Et soll de gréisste Protest zënter Jore ginn. Et hu sech e villfacht méi u Busser ugemellt, fir beim RFK Stadion ze parken, wéi fir d’Inauguration vum 45. US President gëschter Mëtteg. Washington D.C. soll, 1 Dag nom Trump sengem groussen Dag, iwwerlafen vu Leit. Fraen (a Männer) marschéieren – och wéinst dem Trump – fir am 21. Joerhonnert endlech eng Gläichberechtegung vun de Geschlechter hierzestellen. Persounen, déi et net op Washington D.C. schaffen, hu Protester an hire jeeweilegen Stied – ob an den USA oder rondrëm d’Welt (vu Montreal bis op Sydney, vu London bis op Rio, a vu Paräis bis op Accra (Ghana)) – organiséiert.
Zu Lëtzebuerg wäert (offiziell) keng Demonstratioun sinn. Dat läit awer leider net dorunner dass de Grand-Duché esou vill besser ass wat d’Gläichheet vu Mann a Fra ugeet. Au contraire, am alljäerlechen Rapport vum WEF koum Lëtzebuerg 2016 grad eemol op déi 34. Platz, wat 2 Platze méi schlecht ass wéi nach 2015. Zënter e puer Joer fält een an deem Ranking ëmmer weider no hannen.
Hei um Site wäert dëst Joer, ënner anerem, Bäiträg iwwert spezifesch (Net-)Gläichstellungen vu Mann a Fra an der lëtzebuergescher Gesellschaft publizéiert ginn.
Haut well ech op dëser Platz awer einfach just 2 Video’en deelen. Deen éischten ass d’TEDx Talk vum Chimamanda Ngozi Adichie. Vrun e puer Joer hat si zu Euston eng Ried ënnert dem Titel „We should all be feminsts“ gehalen:
An da nach d’Diskussiounsronn dëser Deeg zu Davos: “Disrupting the Status Quo of Gender Roles”, mat der IMF Chefin Christine Lagarde, PwC Chairman Robert Moritz, Panama Vize Presidentin Isabel de Saint Malo de Alvarado, Film Regisseurin Sharmeen Obaid-Chinoy, RBA Vize Presidentin Cynthia Casto, wat een hei nach eemol ka kucken.
Let’s March! Oder, wéi een neierdéngs zu Lëtzebuerg seet, “Let’s Make It Happen” 😉