[Geschate Lieszäit: 8 Minutten]

An engem Mount feiert d’Convention on Preventing and Combating Violence Against Women hire 6. Gebuertsdag. Déi historesch Konventioun vum Europarot ass de weltwäit éischten a legal bindenden Traité fir Fraen a Meedercher vru Gewalt ze schützen. En definéiert a kriminaliséiert all Form: vu forcéiertem Mariage iwwer Stalking bis hin zur sexueller Gewalt. 13 Länner hunn 2011 zu Istanbul d’Konventioun – déi doduerch och nach „Istanbul Convention“ genannt gëtt – ënnerschriwwen; an zënterhier goufen et weider 31 Ënnerschrëften. No 10 Ratifikatioun ass den Text fir de Schutz a Preventioun vru Gewalt géint Fraen 2014 a Kraaft getrueden. De Grand-Duché huet den Traité zwar ënnerschriwwen, mä nach net ratifizéiert.

 

„Nous nous engageons à ratifier la Convention d’Istanbul dans les meilleurs délais.“
– Xavier Bettel (Global Leaders’ Meeting, UN Women, 27. September 2015)

 

Dobäi ass Gewalt géint Fraen a Meedercher och zu Lëtzebuerg leider e grousst Thema. Den Eurobarometer vu läschtem November huet festgehalen, dass fir 38% vun de Lëtzebuerger Geschlechtsverkéier ouni Averständnes vu béide Leit “okay” wier. An der ganzer EU louch deen Taux bei 27 Prozent. 2014 hat schonns eng EU-wäit Etude fonnt dass 38 Prozent vun de Fraen am Grand-Duché schonns eng Kéier Affer vu sexueller an/oder physescher Gewalt woren. Déi europäesch Moyenne louch hei bei „grad eemol“ 33 Prozent. Een Affer vu Stalking wore schonns 3 vun 10 Fraen, a ganzer 67 Prozent soten si wiere schonns sexuell belästegt ginn – wat 12% iwwert dem europäeschen Duerchschnëtt läit. Bal dräi Véierel hu Platzen am Land aus Angscht vru physescher oder sexueller Gewalt evitéiert; d’EU Moyenne läit bei „just“ 53 Prozent.

Een spezifescht „Violence Against Women“ Gesetz gëtt et zu Lëtzebuerg aktuell net. Et verbitt een awer verschidde Forme vu Gewalt an Ausbeutung iwwer aner Gesetzer. An am „Gender Equality“ Plang vun der Lëtzebuerger Regierung fir d’Joren 2015 bis 2018 mécht de Chancëgläichheetsministère e.a. d’Gewalt am Stod zu eng vu senge Prioritéiten. D’Zuelen aus engem Luxembourg Institute of Health Rapport vun 2013 hale fest dass d’Police deemools 844 Mol huet misste bei esou enger Zort vu Gewalt intervenéieren – e Plus vun 5.36% par Rapport zu 2012. (p. 7) Iwwer 64% vun den Affer vu Gewalt am Stod wore Fraen. (p. 35)

Dat Europäescht Institute fir Gender Equality huet d’läscht Joer geschat, dass déi Zort Gewalt géint Fraen zu Lëtzebuerg e finanzielle Schued vun €113 Millioun d’Joer mat sech bréngt.

„(…) mon gouvernment va ratifier prochainement la Convention d’Istanbul du Conseil de l’Europe sur la prévention et la lutte contre la violence à l’égard des femmes et la violence domestique.“

– Lydia Mutsch (UN, 10. Mäerz 2015)

 

Istanbul Convention ze ratifizéieren hat d’Dräierkoalitioun an hirem Regierungsprogramm vun 2013 versprach. Am Mäerz 2015, op eng parlamentaresch Ufro vun der Deputéiert Josée Lorsché (déi Gréng), huet de Justizminister Braz gesot, d’Regierung hätt een interministeriellen Aarbechtsgrupp ageriicht an dëse géif déi aktuell Gesetzeslaag elo analyséieren an eventuell Ännerungen, déi fir d’Ratifizéierung vun der Konventioun misst duerchgefouert ginn, festhalen. De Projet de Loi, sou de Minister weider, „sera finalisé dans les meilleurs délais dès la fin des travaux d’analyse en cours.“ Den Organisatiounen déi sech fir d’Fraerechter zu Lëtzebuerg asetzen hat een versprach gehat d’Konventioun no der EU Presidence 2015 wéilten ze ratifizéieren. D’Platform JIF (Journée internationale des femmes) hat d’läscht Joer um Weltfraendag de politesche Responsabelen eng „piqûre de rappel“ ginn, well d’Presidence zwar schonns bal 1 Joer hannert eis louch mä den Traité weiderhin am Tirang géif leien. E Mount méi spéit, „en avril 2016“, sou d’Lëtzebuerger Regierung an hirem Rapport fir UN Women iwwert de nationale Progrès zënter dem Global Leaders’ Meeting 2015, wier een interministeriellen Aarbechtsgrupp ageriicht ginn fir d’Konventioun kennen ze ratifizéieren. Deen Arbechtsgrupp wier, sou de Chancëgläichtsministère am Januar dëst Joer, momentan e.a. am gaangen fir déi national Gesetzeslaag nozekucken a Mesuren, déi fir d’Ratifizéierung nach mussen a nationaalt Recht ëmgesat ginn, z’identifizéieren.

Eng Fro stellt sech bei där ganzer Saach: packt dëse Punkt aus dem Regierungsprogramm et iwwerhaapt nach an dëser Legislaturperiod duerch d’Chamber? D’Analyse ass jo da wuel 1.5 Joer vrun de nächste Wahlen nach net ofgeschloss, an um Wee Richtung Hierscht 2018 leie jo och nach 2 grouss Vakanzen an eng Gemengewahl. Den zäitleche Spillraum fir nach gréisser legal Ännerungen virzehuelen ass deemno kléng.

An do erënnert de Grand-Duché dann dach liicht un déi britesch Regierung. D’Number 10 hat nämlech 2012 grouss versprach d’Konventioun ze ratifizéieren, mä no där Annonce gouf den Traité awer ganz séier an e „schwieregen Text“ ëmgedeeft an huet misste fir anerer Platz maachen. An där Zäit si 616 Fraen am UK bei Gewaltaktiounen gestuerwen. Zënter läschter Woch, nodeems d’Gesetzespropose vun der Deputéiert Whiteford (SNP) am House of Lords ugeholl gouf, ass déi britesch Regierung awer elo verpflicht d’Konventioun ze ratifizéieren. Dat hält der Whiteford hirt „Violence Against Women“ Gesetz kloër – an engem festgeluechtem Zäitplang – fest. Dat Vereente Kinnekräich wor iwwregens, anescht wéi Lëtzebuerg, keen vun den 13 Staaten déi 2011 zu Istanbul d’Dokument als éischt feierlech ënnerschriwwen haten.


Istanbul Convention gouf bis elo vu folgenden 22 Staaten ratifizéiert: Albanien, Andorra, Belsch, Bosnien an Herzegovina, Dänemark, Éisterräich, Finland, Frankräich, Holland, Italien, Malta, Monaco, Montenegro, Polen, Portugal, Rumänien, San Marino, Serbien, Slowenien, Spuenien, Schweden, an d’Tierkei.

Organisatiounen, déi sech zu Lëtzebuerg fir Fraen asetzen déi Affer vu Gewalt goufen: Femme en détresse (www.fed.lu), Croix Rouge Riicht Eraus (www.croix-rouge.lu/fr/riichteraus)


(Featured Image: cc 3.0 Free Syrian 200)

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s