremonie op Nationalfeierdag oder engem Auslännerwahlrecht. Eng vu ville méiglechen Optioune fir eng lénksliberal Regierung hätt beispillsweis d’Zil kéinte sinn, fir dat 1. Land an der Europäescher Unioun (an domat aktuell och vun der Welt) ze ginn, wat eng total Gläichstellung tëschent Mann a Fra – sozial, politesch an ekonomesch – wëll (a bis d’Joer X wäert) opstellen. Et ass beschäment, dass een an der Zäit ënnert dëser Regierung all Joer am Gender Pay Gap Rapport vum WEF no hanne gefall ass. Et ass schlecht, dass een, trotz “kopernikanesch Revolutioun,” keen Gender Budgeting zu Lëtzebuerg mécht. Et ass krank, dass 38% vum Land mengt, et wier okay Sex ouni Averständnis ze hunn. Et ass eng Frechheet, dass een “Tampon”-Steier nach ëmmer net ofgeschaaf huet. Dat hätte just e puer vun honnerte vun Unhaltspunkte kéinte sinn.

Sou, an elo stellt Iech d’Schlagzeile ronderem d’Welt vir, wa Lëtzebuerg dat tatsächlech gemaach hätt (cf. Justin Trudeau säin “Because it’s 2015,” dee souguer viral gaangen ass) an all Kéiers wann ee nees e weidere Schrëtt Richtung Zil hannert sech bruecht hätt. You never want a serious crisis to go to waste, seet de Buergermeeschter vun Chicago, Rahm Emanuel, ëmmer jidderengem deen et well heieren. Leider schéngt dat hei awer agetrueden ze sinn. Déi gréisser Kris fir d’Land ass komm, et huet ee minimalst Ännerunge am Beräich Steieren ënnerholl, Whistleblower a Journalist verklot, an eng Marketing Campagne an d’Liewe geruff. Et war am Kär ee ganz grousst “Weider esou” – eppes wat komplett konträr zu enger lénksliberaler Politik steet.

Déi aktuell Koalitioun, déi 2013 nach ugetruede war, fir “d’Fenstere grouss opzerappen a frësch Loft eranzeloossen,” war wuel och schonns zum Zäitpunkt vun deem Skandal aarm u Visiounen – oder, am schlëmmste Fall, waren si schonns deemols (fälschlecherweis) dovunner iwwerzeegt, dass an all deene Beräicher, wou dës dräi Parteien dach misste vill Gemeinsamkeeten hunn, praktesch alles am lëtzebuerger Ländchen an der Rei wier.

Esou eng falsch Aschätzung vun der Realitéit stellt eng gréisser Gefor fir d’Land souwéi déi Valeuren, déi Blo-Rout-Gréng misste wichteg sinn, duer. Well, with all due respect, eng CSV ass eng konservativ Partei a kann/soll dowéinst, wéi de Numm et schonns verréit, och net de Virreider bei neie Visioune fir e Land sinn. Dat wëll net heeschen, dass eng CSV ni wichteg Verännerungen fir Lëtzebuerg gemaach huet oder kéint maachen – et gi genuch Beispiller fir de Contraire hei z’ënnersträichen – mä de ganz grousse politeschen Debat brauch ëmmer déi aner Säit, brauch ëmmer déi sozialliberal Kräften, brauch eng DP, LSAP a Gréng. Wann och déi elo higinn an d’Handtuch puchen, dann iwwerléisst ee logescherweis ganz lues, Meter fir Meter, de reaktionären a populistesche Parteien hei d’Spillfeld.

Wat geschitt, wa Visioune vu lénksliberale Leit feelen, an déi sech als Konsequenz just méi nach hannert de Status Quo vu (moderate) konservative Parteien am Kampf géint Populismus stellen, gesäit ee queesch duerch Europa. Lëtzebuerg huet secher nach net d’Ausmoosse vun engem Salvini-Italien, Kaczyński-Polen, Orban-Ungarn oder Seehofer/AfD-Däitschland ugeholl. Mä duerch e.a. d’Kooperatioun vum adr mam “Nee 2015/Wee 2050” Grupp wäert een am Hierscht och eng éischte Kéier eng Partei zu Lëtzebuerg dobäi hunn, déi gréisstendeels op eng reaktionär Gesellschaftspolitik setzt. Am Mantel vum besuergte Bierger, deen “de ganze Wuesstem” net méi kéint matdroen, proposéiert dës Partei am Hierscht e.a. dass d’Regierung an Zukunft bei all auslännesche Betrib, deen op Lëtzebuerg wëll kommen, muss an enger “Impakt-Studie” e.a. kucke, wéi eng negativ Konsequenzen dat bspw. fir d’Mobilitéit (lies: Frontalieren/Auslänner) mat sech bréngt, ier dëse Betrib eng gréng Luucht géif kréien. Ob dat dem Image vum (souwéi d’Zesummeliewen am) Land verbessert, ob dat am Interêt vu politesch lénksliberale Leit ass, ob dat d’Legacy ass mat där “Gambia” wëll an Erënnerung bleiwen, musse spéistens am Wahlkampf déi dräi Parteien an, dono um Wahldag, da jidderee fir sech selwer beäntweren.

 

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

One Comment

  1. […] op Lëtzebuergesch – an déi sougenannt “Wuesstems Kritik” undeiten, esou kéint eng Ideelosegkeet 2018 zu gréissere Problemer fir d’Land an de Joren dono féieren. An dat ka jo net de Plang […]

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Google photo

You are commenting using your Google account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.