[Geschate Lieszäit: 7 Minutten]

D’nächst Joer am Mee sinn et 100 Joer hir, dass zu Lëtzebuerg dat Allgemengt Wahlrecht agefouert gouf. Bei de Wahlen am Oktober 1919 gouf mam Marguerite Thomas-Clement, eng Léierin aus der Stad, fir déi 1. Kéier eng Fra an d’Parlament gewielt. D’Sozialistin huet eng Gesetzespropose eraginn, déi “no der politescher Gläichstellung d’Introduktioun vun der ziviller an ekonomescher Gläichstellung vu béide Geschlechter” gefuerdert huet. Dës Propose gouf net vum Parlament ugeholl. An hirer politescher Carrière gëtt si zur “Spriecherin vun de Fraen,” wéi si e.a. déi schlecht Hygiène an der Staater Maternité oder d’Aspäre am Prisong vun weibleche Prostituéiert déi ustieschend Krankheeten hunn zu engem politeschen Thema mécht. Bei de Gemengewahlen 1924 mécht d’Madame Thomas-Clement esou e gudde Score an der Haaptstad, dass si doropshin Schäffen an enger sozial-liberaler Koalitioun gëtt. Kuerz dono, am Joer 1931, mécht si e Parteiwiessel a geet bei déi radikal Sozialisten. Déi éischt Fra am Lëtzebuerger Parlament gëtt dono net méi zréck gewielt. An et huet ee misste bis an d’Joer 1965 waarden, ier mam Astrid Lulling (deemools nach Member vun de Sozialisten) eng weider Kéier eng Fra an dat Héicht Haus gewielt gouf.

Just 2 Joer méi spéit gëtt scho nees Geschicht zu Lëtzebuerg geschriwwen. Den 3. Januar 1967 trëtt fir déi 1. Kéier eng Fra an eng Lëtzebuerger Regierung an. D’Madeleine Frieden-Kinnen, d’Witfra vum Ex-Premier Pierre Frieden, gëtt Staatssekretärin fir Famill, Sozial Solidaritéit, Jugend, Bevëlkerung, Kultur a Kultus an der CSV-LSAP Regierung. D’Presidentin vun der kathoulescher Fraenaktioun, déi si 1953 matgegrënnt huet, huet sech haaptsächlech mat sozialen a kulturelle Froe befaasst. Bei de Budgetsdiskussioune am Joer 1967 seet si folgend Wierder:

“Je crois de mon devoir de fair appel à la Chambre pour que les femmes marriées aient enfin un statut – je ne dirai pas digne d’elles, mais digne de ceux qui sont leurs partenaires et qui – grâce à leur écrasante majorité dans tout ce qui est pouvoir public – ont à peu près seuls en mains les instruments qui permettent de changer ce statut (…)”

Eng Regierungskris bréngt de 15. Dezember 1968 fréizäiteg Neiwahlen. D’LSAP fält 3 Sëtz op 18 Sëtz erof. D’CSV (21) verléiert just ee, während d’DP 5 dobäi gewënnt an op 11 Sëtz am neie Parlament kennt. Et gëtt eng CSV-DP Regierung ënnert dem Pierre Werner an, den 2. Februar 1969, gëtt d’Frieden-Kinnen déi éischt Ministesch zu Lëtzebuerg – Ministerin fir Famill, Jugend, Sozial Solidaritéit a Gesondheet souwéi Ministerin fir Kultur a Kultus. D’Freed iwwert dës politesch Muecht war net vu laanger Dauer. Nach am nämmlechte Joer ass si eng Haptpersoun an enger gréisserer politescher Affär: d’Buergfrid Affär.

D’Tageblatt – déi bekanntlech dem politesche Géigner no steet – attackéiert d’Frieden-Kinnen an enger fir Lëtzebuerg onbekannter Campagne. Eng Persoun soll zu Buergfrid mat enger Spektiv 2 Männer – e Reliounsproff an een 19-järege Mann (Mannerjäregkeet huet bis 21 Joer gedauert) gesinn hunn, déi homosexuellen Tätegkeete nogaange sinn. Déi zwee Männer wieren awer net eleng gewiescht. D’Frieden-Kinnen wier “an engem wäisse Bikini” dobäi gewiescht. D’Ministesch huet dee Virworf zréck gewisen an, well d’Artikelen net vun engem bestëmmte Journalist ënnerschriwwe waren, den deemolegen Direkter vum Tageblatt, Jacques Poos, wéinst Calomnie verklot. Den Theolog krut um Ënn vru Geriicht e.a. 3 Joer Prisong mat Sursis. An d’Frieden-Kinnen krut Recht, nodeems de 19-järege Mann behaapt huet, d’Ministesch wier net bei hinne gewiescht. De Jacques Poos mécht doropshin Plainte wéinst méiglechem Mäineed géint de jonke Mann. Am Juli 1972 gouf dësen dann och dowéinst vun engem Lëtzebuerger Geriicht zu 3 Méint Prisong veruerteelt. D’Ministesch hat deemno verluer. No der Summervakanz huet d’Madame Frieden-Kinnen hir Demissioun agereecht. Als Privatpersoun ass si nach eemol géint d’Uerteel an Appell gaangen, mä dee Prozess gouf spéider agestallt.

D’Madame Frieden-Kinnen, déi, no hirer Lycéeszäit am St Anne & an am Meedercherslycée, e.a. zu Paräis a München studéiert huet, zitt sech komplett aus der Ëffentlechkeet zréck. Si bleift awer als Humanistin nach aktiv. De Récktrëtt vun der Madame Frieden-Kinnen bréngt e Mann mam Numm Jacques Santer an d’Lëtzebuerger Regierung. Dëse sollt e puer Joer méi spéit bekanntlech e gewëssene Jean-Claude Juncker zu sengem Nofolger maachen, wéi hien, de Jacques Santer, am Januar 1995 op Bréissel geet, fir eng nei Komissioun ze leeden. Et ass de Jean-Claude Juncker dee bei senger Regierungsopstellung e neie Ministère zu Lëtzebuerg grënnt: de Fraeministère, deen haut Chancëgläichheetsministère heescht.

Ufank 1999 – 80 Joer nodeems d’Fraen d’Wahlrecht kritt hunn an 30 Joer nodeems si als 1. Fra an eng Lëtzebuerger Regierung komm ass – stierft d’Madame Frieden-Kinnen am Alter vun 83 Joer. Hire leschte Wonsch ass et, dass e Bréif an der Chamber virgelies gëtt. De Chamberpresident Jean Spautz kennt deem Wonsch no, a liest de 9. Februar 1999 folgend Sätz am Parlament vir:

Au moment décisif où je me trouve en face de la mort, je déclare solennellement – ce que je n’ai pas eu le droit de faire de mom vivant – que j’ai été victime d’une erreur judiciaire, que je pardonne à ceux par qui ce malheur est arrivé et qui ont peut-être eux-mêmes été induits en erreur par des malentendus. Et que je remercie tous ceux qui, malgré les apparences, m’ont gardé leur confiance et leur estime. Je les assure une dernière fois que je méritais cette confiance et cette estime.

Dans l’espoir qu’on ne me refusera pas ce voeu ultime, je pars en toute sérénité vers cette nouvelle vie où il n’y a ni injustice ni faux semblants, où tout est clarté et vérité.

Ex umbris et imaginibus in veritatem. Madeleine Frieden-Kinnen

Op der Regierungsbänk setzt deen Dag trauregerweis just eng Persoun. Et ass e Mann. Hien ass zu deem Moment Vize Premier an Ausseminister vum Land. Säi Numm ass Jacques Poos.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

One Comment

  1. […] op den Audio & audiovisuelle Medien ëmmer richteg “schéi” männlech, a Nimm wéi Marguerite Thomas-Clement oder Louise Welter, gi nëmme selten am Schoulunterrecht […]

    Reply

Leave a Reply to (Méi wéi) 10 Joer Bloggen – Oppenen Bréif Cancel reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Google photo

You are commenting using your Google account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.