[Geschate Lieszäit: 9 Minutten]

Den éischte Mount vum Joer gëtt op de briteschen Inselen och nach gäeren “Dry January” genannt. Dat geet op eng jäerlech Gesondheets Campagne zréck. No de Feierlechkeeten soll een, esou d’Virgab, et zumindest de ganzen éischte Mount vum neie Joer roueg ugoe loossen a keen Alkohol drénken. Et ass, souzesoen, inoffiziell Faaschtenzäit an deem Land, wou Pubs & Pints e grousst Stéck vun der Kultur ausmaachen. Mä mat deenen zwee Wierder kéint een dëst Joer och déi britesch Politik – an domat den aktuelle Stand vun de Brexit Verhandlungen – beschreiwen.

No de “Feierlechkeete” vun engem Deal an der éischter Phase vun de Negociatiounen am Dezember, war de Start an dat neit Joer – dat läscht Joer bei deem de UK e vollstännege Member vun der Europäescher Unioun ass – éischter roueg. Fir ee Moment konnt ee scho bal vergiessen, dass sech a 14 Méint eppes Fundamentales an Europa wäert änneren. Fir e puer Deeg goung d’Liewen, ob zu London an Ëmgéigend oder um Kontinent, fir déi meescht Leit ganz normal weider. De Grond heivir läit awer net dorunner, dass béid Säiten net hätte wéilte matenee verhandelen. Nee, de Problem läit éischter dorunner, dass déi kruzial Froen iwwert d’Zukunft nach net decidéiert goufen.

Bal 2 Joer nodeems d’Referendums Campagne ugefaangen huet, huet dat Vereente Kinnekräich (Stand haut) kee Plang wat nom Brexit soll geschéien. Mat Spréch wéi “Brexit means Brexit” konnte May a co. an de läschten 1.5 Joer vum eigentleche Problem vun hirer Situatioun oflenken. Mä zënter dem Mäerz d’läscht Joer tickt d’Auer géint d’Number 10, wéi de Michel Barnier Mount fir Mount ëmmer nees widderhëlt. D’Zäit ass deemno elo – manner wéi 300 Schaffdeeg bis zum Brexit Dag – komm, fir dass d’Regierung déi grouss Decisiounen iwwert d’Zukunft vum Land hëlt. Dat ass awer vu bausse méi einfach gesot wéi gemaach.

Déi Konservativ si schliisslech weiderhi ferm zerstridden. Déi kuerz Zäit tëschent dem Referendum an de Wahlen, wou d’Partei, fir déi éischte Kéier zënter dem Ufank vun de Thatcher Joren, sech iwwert hir EU Positioun eens war, ass eriwwer. De Verloscht vun der absoluter Majoritéit huet de pro-EU Konservative gehollef, fir e Comeback ze feieren. D’Partei vum Theresa May ass nees komplett an der Mëtt an zwee gespléckt. En fait, ass d’Regierung vum May esou opgesat, dass sech “Remain” a “Leave” Supporter ausgläichen. Déi entscheedend Stëmm am Regierungsrot huet, falls keng gréisser Iwwerraschunge geschéien, dowéinst ëmmer d’May selwer.

Hire Problem ass awer ebenfalls un déi Wahlen vum läschte Joer geknäppt. Si ass, wéi den Ex-Finanzminister Osborne deemools sot, “on death row.” Haut weess een ebe just nach net, op wéi engem Dag d’Partei un d’Dier vun der Number 10 klappe kennt, fir hir ze soen dass si muss zrécktrieden. Dass d’May awer – no Major, Hague, Duncan Smith, Howard, a Cameron – déi nächst konservativ Parteicheffin ass, déi iwwert d’EU (an déi doraus resultéierend Muechtkämpf an hirer Partei) fält, ass fest a Stee gemeesselt.

An esou engem Szenario ass et da schwiereg, fir e Schrëtt no vir ze maachen. En fait, kommen elo scheinbar am Regierungsrot Idee’n op, déi ee kuerz nom Referendum nach ausgelaacht hätt. Deemools krut jiddereen ze héieren, dass Brexit e.a. “Kontroll iwwert eisen Handel” bedeit. Et wéilt ee selwer Handelsaccord ofschléissen – well d’EU (bekanntlech) extrem laang brauch, fir dat ze maachen. “Global Britain”, esou de Slogan op de Parteideeg zu Birmingham am Hierscht 2016, géif ganz séier all déi wirtschaftlech staark, net-EU Länner u nei (a fir London favorabel) Handelsaccorde bannen. De Brexit Minister David Davis hat nom Referendum 2016 selwer behaapt, dass de UK esou a maximal 2 Joer méi e groussen Handelsblock (“probably ten times the size“) op d’Been gestallt géif kréien wéi dee vun der EU, deen de gréisste vun der ganzer Welt ass. Et war deemno esou sécher wéi den Amen an der Kierch, dass dat Vereente Kinnekräich géif aus der EU Zollunioun austrieden. D’Fuerderunge vum CBI (de Betriber), dëst w.e.g. net ze maachen, well da vill ze vill Aarbeschtsplazen um Spill stinn, goufe mat engem Tweet oder Niewesaz op d’Säit gedréckt. D’Boulevard Zeitung “The Sun” hat um Referendumsdag schliisslech grouss getitelt: “BeLEAVE.” Brexit ass eng Saach vu Glawen, eng Zort Relioun, bei där all Fro oder Kritik bis ewell komplett onerwënscht war.

Dowéinst sinn déi aktuell Diskussiounen um Regierungsniveau esou interessant. Et wéilt een nach ëmmer “the Customs Union” vun der EU verloossen – dat huet ee schliisslech de Leit esou versprach –, mä et kéint ee jo direkt nom Austrëtt an “a Customs Union” mat der EU antrieden. Eraus aus där Zollunioun an eran an eng (nei) Zollunioun. Esou ee Spill mat der Semantik géif et zwar erlaben, fir sech un den Accord  zu der nordirescher/irescher Grenz ze halen, mä géif dach awer och déi eigentlech Brexit Decisioun an d’Lächerlecht zéien. Onrou mécht sech dowéinst breet an deene Regierungskreesser, déi engem harde Brexit méi no stinn. Dat wier guer kee Brexit méi, mengt de Chef vum eurokritesche Grupp am britesche Parlament, den Jacob Rees-Mogg, dee weiderhin ee vun de Favoriten op dem May seng Nofolleg ass. Ma dat ass awer dringend noutwendeg fir d’Wirtschaft, konteren d’Betriber an d’pro-EU Leit genee esou wéi se dat am Fréijoër 2016 gemaach hunn.

Déi nei finanziell Analyse vun der Regierung ginn hinnen do Recht. Dës Dokumenter, déi absolut net sollte ge-leaked ginn, krut BuzzFeed um Méindeg zougespillt. Déi Berechnunge weisen, dass et dem Land an all méiglechem Brexit Szenario géif méi schlecht goen. Am Fall vun engem Handelsaccord mat der EU fält de PIB ëm 5%; am Fall vun enger EEA Memberschaft (wéi Norwegen) ëm 2%; an am Fall vun Handel baséiert op de Regelen vun der Welthandelsorganisatioun WTO – dem Dram-Szenario vu Rees-Mogg a co. – ëm ganzer 7.5%. Déi Berechnungen schléisse méiglech nei Accorde mat den USA oder Australien mat an, a leie ganz no un deene vun der schottescher Regierung. All d’Regioun (zemools d’pro-Brexit Regiounen an de West Midlands an am Norde vun England) a bal all Sekteur vun der britescher Wirtschaft géif, laut dësen Zuelen, ënnert dem Brexit leiden. De Londoner Evening Standard, ënnert der Leedung vum Ex-Finanzminister Osborne, rifft dowéinst dozou op, fir een EFTA Member (wéi d’Schwäiz) ze ginn. Während d’pro-EU Labour Leit vun hirem groussen EU Kritiker, Jeremy Corbyn, elo wëlle méi pro-EU Positioune gesinn. Si si rosen, dass d’Partei an Ëmfroen op engem Niveau mat de Konservative steet, déi esou zerstridde sinn wéi zënter den Ufank 1990er/Diskussioune ronderëm de Maastrichter Vertrag net méi.

Op der anerer Säit kritiséieren, wéi erwaart, d’Brexiteers am Parlament dës Analys. Si wier genee esou falsch wéi d’Drohunge vum Finanzministère (dunn ënnert dem George Osborne) vrum Referendum. Déi grouss Rezessioun, déi dee Pabéier deemols virausgesot hat, war net agetrueden. Ignoréieren dinn d’Eurokritiker hei awer Folgendes: dës nei Berechnungen goufe net vum Finanzministère (ënnert der Leedung vum méi oder wéineger pro-EU Mann, Phillip Hammond) gemaach, mä vum David Davis, dem laangjäregen EU Kritiker, sengem Brexit Departement. Dass um Dënschdeg esouguer de fréiere Chef vum parlamentaresche Grupp vun den Euroskeptiker, de Steve Baker – deen haut selwer am Brexit Departement täteg ass –, d’Analys vu sengem Departement ganz hefteg am Parlament kritiséiert huet, weist dass et lues awer sécher eescht gëtt.

D’May hat bis elo Angscht bei enger “falscher” Decisioun erausgepucht ze ginn (an huet sech esou net just déi läscht Woch zu Davos beim Merkel zu enger Witzfigur gemaach); mä och si wäert agesinn, dass d’Deeg vu “Brexit means Brexit” eriwwer sinn. Déi nächst Woch soll Labour a Klausur goen, fir hir eege Brexit Positioun ze klären. Et gëtt erwaart, dass d’Partei zumindest bei der Zollunioun vu Net-Memberschaft op Memberschaft iwwerspréngt. An där selwechter Woch soll d’May-Regierung beienee setzen, fir iwwert den Handel nom Brexit ze schwätzen a vläicht éischt Decisiounen fir de nächsten Deel vun de Negociatiounen ze huelen. Laut dem Robert Peston vun ITVass dann och eppes guer net méi ausgeschloss: dass bei enger Decisioun zum Handel vereenzelt Ministeren dono aus Protest hiren Hutt kéinten huelen.

De Januar ass definitiv eriwwer.

(“Keeping every option open is no longer an option,” sou de Lord Bridges, e konservative Politiker, dee bis vru kuerzem Member am Brexit Department war, gëschter a senger hefteger Kritik un der May Regierung beim Debat am House of Lords iwwert d’Brexit Gesetz, EU Withdrawal Bill)

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

One Comment

  1. […] dass eng Memberschaft fir Gidder net méiglech wier. Mä d’Auer tickt genee esou séier géint de UK, wéi géint d’EU27. Dat schéngen elo och verschidden EU Staaten ufänken ze gesinn. […]

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.