[Geschate Lieszäit: 4 Minutten]

Zënter dem Referendum ass dat Vereente Kinnekräich zerstridden wat de Brexit ugeet. D’Wahlen sollten do Stabilitéit bréngen andeems d’Land sech hannert dem Theresa May säi Brexit (Eraus aus Bannemaart & Zollunioun) stellt. Mä elo ass d’Situatioun nach méi komplex wéi se scho wor. Een Iwwerbléck vun der Situatioun.


Schottland
  • Schottesch Nationalisten (SNP) wëllen dass Schottland Member vum Bannemaart bleift. Si ginn awer geschwächt aus de Wahlen eraus, nodeems d’Schotten dës benotzt hunn fir d’Sturgeon un d’SNP Verspriechen vu vrum Onofhängegkeetsreferendum 2014 z’erënneren. Deemools hat e gesot esou e Referendum iwwert de Status vu Schottland wier een “once in a generation” Event.

  • Déi schottesch Konservativ wëllen och am Bannemaart bleiwen. Hir (pro-Remain) Parteicheffin, Ruth Davidson, ass scho laang e Stär um Parteihimmel mä geet mat 13 Sëtz (+12) gestäerkt aus de Wahlen eraus. Déi 13 Sëtz, sou soll d’Davidson dem May gesot hunn, si méi wéi déi 10 vun der DUP.

Nordirland
  • D’DUP, déi eng konservativ Minoritéitsregierung zu Westminster soll ënnerstëtzen, wor fir Leave. Ma si wellen awer keen “spezielle Status” fir Nordirland an der EU (bspw. fräie Mouvement vu UK/EU Bierger op der irescher Insel fir keng Grenz tëschent der Republik an dem Vereente Kinnekräich ze hunn; an dofir Grenzkontrollen fir Nordiren wa se a Groussbritannien reesen). Et fuerdert een, als pro-britesch Partei, de selwechten Brexit Deal wéi de Recht vum Land. Dat hätt Konsequenzen, well….

  • England a Wales (zum groussen Deel) wéinst der Immigratioun/dem fräie Mouvement gestëmmt hunn d’EU ze verloossen. Béid Länner wëllen dowéinst och eraus aus dem Bannemaart, wou de fräie Mouvement vun de Bierger een Haaptbestanddeel duerstellt. Doduerch géif awer eng Grenz op der irescher Insel zougoen, och well eben d’DUP e speziellen Deal fir Nordirland ofleent. Weder d’EU nach de UK well eng iresch Grenz gesinn. 

  • An aus der Zollunioun eraus goen – wat verschidden “hard Brexit” Konservativer fuerderen – schéngt sech mat der DUP och schwiereg ze gestalten. Esou ee Schratt géif, ouni “spezial Deal” fir Nordirland, schliisslech och eng Grenz bedeiten. Mä ouni Austrëtt aus der Zollunioun kann een d'”Global Britain” Strategie an d’Poubelle puchen. Dat Vereente Kinnekräich wier dann bei Handelsaccorden un d’EU gebonnen; dem Liam Fox, e Brexit Supporter, säin internationalen Handelsministere géif just nach Sue kaschten.

  • An d’Drohung “no deal is better than a bad deal” ass wuel ebenfalls definitiv vum Dësch. Keen Deal heescht eng Grenz, méiglech Gewalt an een gestäerkten pro-ireschen Mouvement op der irescher Insel. Während May a co. dat läscht genannten vläicht nach a Kaf geholl hätten, esou stellt dat fir d’DUP een absoluten “no go” duer.

Labour
  • D’Partei wor am Referendum fir Remain. Hire lénksradikale Parteichef Corbyn wor awer ni e Fan vun der EU.

  • Am Wahlprogramm huet Labour, aus Angscht et géif Sëtz am Norden vun England & an de Midlands verléieren (= 2 staark pro-Leave Regiounen), versprach aus dem Bannemaart auszetrieden. Verschidde Labour Deputéiert hunn awer an hirem Wahlbezierk, wann dëse méi pro-Remain wor, Wahlkampf gemaach mam Zil am Bannemaart ze bleiwen.

  • Eng Rëtsch Proposen aus dem Labour Programm, wéi e.a. méiglech Verstaatlechung vu verschidde Betriber oder gréisser Hëllef vum Staat, si net als Member vum Bannemaart ëmzesetzen.

  • De Parteichef Corbyn schwätzt dovun een “jobs-first” Brexit wëllen ëmzesetzen. Säi Shadow Chancellor McDonnell huet um Sonndeg eng Memberschaft vum Bannemaart ofgeleent. Säi Shadow Brexit Minister Starmer huet gemengt et kéint een iwwert de Bannemaart diskutéieren.

  • De Problem vu Labour hei ass (1) d’Zerstriddenheet an der Partei op dësem Punkt zënter dass de Referendum ausgeruff gouf, an (2) d’Angscht sech ëffentlech “ze vill” an eng Richtung festzeleeën an déi Konservativ dann d’Roserei vu Remain Labour Wieler*innen, respektiv Leave Labour Wieler*innen, da bei schnelle Neiwahlen géifen ausnotzen.

Konservativ
  • Zum Deel huet elo d’Davidson vu Schottland aus vill ze soen. Zum aneren huet, well et eng Minoritéitsregierung ass, jiddereen – also och d’Euroskeptiker a “no deal” Brexit Leit – vill ze soen.

  • Déi Konservativ hunn d’Resultat vum Referendum als e ganz haarde Brexit ugesinn. De Problem ass just dass een domatter wuel ausserhalb vum Engleschen Norden a Midlands net vill Leit begeeschtert kritt. Sollt een seng Meenung zum Brexit änneren, sou wéi pro-Remain a pro-EU Ministeren an Deputéierten dat a leschte Stonnen gefuerdert hunn, riskéiert een grad an deene Géigenden Leit zréck u UKIP ze verléieren. Sollt dat antrieden, da bräicht Labour “just” seng Stëmmen vun en Donneschdeg ze behalen fir bei de nächste Wahlen eng absolut Majoritéit ze kréien.

  • An esouguer vrun deene (Nei?)Wahlen mussen déi Konservativ oppassen. Et dierfe net vill Deputéiert d’Parlament beispillsweis aus Familiären-, Gesondheets- oder soss iergend engem Grond komplett verloossen. Bei engem Récktrëtt vun engem Deputéierten ginn et nämlech “by-elections” an deem Wahlbezierk; a bei “by-elections” ass d’Oppositioun (bal) ëmmer Favorit fir der Regierung deen een Sëtz ofzehuelen. De Corbyn kéint deemno vrun de reguläre Wahlen vun 2022 d’Méiglechkeet kréien selwer eng Minoritéitsregierung op Been ze stellen. Een Super-Gau fir d’Tories.

House of Lords
  • Dat iewescht Haus vum Parlament wor grouss pro-EU an huet och beim Artikel 50 Gesetz d’Premierministesch genervt gehat.

  • D’Lords mussen, genee wéi d’Deputéiert, de Brexit Deal unhuelen.

  • Déi britesch “Verfassung” verlaangt vun de Lords Gesetzer, déi op spezifesch Fuerderungen aus dem Wahlprogramm vun der Regierung zréck ginn, unzehuelen. Si kennen esou Gesetzer net stoppen. Déi eenzeg Ausnam? Wann d’Land vun enger Minoritéitsregierung regéiert gëtt.


E Fazit ass wuel dass eng Säit an dësem “Trauerspill“/EU Debat muss eppes opginn. 2 Länner kréien definitiv net (genee) dat wat se am Referendum gewielt hunn. D’Fro stellt sech ebe just ob dat Schottland a Nordirland trefft, oder England a Wales. De Brexit Minister Davis huet um Méindeg bei Sky News jiddefalls scho bal esou geklongen wéi wann d’EU hinnen dach sollt aus där Sakgaass eraushëllefen. “Mir wëlle jo net aus dem Bannemaart eraus,” sot hien. Ma Europa wéilt bei der Migratioun London net entgéint kommen. Bloody difficult, respektiv Strong and stable, klengt anescht. Wéi ee Brexit d’Land kritt weess e mer elo wuel eréischt fréistens wann de Brexit Deal um Dësch läit, a vun alle Säiten ugeholl gouf.

(Featured Image: cc Dave Kellam)

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s