Month: November 2016

10 Grënn firwat den Trump gewonnen huet… a firwat dat (vläit) net stëmmt

No enger iwweraschender Victoire fir den Donald Trump kucke vill Leit drop firwat hien gewonnen huet. A ville Fäll bedeit dat de Fokus op just 1 eenzege Grond ze leeën, mä et kann een d’Victoire vum Trump op e puer Art a Weisen erklären. Een ëmfangräichen “Long Read” mat 10 Grënn – vu Rassismus bis “Verléierer vun der Globalisatioun” – firwat den Trump gewonnen huet, a firwat all déi Grënn och vläit guer net stëmmen…

Wahlnuecht an Amerika 2016 [Liveblogging]

No enger langer Campagne geet et haut op en Ënn. All d’Informatiounen zu de Presidentschafts-, Kongress- a Governorswahlen, genee wéi zu verschiddenen vun den iwwer 150 Referenda uechter dat ganzt Land, am Liveticker HEI 

USfAkten (5): Firwat ginn d’Amerikaner op engem Dënschdeg wielen?

D’USA ginn op engem Dënschdeg wielen. Dat wor awer, éischtens, net ëmmer esou an, zweetens, ass d’Ofhalen vun de Wahlen an der Woch haut ëmmer méi ëmstridden. Aus Traditioun eraus entstanen dréit et am 21. Joerhonnert zu enger vun de niddregsten Wahlbedeelegung an der westlecher Welt bäi…

Memo: Zuelen, Statistiken, Problem vun Ëmfroen & déi grouss Favoritin

All déi wichteg Informatiounen zesumme gefaast: vun de läschte groussen national Ëmfroen, a firwat déi wuel nees Hispanics ënnerschätzen; vum genialen Early Voting a Nevada hin zum Trump senger Decisioun op Minnesota ze goen (e Staat, deen d’Republikaner zënter 1928 just 3 Mol konnte wannen & och de Reagan 1984, wéi hien 49 Staate gewanne konnt, verluer huet). Zuelen, Statistiken, Hannergrondinfos an eng Prediction ween wéi vill Wahlleit wäert kréien…