[Geschate Lieszäit: 9 Minutten]
Déi läscht puer Woche war et hei zimlech roueg um Site. Dat huet eng Rëtsch privat Grënn, déi hei awer net weider missten thematiséiert ginn. Et ass just eng Erkläerung fir dësen “Time-out,” deen et och an de läschten 2.5 Mount och alt op Twitter fir ëmmer nees eng Rëtsch Deeg ginn ass. Ech hoffen, dass sech an deem Sënn alles nees berouegt an et dofir hei nees méi oft eppes ze liese gëtt. Ech hunn an de läschte Wochen e puer Saache schonns ugefaangen virzebereeden, déi ech hoffentlech geschwënn kann ofschléissen. An dësem Sënn, Merci fir d’Weiderliesen! 🙂
De Post vun haut ass éischter e Virgeschmaach. (Mir loossen et souzesoen nees lues ugoen ;)) Trotzdem ass et eng, menger Meenung no, wichteg Saach, déi all ze oft an den Diskussiounen ronderëm de Brexit iwwersi gëtt.
Et mierkt een ob der Insel net erréicht zënter e puer Méint, dass et schwiereg ass, fir d’EU als Member ze verloossen. Oft probéieren “Remain Fundamentalisten,” wéi den Oxford Professer Simon Wren-Lewis si nennt, genee mat deem Argument d’Brexit Wielerschaft z’iwwerzeegen, dass een dach guer net soll erausgoen. Dësen Deel vun der britescher Bevëlkerung leent kategoresch een Austrëtt aus der Europäescher Unioun of. Eng EEA Memberschaft (wéi Norwegen) si fir dës Leit genee esou ofzeleenen wéi eng EFTA Memberschaft (wéi d’Schwäiz) – an dëst obschonns et dann fir de normale Bierger kee signifikanten Ënnerscheed zu enger EU Memberschaft géif ginn. Et sinn dat och déi Leit, déi am meeschten hannert dem George Soros senger Campagne fir een 2. Referendum bannent de nächsten 12 Méint stinn. De Brexit, sou de Soros dës Woch, ass e Prozess dee béide Säit schued an den Divorce wäert bestëmmt méi wéi 5 Joer daueren.
Esou Sätz freeën ultra Remain Supporter. Wann da nach de Chef vun der Zentralbank, Mark Carney, seet dass all Haushalt schonns £900 zënter dem Referendum am Juni 2016 verluer huet, sinn dës grouss EU Fans erréicht richteg gutt drop. Elo, esou d’Argument, misst dach och dee läschte Brexit Supporter gesinn, dass dat do schief geet (respektiv scho schief gaangen ass). Dobäi ignoréiert een hei dat ganz einfacht mënschlecht Ëmpfannen. De Brexit Vote huet mech zwar £900 kascht, mä ech hunn déi £900 jo ni op mengem Konto gesinn. Kee britesche Bierger huet £900 missten zënter dem Cameron sengem Referendum nees ofginn. Et huet een, um Moie vum 24. Juni 2016, just Suen an der Zukunft verluer, déi ee ni sécher hat an dofir och ni a säi Liewensplang mat agerechent hat.
“Stop!” ruffen dann d’Remain Leit a weisen op Zuelen (vun haut), déi besoen dass dat britescht Vollék ëmmer méi pessimistesch ass, wat de Brexit ugeet. Elo dréit sech d’Stëmmung, héiert een dann. Gëschter huet nach de fréieren Vize Premier Nick Clegg vun de pro-europäesche Liberaldemokrate a senger Zeitungskolumne geschriwwen, dass d’Leit mierken dass et guer net esou einfach a flott ass, fir eraus ze goen.
Et gi secher nach Problemer fir de Brexit. Do ass d’Gefor, dass d’Parlament d’nächste Mount fir eng Memberschaft an der Zollunioun stëmmt. Do ass eng méi kléng Gefor, dass een och fir de Bannemaart stëmmt. (De Labour Chef Corbyn, den Hapt-“Lexit“-Mann, huet sech géint eng Memberschaft am Bannemaart ausgeschwat, wat dës Motioun wuel wäert stierzen.) Do ass d’Fro vu Nordirland an déi sougenannt “backstop” Léisung vun der EU (Nordirland bleift am Bannemaart an Zollunioun) a vum UK (dat ganzt Land hält sech bis 2022 u verschidde Regelen vun der Zollunioun, bis dat neit Konzept komplett ëmgesat ass). Do ass d’Fro no engem neien Immigratiounsgesetz, wat um Ënn vum Joer endlech hätt sollte vun der Inneministesch Amber Rudd presentéiert ginn… ier dës huet misste wéinst dem Windrush Skandal zrécktrieden (an dee Skandal eng Diskussioun ronderëm dem Rudd senger Virgängerin am Inneministère, Theresa May, hir “hostile environment” Politik fir illegal Immigranten ausgeléist huet). Do ass d’Fro, wat geschidd falls dat britescht Parlament den Deal vum May am Hierscht géif ofleenen.
Dat si just e puer vun de Sténg, déi dem Brexit nach am Wee leien. Mä kee vun dëse géif direkt eng 180 Grad Kéier par rapport zum Juni 2016 mat sech bréngen. Dat misst och zu Bréissel an an den aneren EU Haptstied fir gréisser Erstaunen suergen.
Den Artikel 50 (mat sengen 2 Joer Verhandlungszäit) ass schliisslech esou geschriwwen, fir der Europäescher Unioun am meeschte Muecht ze ginn. Et sollt et esou schwéier wéi méiglech fir een EU Land maachen, fir nees aus dem Block auszetrieden. Jo, et soll esou schwéier sinn, fir dass iwwerhapt keen géif drun denken, dee Schrëtt ze woen. Firwat also, wann een dat britescht Vollek elo freet, ass “Leave” nach ëmmer minimum an enger Patt Situatioun mat “Remain?”
Do komme mer bei de Sir John Professor Curtice a seng Recherche (Video nom Text). Jo, d’Leit maache sech suergen ëm d’Wirtschaft (dat bleift der pro-EU Säit hirt stäerksten Argument fir eng enk Verbindung mam Kontinent). Jo, d’Leit fannen esouguer ëmmer méi Gefaalen un der Idee vun engem 2. Referendum… mä just dee vu UKIP (Deal unhuelen oder ouni Deal erausgoen) oder dee vu verschiddene Labour Leit (Deal unhuelen oder d’Regierung muss zréck op Bréissel goen, fir e bessere Brexit Deal auszehandelen). Jo, d’Leit si net zefridden wéi hir Regierung de ganze Brexit Prozess gefouert huet.
Mä d’Leit si genee esou onzefridde wéi d’Europäesch Unioun sech beholl huet. Do muss een drun erënneren, dass een als EU emol proposéiert hat, dass d’Briten déi um Brexit Dag an der EU liewen all hir Rechter – notamment hirt Recht op fräit Reesen, Wunnen, a Schaffen an der EU – wäerte behalen. Dëst ass aktuell (Deal am Dezember) net méi de Fall. Do muss een awer och soen, dass een als EU ëmmer nees betount, et wéilt een eng Léisung a Nordirland a just de UK domatter beoptragt, fir eng ze fannen. An all Léisungsvirschléi, déi bis elo vu London komm sinn, goufen zimlech séier verworf. Et ass kloër, dass d’EU d’Situatioun a Nordirland an de Verhandlungen als Spillball wëll benotzen, fir dat Vereente Kinnékräich, wat esou wichteg fir d’Wirtschaft an d’Sécherheet vum Kontinent ass, esou enk un sech ze bannen wéi nëmme méiglech. Et ass awer och kee Wonner, dass dëse kaale Calcule op der anerer Säit vum Ärmelkanal net gutt ukennt. “Gesäis de?” soen d’Brexit Leit engem dann. “D’EU ass eng ze grouss, ze muechtvoll Institutioun ginn, déi mat aller Macht probéiert e Natiounestaat kleng ze halen… a genee wéinst esou enger Politik musse mir eraus.”
Ween elo um Kontinent mengt, dass e sech souwisou keng Suerge méi ëm d’Vue vun der britescher Bevëlkerung misst maachen, läit falsch. Well eigentlech missten “Remain Fundamentalisten” am Moment ëmmer méi Support kréien. Dat ass dach och d’Idee hannert dem Artikel 50, déi dem Memberstaat erlabt fir d’Notifikatioun nees zréck ze zéien an an der Unioun ze bleiwen. Dass deen “Dram” net am UK wäert antrieden, offenbart de gréisserte Problem an der EU. Vill Brexit Leit hunn, wann ee mat hinne schwätzt, zemools d’Nues voll vun der EU an där, aus hirer Siicht, Aart Iwwerhieflechkeet, déi vu Bréissel (a Berlin) aus géif kommen. Et wéisst een do ëmmer alles besser a géif selwer ni e grousse Schrëtt op (aner) Staaten zougoen. “De Cameron huet jo probéiert eng Reform an d’Weeër ze leeden, mä e krut jo näischt richteges erlabt,” heescht et dann. Dat ass einfach a populistesch, a ganz oft wuel och zimlech falsch. Trotzdem huet dat 2016 de Vote vun enger Roserei géint “de System” ausgemaach; 2017 ass déi Vue esou bliwwen an 2018 geet et net anescht weider. Do sinn Aussoe wéi déi vu gëschter just e weidert Beispill fir EU Géigner, ob op der Insel oder um Kontinent, dass “déi Déck do uewen” weiderhi mengen et besser ze wëssen. (Dass e Macron der EU eng gréisser Reform kéint verpassen, glewen elo och schonns 61% vun de Fransouse net méi.)
Nach 303 Deeg bis zum Brexit Dag.
(De Sir John Curtice geet a sengem Virtrag ab 8:49 kuerz op d’Vue vum britesche Vollek op d’EU an de Brexit Verhandlungen an. De Video misst normalerweis och do starten. De ganze Virtrag ass awer, wéi een dat vum wuel bekannteste Politolog op der Insel kennt, kuckenswäert.)