Oppenen Bréif

Zerstridden.

cc Dave Kellam

[Geschate Lieszäit: 4 Minutten]

Zënter dem Referendum ass dat Vereente Kinnekräich zerstridden wat de Brexit ugeet. D’Wahlen sollten do Stabilitéit bréngen andeems d’Land sech hannert dem Theresa May säi Brexit (Eraus aus Bannemaart & Zollunioun) stellt. Mä elo ass d’Situatioun nach méi komplex wéi se scho wor. Een Iwwerbléck vun der Situatioun.


Schottland
Nordirland
Labour
Konservativ
House of Lords

E Fazit ass wuel dass eng Säit an dësem “Trauerspill“/EU Debat muss eppes opginn. 2 Länner kréien definitiv net (genee) dat wat se am Referendum gewielt hunn. D’Fro stellt sech ebe just ob dat Schottland a Nordirland trefft, oder England a Wales. De Brexit Minister Davis huet um Méindeg bei Sky News jiddefalls scho bal esou geklongen wéi wann d’EU hinnen dach sollt aus där Sakgaass eraushëllefen. “Mir wëlle jo net aus dem Bannemaart eraus,” sot hien. Ma Europa wéilt bei der Migratioun London net entgéint kommen. Bloody difficult, respektiv Strong and stable, klengt anescht. Wéi ee Brexit d’Land kritt weess e mer elo wuel eréischt fréistens wann de Brexit Deal um Dësch läit, a vun alle Säiten ugeholl gouf.

(Featured Image: cc Dave Kellam)