[Geschate Lieszäit: 9 Minutten]

Wéi d’Sonn opgeet werft den Hassun e Bléck eriwwer op seng Fra. Si sinn allen zwee schonns erwächt a laachen sech wéi kleng, frësch verléiften Teenager un. Béid hunn haut Gebuertsdag; hie kritt der 48 an hat feiert seng 52. Esou séier wéi se sech ugestrahlt hunn, verschwënnt hiert Laache och scho nees. Et ass dee Moment, wou si sech allen zwee op dësem fréie Moien erschrecken: si hunn elo allen zwee hir Liewenserwaardung erfëllt. D’Koppel lieft net a Südamerika, net südlech vun der Sahara an och net a Südostasien, mä am South Dakota, een US Staat am Midwest deen zemools duerch de Mount Rushmore am Ausland bekannt ass. Hei am South Dakota läit déi allgemeng Liewenserwaardung fir d’Bevëlkerung mat 79.5 Joer op der 21. Platz an de ganzen USA. Den Hassun wunnt mat senger Fra an hirem Meedchen Fala awer net iergendwou an dësem Staat, mä op der Pine Ridge Reservation, een iwwer 10,000 Quadratkilometer grousst Stéck Land wat, méi oft wéi een denke kann, vun alle Säite vergiess gëtt.

Et gi praktesch keng Aarbeschtsplazen, mä Drogen, Gewalt an Alkohol fënnt een en masse. Infrastrukturen entdeckt een net wierklech, mä dofir huet ee net genuch Hänn fir d’Kanner ze zielen déi hongereg nees musse schlofe goen. D’Hallschent vun de Bierger, déi méi al wéi 40 sinn, sinn Diabetiker, a manner wéi 10 Prozent vun de Kanner hunn de Lycée gepackt.

Wëllkomm an deem aneren Amerika.

Den Hassun ass e vu villen Aarbeschtslosen an dëser Géigend, wou de Chômage op iwwer 70% geschat gëtt. Hie lieft zesumme mat senger Famill an engem Zëmmer vun engem Haus, wat sech an engem schlechten Zoustand befënnt, an an deem proppert Drénkwaasser net direkt aus dem Krunn erauskennt. Hei, wou d’Liewenserwaardung esou niddreg ass wéi, bis op Haiti, néierens an der westlecher Hemisphär, leien d’Problemer fir esou Liewensverhältnisser net alleng bei den Awunner.

D’US Regierung erkennt 565 Native American Tribes offiziell un. Si hunn, souzesoen, de Status vun enger separater Natioun; trotzdem sinn si op d’Ënnerstëtzung – zemools déi finanziell – vun der federaler US Regierung ugewisen. Liewen di si awer net direkt ënnert dem amerikaneschen, mä ënnert hirem jeeweilegen Tribal Recht. Dat gesäit ënnert anerem vir, dass e Stéck Land ni enger privater Persoun gehéiert, mä ëmmer der ganzer Communautéit. Well jiddereen de Besëtzer*in vum Stéck Land ass, gehéiert dëst eigentlech guer kengem; „tragedy of the commons“ gëtt dat an der Ekonomie genannt. A ween, wéi den Hassun, an esou engem Fall stécht, deen huet natierlech Problemer fir op enger Bank e Prêt ze kréien, fir iergendwéi engem säi Liewen an dat vu senger Famill ze verbesseren.

D’Situatioun ëm d’Tribal Recht (an ze wéineg/bal keng Méiglechkeet fir sech un US Geriichter ze wenden) schreckt och Betriber of fir hei z’investéieren. An esou entsteet eng Aart Däiwelskrees: wat manner Betriber investéieren, wat méi (laangzäit) Chômage entsteet, wat d’Zuel vu perséinleche Problemer klëmmt, wat weider Betriber ofschréckt fir hei eng Firma oder Fabrik opzebauen well se net gewellt sinn de Risiko anzegoen op Aarbeschter*innen ze setzen, déi selwer esou vill Schwieregkeeten hunn.

Et gëtt eng Méiglechkeet d’Recht op Privatbesëtz an de Native American Tribes anzeféieren, mä do ginn et gläich e puer Problemer. Dee wuel schwieregsten dovunner läit do emol net zu Pine Ridge oder a soss engem Reservoire, mä ganz kloer zu Washington D.C. Wee Privatbesëtz nämlech well aféieren muss dat iwwert dat federalt Bureau of Indian Affairs maachen. Sollt een esou eng legal Ännerung awer duerchféieren, da géif dëse Bureau, een vun den eelsten an der US Geschicht, mat all senge Mataarbeschter verschwannen; sech selwer eng Kënnegung schreiwen mécht awer zu D.C., wéi iwwerall, kee wierklech gären.

A fir déi zukünfteg Generatiounen gesäit et och net besser aus.

Fala, dem Hassun säi jonkt Meedchen, seng Aussiichten sinn éischter schlecht. Dobäi huet hat (scheinbar) schonns zwou grouss Hürden a sengem Liewen geholl: et ass net, wéi säi klenge Brudder, scho vru sengem 5. Gebuertsdag gestuerwen – néierens um amerikanesche Kontinent ass d’Mortalitéit vu klénge Kanner esou héich wéi zu Pine Ridge – ; an, bis haut, ass de jonken Teenager net ee vu ville ginn, déi sech hei d’Liewen huelen – den Taux de Suicide vu jonke Leit läit 150% iwwert der amerikanescher Moyenne. 

Trotzdem sti weider grouss Hürden vrun him. Ofgesinn vun der Wahrscheinlechkeet vun Diabetis (an all senge resultéierende Krankheeten) ze kréien, ass d’Wahrscheinlechkeet dass dëst jonk Meedchen beispillsweis Gebärmutterhalskriibs kritt 500% méi grouss wéi wann et op enger anerer Platz an den USA géif liewen. Esouguer am aktuelle Moment a sengem jonke Liewen, wou d’Fala, anescht wéi vill Frënn, nach weider an d’Schoul geet, gesäit et net hoffnungsvoll fir hat a seng Zukunft aus. Dat huet och de Bureau of Indian Education (BIE) an engem Rapport vun 2014 festgehalen. D’Agence huet doranner e.a. sech selwer kritiséiert, dass si et scheinbar net fäerdeg bréngt d’Qualitéit vun der Educatioun zu Pine Ridge, sou wéi op aneren Indian Reservoire Platzen, erop zesetzen. D’Schüler*innen am BIE System si regelméisseg méi schlecht am Liesen oder an der Mathematik wéi Native Americans, déi an déi „normal“ Schoulen an den USA ginn. Ee vun den Haptgrënn fir dee Problem ass dee vum Schoulpersonal. Op eng Platz schaffe goen, wou ee keen (westlech gesinn) eegent Doheem huet, vill méi Krankheeten present sinn wéi Infrastrukturen, an – villäicht de kruziaalste Punkt – d’Joresakommes mat wäit ënner $8,000 op de Kapp am zweetniddregsten an de ganzen USA ass, ass just wéineg reizvoll.

Et läit awer och hei net just un de Verhältnisser an deenen d’Fala opwiisst, mä och un de Problemer vu baussen. Un der Spëtzt vum BIE stoungen an de läschte knapp 4 Joerzéngten ganzer 33 Leit. D’US Regierung bezilt zwar 60% vum Schoulbudget fir Pine Ridge (10% sinn üblech fir eng ‘normal’ ëffentlech Schoul), mä wéi Demokraten a Republikaner sech net iwwert de Budget 2013 eens goufen, woren Indian Reservoires déi éischt Affer vun de sougenannten „sequestration“ Budgetskierzungen.

Esou Decisiounen hëllefe net fir d’Vertrauen tëschent béide Gruppen – de Native Americans an den Immigranten – nees hierzestellen. Dëst wier, wéinst der spezieller Geschicht, awer wuel dringend noutwendeg. Do stécht een, wat alleng d’Vertrauen an der Edukatioun ugeet, zum Deel nach am Ënn 19. an Ufank 20. Joerhonnert fest, wou Native American Kanner a Privatschoulen gestach goufen fir nom Euro-Amerikaneschen Modell erzunn ze ginn; hir Hoer goufen, per Force, ofgeschnidden; a si goufe méi wéi eng Kéier geschloen, falls si sollte probéiert hunn hir Mammesprooch ze schwätzen. 

D’Gréisst vum Gruef tëschent béide Populatiounen konnt een och net méi spéit wéi d’läscht Joer ganz däitlech gesinn. Méintelaang hu Native Americans géint déi sougenannt ‘Dakota Access Pipeline‘ protestéiert gehat, mä kee vun den 2 grousse Presidentschaftskandidaten huet doriwwer geschwat a net 1 Fro gouf an de 4 groussen TV Debatten doriwwer gestallt. D’Medien an d’Politik hunn déi Ëmweltprotester (fir d’Erhale vu propperem Drénkwaasser) ignoréiert… bis, no de Wahlen, mam Shailene Woodley eng wäiss Immigrantin, déi mat protestéiert huet, vun der Police verhaft gouf – eppes wat d’Schauspillerin selwer an engem TIME Artikel kritiséiert huet.


Nom 8. November gouf oft festgehalen, dass den Donald Trump et ebe fäerdeg bruecht huet fir Leit unzeschwätzen, déi vun der Gesellschaft (a vun der sougenannter „Elite“) vergiess an zréck gelooss goufen. Dat trefft awer just zou, wann een dee Problem ausschliisslech op déi wäiss Aarbeschterschicht, déi, am Verglach mat aneren, eréischt vill méi rezent esou Gefiller huet, géif reduzéieren. Den Trump kritt – wéi all Presidentschaftskandidat zënter dem Bobby Kennedy 1968, deen als läschten während enger Campagne op Pine Ridge gaangen ass – op dësem allgemenge Punkt awer eng ferm Datz.

Dem President Obama säin „Hope and Change“ ass zwar och net bis op Pine Ridge komm, mä hien huet dës Communautéit 2015 als “Promise Zone” deklaréiert. Esou soll, mat Hëllef vun der federaler Regierung, probéiert ginn Pine Ridge nees aus der Aarmut eraus zehuelen: d’Schoulen sollen e.a. dank dem „Head Start“ Programm verbessert ginn, an Aarbeschtsplaze duerch gréisser ekonomesch Investitiounen an d’Regioun kreéiert ginn. D’Bürokratie zu Washington D.C. léisst déi Initiative awer net. Den zukünftege President, a seng Partei, hunn déi grouss Bürokratie zu D.C. am Wahlkampf ëmmer nees kritiséiert; mä den Trump steet och der pre-K Educatioun, déi een Haaptdeel vum „Head Start“ Programm ass, ganz kritesch géigeniwwer. Et bleift deemno ofzewaarden op wéi ee Wee den 45. President well goen. „Make America great again“ sot hien déi läscht 18 Méint iwwer uechter d’Land; et gëtt néierens an Amerika eng Platz déi sech méi géif driwwer freeën wéi Pine Ridge, falls dës 4 Wierder net just einfach e gudde Slogan fir op eng rout Baseball-Kap sollten duerstellen.


‘Dat anert Amerika’ ass, souzesoen, e „spin-off“ vum ‘neien Amerika’, deem säin 1. Deel, iwwert d’US Aussen- an Energiepolitik, een hei & säin 2. Deel, iwwert d’US Immigratiounsreform an den Impakt op d’EU, een hei ka noliesen.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s