[Geschate Lieszäit: 4 Minutten]

Den Haptwahldag an den USA ass op engem Dënschdeg am November. Heiansdo gëtt fälschlecherweis behaapt, dass de Wahldag den „éischten Dënschdeg“ am Mount wier, mä eigentlech ass et den „Dënnschdeg nom éischte Méindeg.“ Dat heescht d’Wahle fanne fréistens den 2. November & spéitstens – wéi dëst Joer – den 8. November statt. Dat war awer net ëmmer esou.

1792 huet e federalt Gesetz alle Staaten erlaabt, fir hir Wahlen an enger Period vu net manner wéi 34 Deeg (mam éischte Mëttwoch am Dezember – dem Wahldag vun de Wahlleit – als Deadline) ofzehalen. Am November wiele goe war an deenen Zäiten, wou d’Bierger vill vun der Agrarwirtschaft gelieft an do dra geschafft hunn, extrem wichteg. Zu deem Zäitpunkt war „harvest“ (Ernte) nämlech bal ganz eriwwer an déi grouss Wanter-/Schnéistierm wiere nach e puer Deeg/Wochen ewech. Fir Problemer huet déi Saach awer gesuergt wéi d’Kommunikatioun tëschent A a B méi einfach ginn ass. Op eemol woussten d’Leit an de Staaten, déi zum Schluss vum Prozess gewielt hunn, wéi e Kandidat an deenen anere Staate gewonnen huet.

Dofir koum am Joer 1845 eng Ännerung, wat d’Presidentschaftswahlen ugeet. Si sollten elo all zesummen op engem Dag wielen.

Mä firwat huet een als Wahldag da net einfach, wéi a ville Länner, de (fräie) Sonndeg geholl?

Hei ginn et ganz praktesch Grënn… aus dem Joer 1845! Wéi dat Gesetz nämlech geschriwwe gouf, war et – trotz Verännerungen par rapport zu 1792 – nach zimlech schwéier, fir ganz schnell vun A op B ze kommen. Wahlbüroe goufen et och net esou vill. En faite, gouf et zu deem Zäitpunkt ëmmer just 1 Wahlbüro pro Bezierk/“County.“ Vill Männer (Frae kruten erréicht 1919 d’Wahlrecht) hunn also missten eemol fir d’éischt bei de Wahlbüro kommen.

Et gouf 1 Dag agerechent, fir an d’Stad ze fueren & och nees 1 Dag agerechent, fir zréck heem ze fueren. D’Gesellschaft war deemools nach vill méi reliéis wéi haut, an esou war et absolut onvirstellbar, fir déi reliéis Deeg net doheem bei senger Glawensgemeinschaft ze sinn. Domat falen den Donneschdeg, Freideg, Samschdeg, Sonndeg a Méindeg als potentiell Wahldeeg ewech; iwwreg bloufen also just nach den Dënschdeg an de Mëttwoch. De läscht genannte war zu där Zäit schonns “besat,” well op deem Dag a villen Dierfer offiziellen “Maart-Dag” war. Den 1. Dënschdeg am November gouf dono ausgeschloss, well deen – wéi dëst Joer – kéint op den 1. November falen an domat wiere méi wéi déi vum Wahlgesetz erlabten 34 Deeg tëschent dem Wahldag vun de Leit an deem vun de Wahlleit (oder deemools nach Wahlmänner). Domat ass just den 1. Dënschdeg nom 1. Méindeg am November iwwreg bliwwen. 

Haut dréckt dëst leider op d’Wahlbedeelegung. Schliisslech ass de Wahldag kee Feierdag & déi meeschte Leit musse schaffe goen. 2008 hunn 2.6 Millioune Leit ugi gehat, net wiele gaangen ze sinn well si keng Zäit dofir haten. An enger Pew Research Etüd koum d’USA direkt hannert Lëtzebuerg, wat d’Wahlbedeelegung an der Bevëlkerung ugeet. Fir dat z’änneren fuerderen ëmmer nees Gruppe vu Leit dass d’Wahlgesetz geännert gëtt: de Wahldag op de Weekend leeën; e Feierdag bäi kréien; oder, an engem Mix vu béidem, fuerdere verschiddener den „early voting“ system nach weider auszebauen/ze verbesseren.

Eent ass kloer, ween am November Owes um 20 oder 21 Auer an enger meterlaanger Schlaang muss stoe, fir wielen ze goen, dierft sech wuel an enger vun dësen 3 Kategorien vu Leit erëm fannen. Egal wéi, e Wahldag an der Woch bedeit, fir déi Fräiwëlleg vun enger Campagne, nach eemol e ganz laange “Schaffdag,” fir dass dach w.e.g. kee Wieler/keng Wielerin d’Schlaang nees fréizäiteg verléisst. 

Ween d’USA muer als 44. Persoun zum 45. US President maachen (de Grover Cleveland zielt als 22. a 24. US President, well hien als eenzegen President mat 2 Amtsperioden keng 2 noeneen hat), gesi mer muer. De Liveticker hei um Blog wäert géint Mëtternuecht (Lëtz. Zäit) starten…


Fannt kuerz Infos zu den US Wahlen an engem ‘Memo’ zesumme gefaast: hei, an een Iwwerbléck op d’Wahlkart: hei.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

One Comment

  1. […] wuel manner wéi 60% vun de Leit wiele gaange sinn? (Wat kéint um Wahldag an der Woch leien, deen aus Traditioun eraus entstanen ass). Oder läit et net och un de Kandidate selwer? Grouss Clinton Supporter wäerten dat vläit net […]

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.