[Geschate Lieszäit: 5 Minutten]

Et sinn aktuell keng schéi Momenter, fir Sozialisten a Westeuropa. A Spuenien huet een et, trotz massivem Spuerprogramm vun de Konservativen, net geschafft un d’Muecht ze kommen. An Italien ass den „Hoffnungsträger“ vu gëscht iwwert e Referendum gefall. An Holland ass ee net just aus der Koalitioun erausgeflunn, mä katastrophal ënner gaangen. A Norwegen ass een zwar nach stäerkst Partei, mä et wor een – trotz 4 Joer Oppositioun géint eng konservativ Minoritéitsregierung – mat 3.5% Verloscht de grousse Verléierer vun der Wahl. Am Vereente Kinnékräich feiert ee sech dogéint, well ee no 7 Joer Oppositioun elo um nämlechte Niveau ass wéi 2010, wéi ee no 13 Regierungsjoren eraus geflunn ass. An déi Säit der Musel wor de Schulz-Zug um Ënn éischter een Train 1900 an d’Oppositioun, wéi een ICE an d’Kanzleramt. 

Bei enger Erklärung vun dëser sozialistescher „Krankheet“ gëtt oft a gären just mam Fanger op d’1990er an dem Anthony Giddens säi „Third Way“ gewissen. Dësen „drëtte Wee“ hat d’Gauche ewech bruecht vun der sturer lénker ekonomescher Politik – an e.a. een Tony Blair 1997 souwéi e Gerhard Schröder 1998 un d’Muecht bruecht. D’Haptargumenter vu „Third Way“ Géigner – „Sozialiste lauschtere net méi op de klénge Mann“ respektiv „Sozialiste maache näischt méi fir de klénge Mann” – solle mat Wahlerfolleger vun engem Tspiras, engem Mélenchon oder dat „Et wor jo net esou schlëmm“-Resultat vun engem Corbyn erkläert ginn. D’Theorie ass folgend: et muss ee nees fort vum Zentrum, deem seng Wielerschaft dach souwisou just „shy Tories“ oder „rout Konservativer“ sinn; déi eenzeg richteg Sozialisten setze ganz lénks. 

“Zurück in die Zukunft” gewënnt fir d’Sozialisten haut awer keng Wahle méi. Déi politesch Parteien-Landschaft ass um lénkse Spécktrum vill ze vill grouss, fir dass all „roude“ Wieler op esou ee méi ekonomesch lénke Wee matgeet. 

Wee no lénks geet, verléiert dann eben d’Leit an der Mëtt. A ween d’Wieler an der Mëtt verléiert, bäisst herno an de saueren Aapel. Frot eemol e Benoît Hamon (oder François Hollande), een Ed Miliband oder een Jeremy Corbyn. Dobäi kann een awer, op der anerer Säit, als Sozialisten och net ëmmer weider an d’Mëtt goen (respektiv do bleiwen), well een ebe soss entweder seng lénk Wielerschaft un aner Parteien vun der Gauche verléiert oder ee sech als Partei einfach direkt an 2 spléckt. Dat kann een an dësen Zäiten e.a. gären e Renzi an Italien oder een Asscher an Holland froen.

Keng Wahl huet den eigentlechen Problem vun der Ex-Vollékspartei awer esou kloër opgewisen, wéi déi franséisch Wahlen am Fréijoër. Während een déi ekonomesch Diskussiounen a bal alle Länner op der Welt ka benotzen, fir eng Analyse vun deene politesche Parteien ze maachen, esou sinn déi sozial-kulturell Erausfuerderung ganz speziell op dësem Kontinent. Op kengem aneren gett et aktuell esou e groussen Débat iwwert eng „oppen“ géint eng „zouen“ Gesellschaft. Finanzkris, Wirtschaftskris, Eurokris, EU-Kris, Flüchtlingskris an, last but not least, Terrorattacken hunn dës Diskussioun ëmmer weider verschärft. D’Anti-EU Parteien si net just géint d’EU, mä hu keng Schan méi, fir hir anti-Immigranten Haltung ze weisen. 

Et ass schlussendlech dësen Débat deen de Sozialisten, ob um Kontinent oder op der Insel,  d’Genéck brécht. De méi lénken Deel vun der Basis, dee vun der Parteispëtzt scheinbar net mat op den ekonomeschen „Third Way“ geholl gouf, ass no all dëse Krisen (zu engem Deel) oppen auslännerfeindlech ginn – um, pardon, EU-kritesch ginn. E Mélenchon oder Corbyn welle genee esou aus der EU austrieden wéi e Le Pen oder Farage. Während Le Pen a Gauland Migranten als potentiell Terroristen duerstellen, huet de Mélenchon stolz behapt, dass him 10,000 Dokteren, déi a Frankräich wéilten awanderen a schaffe kommen, léiwer wieren wéi e Grupp Flüchtlingen. A net méi spéit wéi dës Woch huet d’Jugend vum Mélenchon senger FI vrun der Sorbonne géint de President Macron a seng Reformen fir d’Land an Europa protestéiert. Ween als Partei wierklech nees op de „klénge Mann“ well lauschteren, muss deemno och esou eng Politik fuerderen.

Wann dat, wéi am Vereente Kinnékräich oder Frankräich geschidd, d’Positioun vun der Gauche gëtt, dann huet de Wieler an der Mëtt keng aner Optioun, wéi där Partei, déi da just méi op Kongresser d’Internationale séngt mä sech soss vun der Welt ofgrenzt, de Réck ze dréinen. Europäesch Konservativer wéi Cameron, May, Kurz, Rutte, Seehofer a co. schneiden zwar ähnlech Téin un, an der Hoffnung esou déi „rechte Flanke” zou ze maachen, mä zumindest weess de Wieler hei (aktuell) nach, dass déi eigentlech Positioun an Denkweis vum Politiker dach wuel eng aner ass. 

De wahltaktesche Problem fir d’Sozialisten läit hei am Detail: Während de Third Way der Gauche nämlech eng Méiglechkeet ginn huet, de fräie Marché mat méi Sozialpolitik ze kombinéieren, esou ass de fräie Mouvement vun de Bierger (an d’Ophuele vu Flüchtlingen) eng binär Propose.

Trump a Brexit hunn eng Richtung an dësem Gesellschaftsdebat ugi gehat. Et wor zumindest riskant als Macron, fir sech als pro-EU an pro-Globalisatioun Politiker duer ze stellen. Mä et huet et dem 39-järegen erlabt, fir der grousser Majoritéit am Land eng weider Wahl-Optioun ze ginn. Et huet ee net missten extremlénks oder rietspopulistesch wielen, wann ee Reformen (doheem an an Europa) wollt gesinn. Et haat een elo säi „Populist vun der Mëtt.”

Et wor deemno logesch, dass sech d’mëtt-lénks Wieler op d’Säit vum Macron geschloen hunn, a net op déi vun hirem ekonomesch lénke Parteikandidat Hamon – dee vun Ufank un eng Allianz mam lénksextremen Mélenchon wollt agoen. (An et erkläert och, firwat Juppéistes a Chiraquiens méi frëndlech mam Macron wéi mat Fillon oder Sarkozy woren.)

D’Gauche a Westeuropa passt an hirer aktueller Versioun net méi an déi politesch Laag eran. Lénk/Kommunistesch versus fräie Marché wor/ass eng schwéier ekonomesch Gripp; oppen versus zouen Gesellschaft schéngt een déidleche Virus ze sinn, fir deen et aktuell (nach?) kee Medikament gëtt.

A Frankräich muss d’Partei elo hir Räimlechkeete verkaafen, fir net an d’Faillite ze goen. An Éisträich geet e wuel an e puer Wochen an d’Oppositioun, géint eng konservativ-rietsextrem Regierung. An Italien ass d’Partei vum Beppe Grillo dat ganzt Joer iwwer schonns vir, wat d’Wahlen d’nächst Joer ugeet. Am UK läit Theresa May elo bei der Fro nom beschte Premier nees bal 10% vrum Jeremy Corbyn – Tendenz steigend. An an Däitschland probéiert ee mam Andrea Nahles, ob net awer dat lénkt Medikament klappt, fir vläit am Osten d’Stëmmen vun AfD a Linke zréck ze wannen.

Do wäert zu Lëtzebuerg eng LSAP wuel frou sinn, dass de Referendum iwwert d’Auslännerwahlrecht scheinbar keng esou eng längerfristeg an déifgräifend sozial-kuturell Dimensioun an déi politesch Arena vum Grand-Duché erabruecht huet. Da muss ee sech weiderhin „just” mat der Economie auserneen setzen, an dat ass schwéier genuch. De nächste Sonndeg gëtt et wuel do de nächsten Tëschebilan.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

One Comment

  1. […] D’Ëmfroen hu Schwieregkeeten dat dëser Deeg erauszefannen. De Gillespie huet emol e Virsprong vun 8%, fir just 3 Deeg dono scheinbar ganzer 17% hannert dem demokrateschen (Nach-)Lieutenant Governor, Ralph Northam, ze leien. “D’Leit haassen zwar ‘attack ads’, mä si fonktionnéieren,” sot emol eng Kéier e Proff, deen fir divers Republikaner geschafft huet, zu mir. Zu engem Deel fonktionnéieren se wuel och, well esou knaschteg Reklammen de Géigner an eng schlecht Situatioun bréngen. Entweder äntwert een op d’Accusatiounen – a gëtt sengem Géigner domat dee politeschen Debat, deen dëse wollt hunn – oder et ignoréiert een et an riskéiert domat, dass “eppes” un engem senger Persoun “hänke bleift.” Et ass deemno keen Zoufall, dass sech d’Demokraten un d’Presidentschaftswahlen vum läschte Joer erënnert fillen. Vun deem Schock huet sech d’Partei weiderhin net komplett erholl. Eng Nidderlag zu Virginia kéint si esouguer an eng Kris schécken, déi un déi vun den europäesche Sozialisten erënnert. […]

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.