[Geschate Lieszäit: 5 Minutten]

Estland gëllt als Virreider wat “e”-Welt ugeet, an esou ass et kloer, dass d’Land dat digitaalt Europa während senger Presidence well weider no vir bréngen. E vu villen digitalen Projeten vun dëser Republik, déi sech zu engem Musterschüler ënnert de fréieren Sovietstaaten entwéckelt huet, ass d’Onlinewahl. Zënter 2005 kennen d’Leit och ganz einfach iwwert den Internet hirt Parlament wielen. Et ass dat éischt, a bis ewell eenzegt, Land op der Welt, wat dës an esou enger Form erlaabt. A firwat och net, héiert ee verschiddener scho soen. Haut mécht een dach schonns online seng Bankiwwerweisungen a keeft och online an. Wann dat alles sécher (genuch) ass, firwat soll online wielen dann esou schlecht sinn?

Zu engem Deel ass et dat och guer net. Et kéint a misst jo eigentlech iwwerall esou einfach sinn wéi an Estland. Do kruten d’Leit vun der Regierung Carte d’Identité’n mat engem Token drop. Si kennen mat der Hëllef vun deem Token hire Vote op egalwéi enger Platz op der Welt maachen. Bei de Parlamentswahlen 2015 hunn iwwer 30 Prozent vun de Wieler online ofgestëmmt. Laut enger Etude wier den Taux de Participation bei de Wahlen 2009 iwwer 2.5 Prozent méi niddreg gewiescht, falls dës Optioun net bestanen hätt. Eng weider Etude huet fonnt dass Onlinewahlen et Leit mat Behënnerungen besser erméiglecht deel zehuelen.

An dat ass grad de Punkt, dee (bal) jiddereen fäerten deet: “besser erméiglecht deel ze huelen.” Natierlech fäert keen eng héij Wahlbedeelegung vu Leit mat Behënnerung – et wier esouguer wënschenswäert wann dës Zuel, déi oft a Berichter vernoléissegt gëtt, géif grouss an d’Luut goen -, mä d’Wahlbedeelegung vun aneren Leit un dëse Wahlen.

E Pilotprojet zu Washington D.C., am Joer 2010, goung an där Hisiicht katastrophal no hanne lass. Et wollt een deemools Leit, déi net um Wahldag an de Wahlbureau konnte goen, et erméiglechen online ze wielen. Kuerz vrum November huet een eng Testwahl ofgehalen a jiddereen invitéiert de System ze hacken. Et huet keng 48 Stonne gedauert bis Friemer d’Kontroll iwwerholl hunn. De Projet gouf gestoppt an d’PR fir d’Onlinewahl huet eng schwéier Nidderlag misste mat maachen.

Supporter an/vun Estland gesinn awer Ënnerscheeder zum D.C. Debakel. An der Politikwëssenschaft gouf nämlech festgehalen dass Wahlbedruch éischter an “winner-take-all” Wahlsystemer, wéi deen an den USA, Kanada oder dem UK, virkommen wéi a Proportionelle Systemer, wéi deem an Estland. En plus, de System vun der amerikanescher Haaptstad hat deemools e.a. keng end-to-end Verschlësselung benotzt. An Estland gëtt de Bulletin mam Vote verschlësselt, genee wéi d’Daten vum Wieler, ier et dann an eng digital Wahlurn geet. Wann um Wahlowend de Bureau zougeet, ginn déi digital Enveloppe opgemaach, entschlësselt, mat anere Bulletinen gemëscht, an dann vun der Maschinn ausgezielt. Esou eng Protektioun gouf et an den USA net. Do vertraut een am Eechtfall – esou wéi dat och bei de rezente Wahlen an Holland gemaach gouf – op ganz normal Leit fir d’Wahlziedelen auszielen. Dës “secher” Method huet allerdéngs och eng Marge d’erreur, déi mat bis zu 2 Prozent dach zimlech grouss ass.

Trotzdem gëtt et och um System vun Tallinn Kritik. Rezent hunn onofhängeg Computerexperten aus den USA (2014) a vun der Oxford University (2016) dat Ganzt ënnert d’Lupp geholl, a mol méi (2014), mol manner (2016) schaarf kritiséiert. De System wier fir dëst Joerzéngt net méi secher genuch, heescht et do. Estland gouf beispillsweis an de läschte Joeren Affer vun der enger gréisserer DOS Attack aus Russland. Fir eng ähnlech Attack op hir Onlinewahl wier, esou d’Bedenken vun den Experten aus Amerika, keen adequate Schutz do. Dobäi kennt, laut der Oxford University, dass de ganze Wahlprozess net genuch op Malware géif iwwerpréift ginn. D’Sécherheet vu Computeren, Tablets oder Smartphones vun de Wieler géife gréisser Problemer duerstellen, well dës net onbedéngt op deem beschte Niveau sinn fir mat rouegem Gewëssen esou eng Wahl ofzehalen. Et sollt een, esou d’Conclusioun vu Michigan, dës Method nees ofschafen, zumindest bis dass ee wierklech vun enger fräier a fairer Wahl kann ausgoen. E Mataarbechter vun der Regierung well déi ganz Kritik esou net stoe loossen. Si géifen vrun de Wahlen ëmmer d’Leit invitéieren fir hire System ze hacken, a bis elo hätt nach ni een wierklech Erfolleg dobäi gehat. Dat Argument géif, esou d’Experten, awer d’Wierder “nach ni” ze vill an den Hannergrond stellen.

Schlussendlech ass et wuel d’Entscheedung ob wéi eng Säit ee lauschtert: ob d’Politikwëssenschaft, déi Virdeeler gesäit an och bei “normale” Wahlen op Feeler opmierksam mécht, oder ob d’Computerwëssenschaft, déi fäert dass esou, op ee Coup, eng gréisser politesch Entscheedung kéint geholl ginn déi, anescht wéi eng Bankiwwerweisung, net méi wierklech ka (schnell) réckgängeg gemaach ginn. Nom Wahljoer 2016 dierft et Estland wuel an de nächste 6 Méint schwéier falen hir EU Partner an dësem “e-government” Dossier z’iwwerzeegen.

(Featured Image: cc 2.0 Democracy Chronicles)

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s