To: Lëtzebuergesch (US) Politik veréckte Leit oder all déi, déi hoffen dass d’Welt vum 8. op den 9. November net ënnergeet

From: Tom Heles

Re: Entweder Hillary Clinton oder Donald „Firwat benotze mer eigentlech net eis Nuklearwaffen?“ Trump 2016


Millioune Leit hu schonns gewielt

Iwwer 41 Millioune Leit si schonns an hir Wahlbureau’en gaangen an hu gewielt.

Läscht (national) Ëmfroen

NBC News/Wall Street Journal: Clinton 44%, Trump 40%, Gary Johnson (Libertarian) 6%, Jill Stein (Gréng) 2%;

Washington Post/ABC News Tracker: Clinton 48%, Trump 43%, Johnson 4%, Stein 2%;

Politico/Morning Consult: Clinton 45%, Trump 42%, Johnson 8%, Stein 4%.


Ëffentlech Ëmfroen brénge näischt (méi)

D’Ëmfroen, déi Medieninstituter an Optrag ginn & dono verëffentlechen, gi ganz anescht duerch gefouert wéi intern Ëmfroen. Intern Ëmfroen vu Campagne gi regelméisseg an de Staaten duerch gefouert a baséieren hiert Resultat op déi aktuell Recherche wéi e Grupp Wieler*innen wéi staark wäert an de Wahlen an engem bestëmmte Staat vertruede sinn. Ëffentlech Ëmfroen benotzen eng Aschätzung (gréisstendeels ausschliisslech baséiert op ‘Wéi sécher sidd dir, vu 0-10, dass dir wiele gitt?’). Zu dësem spéiden Zäitpunkt bréngt déi Fro awer näischt méi, well och vill Leit net ëffentlech wëlle soen, dass se net wäerte wiele goen & een dowéinst ëmmer méi eng héich Zuel ugëtt wéi déi, déi een eigentlech am Kapp huet. Esou gëtt déi Informatioun awer 1 zu 1 iwwerholl a beispillsweis net e.a. mam Wahlverhalen an der Vergaangenheet vun der jeeweileger Persoun getest. Fir méi eng exakt Wielerschaft an all Staat festzestellen misst een nach vill méi Suen ausginn, déi d’Medieninstituter natierlech net kennen iwwerall dauernd ausginn. Dowéinst muss déi Zort Aschätzung duergoen fir d’Ëmfro opzestellen.

2012 haten ëffentlech Ëmfroen och aus deem Grond e Kapp u Kapp Rennen virausgesot; intern Obama Ëmfroen hunn de President schonns um läschte Weekend bei den 332 Wahlleit gesinn, déi hien um Ënn och kritt huet. An um Wahlowend selwer huet d’Obama Team schonns iwwer 2 Stonnen ier d’Medien d’Course fir den Obama ausgeruff hunn, verschidde Journalisten (off the record) gesot, dass all hir Daten vum Wahldag an de Wahllokaler weisen: si hu gewonn. Zu deem Zäitpunkt gouf op der ganzer Westküst nach e puer Stonne gewielt.


Hispanics ginn ënnerschaat

Néierens gesäit een esou kloër wéi ëffentlech Ëmfroen kenne falsch sinn wéi zu Nevada. Vru 6 Joer beispillsweis loung an der US Senate Course den Demokrat Harry Reid just a 4 Ëmfroen an de läschten 2.5 Méint vrun de Wahle vir. Déi 4. a läscht ëffentlech Ëmfro, déi de Reid vir gesinn huet, gouf Ufank Oktober duerch gefouert; um Wahldag huet hie locker mat 6% Virsprong gewonnen. Een ähnlechen Szenario gouf et 2012 an der Presidentschaftscourse. De Problem hei ass de Faite, dass ëffentlech Ëmfroen Hispanics, déi eng ganz grouss Wielerschaft am Nevada (an op villen anere Platzen) sinn, net richteg aschätzen.

Dat läit e.a. dorunner dass een gären an ëffentlechen Ëmfroen (méi bëlleg) „robo polls“ asetzt, also Ëmfroen déi dank engem Computer gemaach ginn a wou d’Leit dann d’Tasten op hirem Telefon mussen drécken. Déi dierfen (1) just mat Festnetznummeren gemaach ginn an (2) ginn déi bal ausschliisslech op Englesch duerch gefouert. Mä well awer vill Leit léiwer an hirer Mammesprooch eng Ëmfro duerchféieren ass de Prozentsaz vun Hispanics a Latinos méi kléng an et ereecht een och just wéineg Leit aus der Arbeschterschicht.

An enger Ëmfro vu SurveyUSA (op Englesch) hat Clinton am Fréijoer 45% vu Latinos an den Trump 29%. Zur nämmlechter Zäit huet eng Latino Decision Ëmfro, déi e.a. zweesproocheg duerchgefouert gouf, 76% fir Clinton erginn an 11% fir den Trump. Esou Beispiller ginn et 2016 (genee wéi déi läscht Joren) nach vill méi.

2016 wäerten esou vill Hispanics wiele goen wéi nach ni virdrun. Schonns am “early voting” sinn hier Zuelen an all de Staaten grouss an der Luucht. 

Nevada ass schonns (bal) gewonnen

Dank der Organisatioun vun den Demokraten ass dëse Staat awer schonns bal sécher an hiren Hänn. Dat si 6 Wahlleit déi d’Differenz géife maachen, falls den Trump sollt – an dat ass momentan guer net esou sécher – Florida, North Carolina, Ohio, Iowa a New Hampshire gewannen. Dank dem gréissere Virsprong, deen d’Demokrate sech am Nevada am ‘early voting’ erausgeschafft hunn – am wichtegen Clark County esouguer méi wéi nach 2012 – bräicht den Trump en Dënnschdeg hei e Wonner fir dach nach ze gewannen. Eng Clinton Victoire am Pennsylvania, Wisconsin & Michigan (alles Staate mat enger demokratescher „DNA“) géif Nevada schonns zum Kingmaker maachen.


Trump säi Wee bleift extrem kleng

Et wor vun Ufank u kloer dass bal ausschliisslech op wäiss Amerikaner ze setzen am Joer 2016 net méi duer geet. 1980 konnt de Reagan 56% vu Wäisse gewannen an huet domat 44 Staaten & 489 Wahlleit gewonnen; 2012 huet de Romney 59% vu Wäisse gewonnen a krut 24 Staaten & 206 Wahlleit.

Aus deem Grond hunn d’Republikaner no der Nidderlag 2012 een „Autopsie Rapport“ gemaach a festgehalen: mir mussen op Millennials duergoen, op Fraen, op Hispanics a Latinos, op Afro-Amerikaner an op Asian Americans. Du koum den Donald Trump an et huet een dee Rapport an der Poubelle a Brand gestach. Wann den Trump en Dënnschdeg déi nämmlecht Unzuel vu Wäissen, Blacks an Asian Americans géif kréien wéi de läschte republikanesche President George W Bush (wat net wäert geschéien)… da géif hien op 3 Millioune Stëmme verléieren – wéinst deene vun de Latinos/Hispanics. De Bush krut ronn 40% vun Hispanics, wat eng Zuel ass déi kee Republikaner zënterhier méi konnt erreechen.

Dobäi kennt fir den Trump dass säi Support bei Wäissen mat Unisofschloss, e Grupp deen zënter 1956 ëmmer un d’Republikaner gaangen ass, net wierklech besonnesch ass. Bei Fraen mat Unisofschloss ass den Trump definitiv ënnerwee ze verléieren (aktuelle Réckstand am Beräich vu 27%), e Grupp deen de Romney, wéi üblech fir e Republikaner, konnt gewannen.

Den Trump brauch Florida (wou schonns méi Hispanics wiele gaange sinn wéi nach 2012), North Carolina (wou e Rekord un Hispanics schonns wiele gaangen ass = dee Grupp dank deem den Obama 2008 do konnt gewannen), Ohio (wou hien op déi wäiss Arbeschtschicht trefft – Virdeel Trump), Iowa (ähnlech wéi Ohio – Virdeel Trump) plus 1 weidere Staat, woubäi New Hampshire, mat 4 Leit, net géif duergoen obschonns een am Trump Tower hofft dass dee Staat, mat villen Onofhängegen déi d’Emails vum Clinton guer net gutt fannen, op den „Trump Train“ opspréngt. D’Wahrscheinlechkeet vun enger Trump Victoire wor d’läschte Summer kléng; si wor dëse Summer kléng; an si bleift aktuell kléng.


Iowa geet wuel un Trump

Dat heescht natierlech net dass kee Staat wäert vum Obama un den Trump goen. Iowa gesäit, wann een op early voting kuckt, schwiereg fir d’Clinton aus. Wéi schonns hei an hei beschriwwen wor Iowa ni e grousse Fan vum Hillary Clinton (an och de Bill Clinton konnt hei an de Virwahlen 1992 net gewannen). An der bekannter Ëmfro vum Des Moines Register (dem Gold Standard am Iowa) läit den Trump um Samschdeg Owend bei 46%, d’Clinton bei 39%. Mat Iowa stéing den Trump bei 197 Wahlleit. (270 si néideg)

Kleng Problemer mam GOTV (Get out the Vote)

Bis elo huet de Clinton Camp e fantasteschen Job gemaach fir Hispanics an Asian Americans un d’Wahlurnen ze kréien. Bei Millennials a Blacks huet ee par rapport zu 2012 Problemer. A Florida & North Carolina ass de Prozentsaz vu Blacks am Early Voting ëm 7% (Freideg Zuelen) gefall. Dat läit zum Deel dorunner, dass North Carolina seng early voting Regelen zënter 2012 geännert huet. Clinton Team mengt dass een dat awer mat engem staarke Weekend, wou och déi schwaarz Kierchen traditionell involvéiert ginn a Kierchegänger no der Mass bei d’Wahlbureau’en gefouert ginn, dee Réckstand kennen ophuelen. Et bleift awer och no (nach net vollstännegen) Samschdeg Zuelen dobäi dass Zuel vun Demokraten déi schonns  am North Carolina wiele gaange sinn ëm 1.2% gefall ass; Republikaner e Plus vun 14.5%. De Romney konnt de Staat d’läschte Kéier wannen, an deem dës Kéier statistesch Gläichstand herrscht fir Presidentschafts-, Governors- & US Senatswahlen. 


 Läscht Stonnen

Bei den Demokrate wäert de President Obama e.a. zu New Hamsphire (Méindeg) nach eemol eng Rally maachen. Clinton wäert haut e.a. zu Ohio mam LeBron „King“ James e Campagne Event hunn; et geet, wéi bei de Concerte mam Katy Perry, Beyoncé & Jay Z, ganz gezielt drëms d’Organisatioun mat jonke Wieler*innen ze verbesseren an se spéistens en Dënnschdeg un d’Wahlurnen ze kréien. E Méindeg den Owend sinn dann Hillary & Bill Clinton an Barack & Michelle Obama all zesummen am US Staat Pennsylvania, deen, wann ee seng demokratesch DNA behält, e wichtegen Deel vum Clinton senger ‘Firewall’ ass, déi den Trump soll drun hënneren an d’1600 Pennsylvania Avenue an zezéien. (Aktuell huet d’Clinton hei e Virsprong an Ëmfroen – de Staat huet keen ‘early voting’ – wéi den Obama 2012). 

Bei de Republikaner flitt den Trump an de Mike Pence queesch duerch d’Land: vun demokratesche Staate wéi New Mexico op Minnesota, op Swing States wéi Florida an Ohio a nees zréck op Nevada oder Colorado. Eng kloer Strategie gëtt et net. Den Trump soll säi Meenungsfuerscher erausgepucht hunn a sicht elo selwer no deem 1 weidere Staat, deen hie brauch falls de Recht soll perfekt oflafen. Hien huet e.a. eng Rally am Wisconsin ofgesot fir an de Minnesota ze goen, e Staat deen zënter 1928 just 3 Mol konnt vun de Republikaner gewonne ginn. Déi läschte Kéier goung en 1972 un de Nixon; 1984 wor et deen eenzege Staat am ganze Land, deen de Ronald Reagan net konnt gewannen.

Dewey Beats Truman

1948 gesinn Ëmfroen den Dewey schonns als Gewënner & Chicago Tribune titelt dann och fälschlecherweis um Dag no de Wahlen “Dewey defeats Truman,” wat de President Truman zum Laache bréngt

Predictioun: Clinton gewënnt.

Clinton Team setzt massiv op Daten an huet och ugefaangen eng Taktik ze benotzen, déi d’Obama Team 2008 agefouert huet: Wahlveranstaltungen no bei engem Wahlbureau ofhalen fir d’Zuel vun de Wieler*innen direkt eropzesetzen. Clinton Team schwätzt zënter Wochen dovunner dass méi Amerikaner wäerte wiele goen wéi je virdrun an dass si dem Obama seng „Coalition“ aus verschiddene Wielergruppen nach weider ausgebaut & geännert hunn. Bis elo deit alles drop hin, dass dat stëmmt, dofir…

Clinton kritt minimum 274 Wahlleit (Nevada, Colorado, Pennsylvania, Virginia + normal demokratesch Staaten). Nevada gouf uewe beschriwwen, am Pennsylvania läit Clinton um Niveau vum Obama 2012, am Virginia ass se iwwert deem Niveau (Merci Tim Kaine!) an zu Colorado hofft den Trump och just drop hauchdënn kennen ze gewannen.

322 Wahlleit si méiglech, wann een och North Carolina (liichte Virsprong, mä Black Americans Turnout!), Florida (Kapp u Kapp, mä fantastesch Hispanics Turnout a besseren Turnout wéi 2012 am wichtegen Miami-Dade County), a New Hampshire gewënnt.

Ohio tendéiert liicht zum Trump, Iowa och, genee wéi den 2. Distrikt am Maine. Dat ginn 216 Wahlleit. Sollt hien Ohio verléieren: 198.

Best Case Scenario fir den Trump: wuel 289 Wahlleit. Dofir bräicht hien eng Victoire zu Florida, North Carolina, Ohio, Michigan, New Hamsphire a Colorado. Fir esou e Resultat misst awer alles an dem Trump seng Karte spillen. Ob dat bei enger Persoun fonktionnéiert déi gesot huet hie géif näischt op Date ginn, mä leiwer kucken wéi vill Leit op seng Wahlveranstaltunge kommen (wat, vun der Wessenschaft hir gesinn, 0 Indikatioun gëtt wee wiele geet, cf. 2012)…? Eppes bleift kloer: geet Florida un d’Clinton ass dem Trump säi Wee fir 270 definitiv zou. Geet Pennsylvania, Michigan oder Wisconsin un den Trump, hätt hien eng kleng Chance. 

Virschau:

Liveblogging mat allen Infos & Statistiken zu de Presidentschaftswahlen, US Senatswahlen (Kapp u Kapp Rennen tëschent Demokraten a Republikaner a gläich e puer Staaten; Muecht vum Senat steet um Spill), Repräsentantenhaus (wat ganz wahrscheinlech bei Republikaner bleift), Governorswahlen a Referenda (162 Stéck, e.a. iwwer Marijuana, Waffegesetzer, Erhéijung vum Mindestloun & méi héij Tubaksteier)… 

Start um Dënnschdeg Owend géint Mëtternuecht (CET)

 

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

One Comment

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s