Et soll de gréisste Protest zënter Jore ginn. Et hu sech e villfacht méi u Busser ugemellt, fir beim RFK Stadion ze parken, wéi fir d’Inauguration vum 45. US President gëschter Mëtteg. Washington D.C. soll, 1 Dag nom Trump sengem groussen Dag, iwwerlafen vu Leit. Fraen (a Männer) marschéieren – och wéinst dem Trump – fir am 21. Joerhonnert endlech eng Gläichberechtegung vun de Geschlechter hierzestellen. Persounen, déi et net op Washington D.C. schaffen, hu Protester an hire jeeweilegen Stied – ob an den USA oder rondrëm d’Welt (vu Montreal bis op Sydney, vu London bis op Rio, a vu Paräis bis op Accra (Ghana)) – organiséiert.

Zu Lëtzebuerg wäert (offiziell) keng Demonstratioun sinn. Dat läit awer leider net dorunner dass de Grand-Duché esou vill besser ass wat d’Gläichheet vu Mann a Fra ugeet. Au contraire, am alljäerlechen Rapport vum WEF koum Lëtzebuerg 2016 grad eemol op déi 34. Platz, wat 2 Platze méi schlecht ass wéi nach 2015. Zënter e puer Joer fält een an deem Ranking ëmmer weider no hannen. 

opppenenbreiftweet

Hei um Site wäert dëst Joer, ënner anerem, Bäiträg iwwert spezifesch (Net-)Gläichstellungen vu Mann a Fra an der lëtzebuergescher Gesellschaft publizéiert ginn.

Haut well ech op dëser Platz awer einfach just 2 Video’en deelen. Deen éischten ass d’TEDx Talk vum Chimamanda Ngozi Adichie. Vrun e puer Joer hat si zu Euston eng Ried ënnert dem Titel „We should all be feminsts“ gehalen: 

An da nach d’Diskussiounsronn dëser Deeg zu Davos: “Disrupting the Status Quo of Gender Roles”, mat der IMF Chefin Christine Lagarde, PwC Chairman Robert Moritz, Panama Vize Presidentin Isabel de Saint Malo de Alvarado, Film Regisseurin Sharmeen Obaid-Chinoy, RBA Vize Presidentin Cynthia Casto, wat een hei nach eemol ka kucken.

Let’s March! Oder, wéi een neierdéngs zu Lëtzebuerg seet, “Let’s Make It Happen” 😉

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

One Comment

  1. […] X wäert) opstellen. Et ass beschäment, dass een an der Zäit ënnert dëser Regierung all Joer am Gender Pay Gap Rapport vum WEF no hanne gefall ass. Et ass schlecht, dass een, trotz “kopernikanesch Revolutioun,” keen Gender Budgeting […]

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

w

Connecting to %s

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.