[Geschate Lieszäit: 9 Minutten]

“Mir si Ground Zero.”

Dat sot vru Kuerzem d’Susan Swecker, Parteicheffin vun den Demokraten a Virginia. An dësem Staat wäert en Dënschdeg e Governor, e Lieutenant Governor, e Justizminister, an e ganzt Repräsentantenhaus nei gewielt ginn. Dëse Südstaat ass, nierft New Jersey, deen eenzegen, deen an engem sougenannten “off-year” seng grouss Wahlen huet. D’Demokraten hunn déi läscht 3 Presidentschaftswahlen am Staat gewonnen. Zënter 2009 – an der Nidderlag géint de Bob McDonnell an der Governor Wahl – huet ee keng Wahl um staatleche Niveau méi verluer; an awer, et ass ee nervös bei de Bloen. Den Ed Gillespie, e fréiere Chef vun de Republikaner an Ex-Lobbyist, féiert ee Wahlkampf, deen dem President Trump gefält. Et ass e knaschtege Wahlkampf, bei deem de Gillespie d’Monumenter fir Confederacy Politiker an d’Spill bréngt an Pedophilie, säin demokratesche Géigner an déi brutal Gang “MS-13” mateneen verbennt. De Gillespie, dee vrun der Ära Trump méi eng frëndlech Immigratiounspolitik vu senger Partei gefuerdert huet, mécht den ultimativen Test fir seng Kollegen – wierkt “Trumpism” och ouni ‘The Donald’ um Wahlziedel?

D’Ëmfroen hu Schwieregkeeten dat dëser Deeg erauszefannen. De Gillespie huet emol e Virsprong vun 8%, fir just 3 Deeg dono scheinbar ganzer 17% hannert dem demokrateschen (Nach-)Lieutenant Governor, Ralph Northam, ze leien. “D’Leit haassen zwar ‘attack ads’, mä si fonktionnéieren,” sot emol eng Kéier e Proff, deen fir divers Republikaner geschafft huet, zu mir. Zu engem Deel fonktionnéieren se wuel och, well esou knaschteg Reklammen de Géigner an eng schlecht Situatioun bréngen. Entweder äntwert een op d’Accusatiounen – a gëtt sengem Géigner domat dee politeschen Debat, deen dëse wollt hunn – oder et ignoréiert een et an riskéiert domat, dass “eppes” un engem senger Persoun “hänke bleift.” Et ass deemno keen Zoufall, dass sech d’Demokraten un d’Presidentschaftswahlen vum läschte Joer erënnert fillen. Vun deem Schock huet sech d’Partei weiderhin net komplett erholl. Eng Nidderlag zu Virginia kéint si esouguer an eng Kris schécken, déi un déi vun den europäesche Sozialisten erënnert.

Dat ass fir een Europäer vläit net direkt ze gesinn. D’Republikaner stinn, op där Säit vum Atlantik, exklusiv fir den Trump – an deen ass onbeléift. Mä d’Leit sinn éischter fir eppes, wéi géint eppes. Dat mécht den Demokrate weider Suergen, déi ferm Problemer hunn, fir hire politesche Message un d’Wieler ze kréien. Dat läit wuel zu engem groussen Deel un den Attacken vum President, déi sou staark Kritiken un den Institutiounen an dem Rechtstaat sinn, dass se eng Äntwert erfuerderen. D’Resultat ass dann dass zu Virginia weder dem Northam säin ekonomeschen “G3” Plang fir kléng Betriber, nach dem Gillespie seng Idee fir d’Akommessteier grouss ze kierzen, oder déi iwwer 400,000 Leit, deenen hir Krankeversécherung um Spill steet, grouss diskutéiert gëtt. D’Onbeléifheet vum President, dee bei Gallup dës Woch fir d’éischte Kéier op 33% Support gefall ass, schéngt fir den Ament dem Trump éischter an d’Kaarten ze spillen. “Firwat solle mer e ganzt Konzept fir de Staat/d’Land ausschaffen an un d’Leit verkaafen, wa mer just 50+% vun de 60% mussen zesumme kréien, déi de President souwisou net leide kennen, fir herno ‘ganz einfach’ Wahlen ze gewannen,” schéngt a ville Käpp ze sinn. “Da wor 2016 just een Ausrutscher.”

(cc 4.0 Famartin)

Déi Denkweis spiegelt sech och an de Finanzen erëm. D’Demokratesch Partei huet e.a. am Juli $1,5 Milliounen ausginn, fir am Virginia 40 Leit anzestellen. No zimlech schwaache “Fundraising” Zuelen iwwert de Summer stoung de läschte Mount d’Partei mat duebel esouvill Scholden do wéi een Cash Reserven huet. D’Republikaner gesi bei hirem Bléck op de Spuerkonto ronn $46 Milliounen… am Schwaarzen; si hu keng Scholden. $3 Milliounen huet een dowéinst senger Virginia Partei ginn, fir 80 Memberen vum Staff mat ze bezuelen. A bei de Kandidate sëlwer huet den Demokrat Northam nach $0.3 Millioune méi wéi säi Géigner fir déi läscht Deeg vun der Campagne.

An och um Terrain ass déi (fatal?) Denkweis present. Den Engagement vun den Demokraten ass am Verglach mat 2013, wéi den Terry McAuliffe Governor ginn ass, zimlech schwaach. “It feels a little quiet for a gubernatorial race,” sot den US Senator fir Virginia (a fréiere Governor), Mark Warner, een Demokrat, vrun e puer Deeg. D’Gefor, dass ee nees eng Wahl verschlofe giff, huet dozou gefouert, fir den Ex-President Obama de läschte Mount an de Staat z’invitéieren. Hie sollt d’Basis, déi hei fir d’Demokraten méi wéi je aus ethnesche Minoritéite besteet, wackreg maachen. Déi ganz demokratesch Kraft – vum beléiften (Nach-)Governor McAuliffe bis zum Ex-President – stoung op der Bühn, fir Stëmmung ze maachen. “We need you to take this seriously,” huet den Obama senge Leit zougeruff. Et konnt een d’Angscht, nees eng Kéier “seng” Wielerschaft net vun engem anere Kandidat kennen z’iwwerzeegen, a senger Stëmm eraushéieren. “Elections matter. Voting matters. (…) You can’t sit this one out.” Den Applaus an d’Stëmmung war, am Verglach mat Obama Rallys vun 2008 oder 2012 an dësem Staat, dach zimlech verhalen.

De Ralph Northam ass ebe keen Obama, a kee McAuliffe. Hie beweegt keng Massen, sou seng Kritiker. De méi lénken Deel vun der Parteibasis wollt de Northam jo och iwwerhapt net. Et hat een sech hannert den Tom Perriello, e Member vum US Repräsentantenhaus gestallt, deen d’Ënnerstëtzung vum onofhängegen Senator Sanders kritt hat. Mä et war um Ënn de Northam deen (iwweraschend) däitlech d’Virwahle konnt gewannen.

Firwat de fréieren Dokter, mat enger Carrière beim Militär no sengem Ofschloss op der bekannter (an extrem strenger) VMI Militäruni, gewonnen huet, huet d’Washington Post wuel konnte festhalen.

Wéi hien an dëser Campagne an enger gratis Clinique fir en Event wor, huet hien sech, wéi d’Post schreift, just mat eng Grupp vu Leit an engem Eck ënnerhalen. “Working the room”, wéi se an den USA soen, ass dat net. Mä dunn hëlt hie säi Stethoscope eraus a geet eng kleng Patientin (6), déi sech fest un hirer Mamm unhellt, besichen. De Northam brauch net all ze laang fir d’Meedchen ze berouegen. Wa Kanner kéinte wielen, sou d’Post, da bräicht sech den Demokrat keng Suergen ze maachen. De Mann, dee fir ofzeschalten gär eraus op d’Mier fiert, steet vum Stil hir éischter Politiker aus de 1950er a 60er no: roueg; munchmol hard Positiounen (hien ass bspw. géint ‘Sanctuary Cities’ fir illegal Immigranten), déi d’Basis net besonneg gären héiert; an eng Reputatioun zënter senger Zäit am State Senate fir och Ideen vu politesche Géigner munchmol z’ënnerstëtzen. Kann esou eng Persoun, an Zäiten vu muchmol iwwerdriwwener Eegen-PR via Social Media an dem Ruff no Loyalitéit géigeniwwer dem harde Kär vun der jeweileger Parteibasis, eng Wahl gewannen?

(Northam Reklamm, mam Titel "Listening", weist eng ähnlech Szen & bréngt 'Net den Trump'-Taktik)

De Faite, dass hie ganz gären Parteikollegen aushëllefe geet, kéint him zumindest an dëse Wahlen ze gutt kommen. Vill vun hinne sinn op de Been. A kee mécht wuel esou staark Campagne fir de Northam wéi säi Chef, Terry McAuliffe. Dësen dierf net fir eng 2. Amtszäit als Governor untrieden (Virginia erlabt maximal 2 Perioden awer verbitt dës noeneen ze maachen), an ass och dowéinst ganz interesséiert un engem aneren Haus. De McAuliffe, e Frënd vun de Clintons, erhofft sech, dass mat enger Victoire fir säi “Vize” de Grondsteen fir 2020 ka geluecht ginn. Hie weess awer och, dass et déi eenzeg Méiglechkeet ass, fir seng “Legacy” ze retten. Am State Senate, wou dëst Joer net gewielt gëtt, hunn d’Republikaner eng Majoritéit (21-19) an am Repräsentantenhaus, wat ganz frësch gewielt gëtt, dierften déi Konservativ och un der Muecht bleiwen (aktuell: 66-34). Dem McAuliffe seng Executive Orders, wéi déi fir verschidden Ex-Prisonéier nees d’Wahlrecht ze ginn, a seng Vetos géint republikanesch Gesetzesproposen stinn deemno um Spill. Zemools seng Vetos – iwwer 90 Stéck a 4 Joer, wat e neie Rekord ass – benotzt hie gären, fir Stëmmung bei der Basis ze maachen. Zesumme mat senger gudder ekonomescher Bilanz (Chômage Taux ass vun 5.4% (2014) op 3.7% (2017) gefall, an e.a. Facebook huet $1 Milliard am Staat investéiert) sollt dës dofir suergen, fir de 60-järegen zum 1. demokratesche “frontrunner” fir 2020 ze maachen.

Just wait until Virginia,” seet dofir och den demokratesche Parteichef, Tom Perez, nervöse Kollegen hannert zouenen Dieren. Do géif een, esou seng Hoffnung, gewannen an da géif déi ganz Saach schon un d’Rulle kommen. De Perez, de Kandidat vum Partei Establishment fir d’Amt vum Parteichef, kämpft vun Ufank un géint déi méi lénk Parteibasis, déi de Keith Ellison, e Bernie Sanders Supporter, wollt op där Platz gesinn. Et war um Ënn dem Perez seng Decisioun, fir zu Virginia als national Partei grouss an eng Governor Wahl z’investéieren. Eng Victoire fir de Gillespie an d’Kritik um Perez dierft weider steigen. Dann hunn 3 Kandidaten vun der “moderater” Parteispëtzt verluer: d’Clinton, de Perez, an de Northam.

Et ass dat de Grond, firwat Virginia an dësen Zäiten “Ground Zero” an der amerikanescher Politik ass. D’Resultat wäert Conclusiounen zouloossen a Konsequenzen mat sech bréngen. Wann “Trumpism” fonktionnéiert, dann hunn d’Republikaner fir d’Midterms 2018 eng Taktik prett leien. Falls net, kéint deen een oder aneren Politiker aus hire Reien decidéieren, fir sech eng Nidderlag d’nächst Joer ze spueren a léiwer an de nächsten Deeg a Wochen e Récktrëtt annoncéieren. D’Demokraten brauchen, nierft dem New Yorker Buergermeeschteramt an der erwaarter Governor Victoire am New Jersey, Virginia fir Rou ze hunn. Falls ee verléiert, drot den interne Sträit iwwert d’Ausriichtung vun der Partei (tëschend moderate Clinton & lénke Sanders Supporter) nees komplett nei auszebriechen; déi sougenannt “Resistance” kéint aus Frustatioun u Kraaft verléieren, fir sech bei de Midterms z’engagéieren an dem Trump seng Politik ze stoppen; an d’Carrière vum Perez an d’Ambitioune vum McAuliffe si just méi Randnotizen an de Geschichtsbicher.

De Ralph Northam, dee ni wierklech an d’Politik wollt goen an dunn awer eng ganz schnell Carrière no uewen (richteg?) prophezeit kritt huet, ass dee Mann, deen herno alles entscheed. Wann hie säi Lieblingslidd (dem Elvis Presley säi “My Way”) lauschtert, dierft him wuel duerch de Kapp goen, dass dat wat hannert sengem Numm en Dënschdeg steet iwwert d’Zukunft vu béide Parteien am Land wäert entscheeden.

Fir irgendeng Säit heescht et dowéinst dëse Weekend: “The end is near.”

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s