[Geschate Lieszäit: 5 Minutten]

Wéi d’Finanzkris 2008 Island getraff huet, ass d’Vertraue vun de Leit an hir politesch Institutiounen ganz séier gefall. 2011 louch deen Taux nach bei grad eemol mickregen 11 Prozent. Dat ass schlecht, fir d’Politik an d’Demokratie u sech. Et gouf deemno Zäit fir e neie Model ze probéieren. De Gunnar Grímsson a Róbert Bjarnason hunn dat gemaach.

Si si keng Politiker, sinn a kenger Partei täteg an hir Organisatioun “Citizens Foundation” mécht kee Profit. Déi zwee hate just de Wëllen fir d'(Lokal-)Politik nees méi no un de Mann an un d’Fra ze bréngen. Wann een enger Persoun net méi traut, fir een ze schaffen oder hannert engem ze stoen, da muss een besser oppassen. Dat war de Grondgedanken hannert der Idee vu “Better Reykjavik.” Et ass wäit méi wéi anere “e-government” Proposen am Ausland, wou sech d’Politik gréisstendeels mat ëffentlechen Petitiounen zefridde gestallt huet, fir eng aktiv Participatioun vu Bierger virzetäuschen z’erméiglechen. 

De Projet vu Grímsson a Bjarnason erlaabt de Bierger vu Reykjavik fir all Mount Proposen ze maachen, déi d’Liewen an hirer Gemeng kéinte verbesseren. Dës Idee’n kennen da vun Matbierger*innen (am Stil vu Reddit) bewäert a kommentéiert ginn. Am Ufank huet dee Commentaire Model fir déi bekannten online Streidereien (a Fluchwierder) gesuergt. Nodeems d’Debat Säit einfach an 2 gespléckt gouf – positiv Commentairen gi lénks opgelëscht, während Kritiken elo riets stinn –, war dee Problem geléist. Well d’Leit elo net méi direkt op e Commentaire vun enger anerer Persoun kennen äntweren, hätt sech, esou de Grímsson am Joer 2014, den allgemenge Niveau vum Debat ganz séier erop gesat. 

Um 12 Auer Mëtteg vum leschte Wochendag vum Mount ginn déi bescht Propose vun de Leit – also déi mat den héchste Stëmmen – mat alle Kommentaren un de Gemengerot vu Reykjavik geschéckt. Déi jeeweileg Komissiounen debattéieren déi bis zu 15 Proposen de folgende Mount. All Bierger, dee bei enger Idee mat ofgestëmmt oder kommentéiert huet, gëtt iwwert déi nächst politesch Schrëtt um Lafende gehalen. Fir all déi aner Leit wäert de ganze legislative Prozess herno um Internetsite publizéiert ginn. 

“We decided we are all very interested in possibilities to make direct democracy work, and we saw this [Better Reykjavik] as a brilliant solution.” – Jón Gnarr (Buergermeeschter vu Reykjavik, 2010-2014)

An den éischte 4 Joer goufen 165 Propose vun de Leit – 5 Prozent vun alle proposéierten Idee’n – vollstänneg ëmgesat, dorënner Spillplazen am Klambratún Park oder de bekannte Laugavegur Wee am Summer zur Auto-fräier Zone ze maachen.

De Grond fir de Succès vum Projet läit hei definitiv och beim fréiere Buergermeeschter Jón Gnarr, e Schauspiller a Komiker dee mat enger neier “Witzpartei”, ‘Déi Bescht Partei’, 2010 an d’Course gaange wor. Seng Partei hat d’Bierger opgefuerdert, fir iwwert de Site vum Grímsson a Bjarnason Proposen fir eng besser Gemeng eranzeginn. Just zwou Woche méi spéit goufen eng dausend Proposen vun iwwer 40.000 Leit – 40 Prozent vun der Wielerschaft – debattéiert, kommentéiert a bewäert. No der Wahlvictoire fir déi Bescht Partei koum et, am Oktober 2011, zu enger offizieller Partnerschaft tëschent dem gegrënnten Citizens Foundation Grupp (vu Grímsson a Bjarnason) an der Gemeng vu Reykjavik.

Am Joer 2013 gouf d’Kooperatioun duerch den “Better Neighbourhood” Projet weider ausgebaut. D’Stad Reykjavik huet hei 300 Milliounen islännesch Krounen (ronn €2mio) zur Verfügung gestallt, déi dann ënnert den 10 Staatbezierker gedeelt ginn. D’Bierger kennen hir Proposen fir hire Budget (fir hire Bezierk) era ginn, d’Gemeng berechent dono d’Käschte vun den eenzelne Proposen, ier d’Leit am Mäerz elektronesch iwwert d’Idee’n kennen ofstëmmen an si esou hire Budget fir hire Bezierk opstellen. Iwwer dausend Virschléi koumen hei vun de Bierger schonns eran an an den éischten 3 Joer goufen der 420 an de jeeweilege Bezierker ganz approuvéiert.

Déi 2 Initiatoren, déi fir “Better Reykjavik” 2011 de “European eDemocracy Award” kritt hunn, konnten hir Plattform och schonns am Ausland “un de Bierger” bréngen. Estland (wou ee jo schonns kann online bei Landeswahlen wielen) an dat Vereente Kinnekräich (fir de Gesondheetssystem NHS ze verbesseren) hu mat Citizens Foundation schonns zesumme geschafft, fir eng ähnlech Plattform wéi Better Reykjavik op d’Been ze stellen. Während een am UK de Projet nach eemol weider well verbesseren, esou goufen dank der Plattform an Estland schonns 7 Propose vun de Leit zu neie Gesetzer. A mam Alamance County am US Staat North Carolina gëtt et och op der anerer Säit vum Atlantik esou en e-government Site um lokale Niveau.

Villäicht gewënnt jo muer an enger Gemeng am Land e lëtzebuergeschen Jón Gnarr, deen op esou eng Form vun Gouvernance zréck gräift. Falls keen eng gréisser Partnerschaft mat Citizens Foundation well agoen, da kann een och déi ähnlech Plattform “Your Priorities” einfach gratis benotzen. 

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s