Upate: Dëse Post gouf no senger Verëffentlechung geännert fir déi neisten Informatiounen erëm ze ginn.


[Geschate Lieszäit: 11 Minutten]

Watergate, Impeachment, FBI Chef, Special Counsel etc. Et leien ganz turbulent Wochen hannert dem President Trump a senger Equippe. E kuerzen Réck- an Iwwerbléck.


Méindeg, 8. Mee

D’Sally Yates, Interim Justizministerin bis zu hirer Entloossung Enn Januar wéi si de ‘Muslim Ban’ net vru Geriicht verdeedege wollt, seet am US Senat aus. Si erkläert dass si dem Wäissen Haus de 26. a 27. Januar erkläert huet dass den dunn Nationale Sécherheetsberoder Michael Flynn de Vize President Pence belunn huet. De Flynn hat, anescht wéi vun him behaapt, am Dezember mam russeschen Ambassadeur e.a. iwwer eng Lockerung vun de Sanktioune geschwat. “A Moskau wousst dass se driwwer geschwat hunn,” sou d’Sally Yates, “well si op der anerer Säit vum Telefonat woren.” De Flynn konnt also vun de Russen erpresst ginn. D’Wäisst Haus huet hien awer eréischt gutt 2 Woche méi spéit entlooss.

Dënnschdeg, 9. Mee

Kuerz no 17 Auer Lokalzäit pucht de President den FBI Chef Comey eraus. D’Kommunikatiounsteam, wat eréischt 1 Stonn vrun der Entloossung Bescheed gesot krut, huet esou Problemer domatter Froen ze beäntweren dass de Spriecher Spicer sech vrun der Press an den Hecken verstoppt. Hiren Hapt-Message ass folgenden: den Trump huet de Comey no engem Memo vum Vize Justizminister Rosenstein einfach missten entloossen.

Mëttwoch, 10. Mee

Den Donald Trump huet e Meeting am Oval Office mam russeschen Ausseminister Lavrov an Ambassadeur Kislyak. De Kislyak ass déi Persoun déi gläich e puer Mol an (a no) der Campagne Trump Leit getraff huet. Hie wor och op der republikanescher Convention op där d’Trump Team, ënnert der Leedung vum dunn Campagne Manager (a fréiere Beroder vum Russland frëndlech ukraineschen Ex-President Yanukovych) Paul Manafort, de Wahlprogramm méi “Russland frëndlech” (bspw. Ukrain) gemaach huet.

Foto’en vum Meeting am Oval Office ginn et just vu Moskau aus; déi amerikanesch Press huet net dierften eran.

De nämmlechten Dag mellt d’Washington Post dass de Vize Justizminister Rosenstein domatter gedreet huet zréck zetrieden, falls d’Wäisst Haus weider géif behaapten säi Memo hätt dem Comey d’Entloossung bruecht. D’Wäisst Haus seet doropshin et hätt een de Comey no deem senger schlechter Unhéierung am Senat déi Woch virdrun wéilten entloossen, net wéinst dem Memo.

Donneschdeg, 11. Mee

An engem Interview fir NBC Nightly News seet den Trump hien hätt bei der Entloossung vum Comey un “déi Russland Saach” geduecht. Hien hätt de Comey “egalwéi” entlooss, egal wat de Vize Justizminister him geschriwwen hätt.

Owes schreift d’New York Times dann dass de Comey am Januar an d’Wäisst Haus geruff gouf. Et wor een Dag nodeems d’Sally Yates den Trump vru sengem Nationale Sécherheetsberoder Flynn gewarnt hat. Am Gespréich fuerdert de President “Loyalitéit” vum FBI Direkter.

Freideg, 12. Mee

Den Donald Trump drot dem James Comey domatter “tapes” vun hire Gespréicher ze verëffentlechen, falls dësen géif Informatiounen un d’Press weider ginn. Am Pressebriefing vun deem Dag refuséiert de Spriecher Sean Spicer gläich e puer Mol ze dementéieren dass den Donald Trump – genee wéi e Richard Nixon – Gespréicher am Wäissen Haus ophëlt.


Méindeg, 15. Mee

D’Washington Post bericht dass den Donald Trump beim Oval Office Meeting mat de russesche Vertrieder streng geheim Informatiounen weider gesot huet. D’Wäisst Haus schéckt de Nationale Sécherheetsberoder McMaster vrun d’Press fir e Statement, deen een mam Affekot vum Wäissen Haus opgestallt huet, virzeliesen. Et ass een “non-denial denial”; McMaster dementéiert Deeler vun der Story déi esou guer net am Artikel stinn.

Dënnschdeg, 16. Mee

Moies schreift de President op Twitter dass hien een “absolut Recht” huet fir Geheimdéngscht Informatioune mat de Russen ze deelen – wat, legal gesinn, stëmmt. D’Informatioun iwwert den IS koum, wéi gläich e puer Journaliste mellen, vun Israel. Et gëllt als absoluten “no-go” fir geheim Informatiounen, déi ee vun engem Partner kritt huet, mat aneren ze deelen.

Owes dann kennt déi 1. gréisser “Bomm” vun der Woch. D’New York Times mellt dass den James Comey a senger Zäit als FBI Chef vill Memos geschriwwen huet. An engem vun dëse Schreiwes’en steet dass de President Trump, kuerz nodeems hien de Michael Flynn als Sécherheetsberoder entlooss huet, den James Comey gefrot huet d’Enquête géint de Flynn anzestellen. Den Trump soll vrun der Demande de Vizepresident Pence an de Justizminister Sessions gebieden hunn de Raum ze verloossen – eng méiglech Undeitung dass de President wousst dass hien eppes legal fragwürdeges géif ënnerhuelen.

Mëttwoch, 17. Mee

No groussem Drock (vu Politiker a Press) gëtt de Vize Justizminister Rosenstein no an ernennt den Ex-FBI Chef Robert Mueller, e gudde Kolleg vum James Comey, als “special counsel” fir d’Russland Enquête. Hie soll elo (mat e bësschen Onofhängegkeet) kucken wat drun ass un de Gerüchter.

Owes mellt d’New York Times dann dass de Michael Flynn während der “Transition” der Trump Equippe gesot huet, dass hien vum FBI ënnersicht gëtt. D’Enquête dréit sech dorëms dass de Flynn sech net als Lobbyist vun der tierkescher Regierung zu D.C. gemellt/ageschriwwen hat. Gläichzäiteg kennt eraus dass de Flynn als Nationale Sécherheetsberoder den Accord vun den USA fir eng Militäraktioun vun de Kurden géint den IS verweigert huet. Dës Decisioun dierft een an der Tierkei gäre gesinn hunn.

Zum nämmlechte Moment bericht d’Washington Post iwwert een Audio vun 2016. Op deem ass ze héieren wéi de republikaneschen Majority Leader vum Repräsentantenhaus, Kevin McCarthy, seet dass den Trump vum Putin bezuelt gëtt. D’Story ass fir d’éischt “fake news”, dono e Witz deen d’Medien net verstinn.

Donneschdeg, 18. Mee

Reuters mellt dass d’Trump Campagne minimum 18 Mol Kontakt mat Russland hat. Dat soll sech alles an de läschte 7 Méint vun der Campagne ofgespillt hunn.

De Vize Justizminister Rosenstein geet vrun de ganze Senat schwätzen. Et ass keng ëffentlech Sëtzung. Mä d’Demokratin McCaskill seet dono dass de Rosenstein gewosst hätt, wéi hien säi Memo geschriwwen huet, dass de Comey géif entlooss ginn.

Freideg, 19. Mee   

D’Associated Press mellt dass d’Affekote vum Donald Trump net wollten dass hien seng 2016 “financial disclosure” géif ënnerschreiwen. D’OGE (Office of Government Ethics) hat sech awer dogéint gewiert. D’Affekote vum Trump hunn agelenkt a geäntwert dass eng zertifiéiert an ënnerschriwwen “financial disclosure” da fir Mëtt Juni géif kommen.

Minutten nodeems d’Air Force One Richtung Saudi Arabien fort flitt geet et da richteg lass.

D’New York Times huet nei Detailer iwwert de Meeting mam russeschen Ausseminister an Ambassadeur. Laut dem offiziellen Transcript vum Wäissen Haus huet den Trump den James Comey als “a real nut job” bezeechent. Hien huet dem Lavrov och matgedeelt dass de “groussen Drock” (wéinst der Russland Enquête) op him elo, nodeems hien de Comey entlooss huet, fort wier. 

Kuerz drop mellt d’Washington Post dass d’FBI elo een Haaptberoder vum President Trump als “person of interest” ugesäit.

Minutte méi spéit bericht CNN dass d’Wäisst Haus ufänkt ze kucken wéi “Impeachment” Prozeduren oflafen a wéi een de President ka schützen. Et gëtt spekuléiert ob den Trump net geschwënn extern Affekote mat erun hëllt fir sech beroden ze loossen.

An da ginn et Spekulatiounen iwwer eng Ausso vum Vize Justizminister Rosenstein. Hie schwätzt Freides vrum Repräsentantenhaus a behaapt do, op d’Fro ween hie gefrot huet fir dee Memo iwwert de Comey ze schreiwen, dass dat eng Saach fir de Special Counsel Mueller seng Ënnersichung wier. Dat bréngt Spekulatioune mat sech ob de Rosenstein wousst dass hien dem President géif hëllefen méiglech Justizbehënnerung ze bedreiwen. 


Méindeg, 22. Mee

Den Demokrat Elijah Cummings, Haptmember vun der “Oversight” Kommissioun vum Repräsentantenhaus, schreift an engem Bréif dass den Ex-Nationale Sécherheetsberoder Michael Flynn de Leit vum Pentagon géigeniwwer net éierlech wor. De Flynn soll bei senger Ufro fir “top-secret clearance” den Ermettler keng richteg/genee Ugaben hisiichtlech sengem Akommes duerch russesch Firmen & Kontakter mat russeschen Autoritéite gemaach hunn. De Flynn hat am Februar 2016 behaapt keen Akommes vun auslännesche Firmen ze kréien. 2 Méint virdrun, krut den dunn Trump Beroder awer iwwer $45,000 fir bei engem “RT” Event zu Moskau ze sinn – wou hien nieft dem President Putin souz.

Vrun deem Bréif hat de Flynn der Intelligence Kommissioun vum US Senat gesot dass hien weder géif aussoen nach Dokumenter der Kommissioun géif ginn. Hien huet sech op säi Recht bezunn sech selwer net ze belaaschten (5. Amendment un d’US Verfassung). Ënner anerem den Ex-Campagne Manager Paul Manafort huet awer um Méindeg zougesot seng  (gefroten) Dokumenter  der Kommissioun fir hir Enquête ze ginn.

Géinter Owend dunn bericht d’Washington Post dass de President Trump effektiv geschwënn extern Affekote wäert bei sech huelen fir duerch d’Enquête ze kommen.

A just e puer Minutte méi spéit mellen 2 aner Journalisten vun der Post, dass den Donald Trump am Mäerz zwee Geheimdéngscht Direkteren, notamment den Director of National Intelligence Daniel Goats an den NSA Chef Michael Rogers, gefrot hat dach w.e.g. ze soen dass et keng Beweiser fir eng russesch Influenz an der 2016 Campagne gouf. Den James Comey hat kuerz virdrun dem Kongress (an dem Land) vun der Russland Enquête vum FBI erzielt. De President wollt wuel esou den dunn FBI Chef Comey ëffentlech blouss stellen/an de Réck falen. Goats a Rogers hunn dat refuséiert ze maachen, an zumindest den NSA Chef Rogers huet een internen Memo iwwert dat Gespréich mam President schreiwe gelooss.

“De Problem wor net onbedéngt déi 2 ze froen e Statement ze maachen,” sou een fréieren Geheimdéngscht Chef géigeniwwer der Washington Post, “mä d’Demande fir e falschen Statement iwwert eng lafend Enquête ofzeginn.”

 

Mëttwoch, 24. Mee

D’Washington Post fängt deen Owend un. Et wier esou dass d’FBI an hiren dunn Chef Comey Affer vun enger falscher Info goufen. D’Decisioun vum Comey ëffentlech ze soen dass d’Enquête géint d’Hillary Clinton géif agestallt ginn wor d’läschte Juli ganz kontrovers diskutéiert ginn. Hannert de Kulissen wor et wuel esou dass den James Comey op e “fake” vu Russland eragefall ass, deen eng Mail tëschent Demokrate gewisen huet wou dës behaapten déi deemoleg Justizministerin Lynch géif déi ganz Saach fir d’Clinton schon an d’Rei maachen. De Comey hat Angscht dass beim Leak vun dësem (gefälschten) Dokument déi ganz Enquête géif hannerfrot ginn an huet déi eemoleg Decisioun geholl esou eng (laang an detailléiert) Ausso zum Ënn vun der Enquête ze maachen – déi Enquête déi hien, no enger Réouverture Ënn Oktober, Stonnen vrum Wahldag definitiv zou gemaach huet.

D’New York Times  mellt dass Moskau d’läschte Summer driwwer geschwat huet wéi een Trump Beroder, wei de Michael Flynn oder Paul Manafort, ka benotzen fir dem Trump seng Decisiounen mei “Russland frëndlech” ze maachen.

A Minutten dono mellt CNN, de Justizminister Sessions hätt vergiess gehat seng Kontakter mat russesche Politiker (wéi e.a. dem Ambassadeur Kislyak) den amerikaneschen Autoritéiten matzedeelen wéi hien seng Nominatiouns Pabeieren era ginn hat.

Donneschdeg, 25. Mee 2017

NBC News mellt dass den Jared Kushner, Haptberoder vum Donald Trump, déi genannten “person of interest” an der FBI Enquête ass. De Kushner hat e.a. am Dezember (gemeinsam mam Michael Flynn) e Meeting mam russeschen Ambassadeur; an hien hat, wéi sou vill anerer, “vergiess” déi Informatioun op sengem “security clearance” Formulaire unzeginn, wéi d’New York Times schonns am Abrëll bericht hat.

De Kushner wor verantwortlech fir “Cambridge Analytica” an den Trump Wahlkampf ze huelen. Laut CNN kuckt d’FBI am Moment och ob Russland iwwert dat Datenteam vun der Campagne eng Influenz op d’Wahlen hat.

D’Washington Post bericht dann dass d’FBI momentan och “possible financial crimes” an der ganzer Enquête géifen ënnersichen.

Freideg, 26. Mee

Reuters mellt dass den Jared Kushner minimum 3 Meetings mam Ambassadeur Kislyak gehat hunn déi bis dohin net bekannt woren. D’Meetings sollen, sou déi 7 (!) Sourcen vu Reuters, während & nom Wahlkampf statt fonnt hunn.

An da freet, fir déi éischte Kéier an hirer Enquête, d’Intelligence Kommissioun vum Senat d’Trump Campagne fir hinnen all d’Dokumenter hisiichtlech Russland – Emails, Telefonatsdaten, etc. – ze ginn. D’Kommissioun hat Ufank dës Mounts d’Trump Campagne opgefuerdert alles ze späicheren. (Et ass e federalt Verbriechen wann een dono géif Dokumenter läschen/zerstéiere goen). 

D’Washington Post schreift dann dass den Jared Kushner eng direkt Kommunikatiounslinn – also laanscht den amerikaneschen Sécherheetsapparat – mat de Russen hätt wéilten opstellen. Deen Sécherheetsapparat krut déi Informatioun dunn wéi de russeschen Ambassadeur, deen och als russesche Spioun vun den Amerikaner ugesi gëtt, déi Informatioun u Moskau weider ginn huet.

A fir géint all déi Attacken virzegoen géif d’Wäisst Haus, sou Reuters , een “war room” an d’Liewe ruffen. An där Equippe soll och de Steve Bannon, Chefstrateg vun der Trump Campagne an Haptberoder vum President, souwéi den Jared Kushner setzen. Laut Reuters géif wuel och den Ex-Campagne Manager Corey Lewandowski – dee vum Kushner de läschte Summer entlooss gouf – an dat Team dobäi stoussen.

CNN mellt dann den James Comey gewousst hätt, dass déi Mail tëschend Demokraten (dunn Justizministerin Lynch géif déi Saach fir d’Clinton schonns an d’Rei maachen) russesche “fake” wor. Hien hat trotzdem Angscht dass dat Dokument géif geleaked ginn an déi ganz FBI Clinton Enquête vun den amerikanesche Bierger géif hannerfrot ginn.


Et muss ee festhalen dass et emol nach keng 3 Wochen hir sinn dass den Donald Trump d’Republikaner an d’Wäisst Haus geruff huet fir “TrumpCare” ze feieren. Et sollt, no engem chaotesche Start, endlech e President weisen deen zu DC ukomm ass an deen ufänkt Verspriechen ëmzesetzen. Elo steet ee vrun engem Bierg voller Problemer. D’Decisioun de Comey z’entloossen huet keen Drock vum President geholl. Au contraire, den Tump huet den Ex-FBI Chef zu engem fräie Mann gemaach; hien wäert nom Memorial Day (29. Mee) an enger ëffentlecher Sëtzung vrun der Geheimdéngscht Kommissioun vum US Senat aussoen.

Nach ass een “Impeachment” vum Donald Trump wäit ewech. Mä Watergate huet, wéi de republikaneschen Senator John McCain d’läscht Woch sot, Méint gedauert an dat hei dauert jo “just Stonnen.” De McCain huet zwar dobäi gelaacht, mä esou onwahrscheinlech kléngt et definitiv net (méi) dass den “Twitter President” iwwer déi extrem Schnellegkeet vun de Noriichten (an Attacke vu senge Géigner) kéint falen. Affaire à suivre…


(Featured Image: cc Gage Skidmore)

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s