[Geschate Lieszäit: 10 Minutten]

Et si nach 8 Deeg bis zum Hapt-Wahldag an den USA. Et ass dee Moment, wou d’Leit (zemools déi an de Swing States) keng Reklamme méi kenne gesinn, keng Telefonsuriff vu Fräiwellegen méi welle kréien an d’Leit am ganze Land gestresst sinn. E Freideg huet e Bréif vum FBI Direkter Comey nach eemol fir Opreegung gesuergt. Ob dee Bréif een Impakt op d’Wahlresultat wäert hunn, kann ee wuel leider erréicht um Wahlowend selwer gesinn. De Faite ass dass d’Leit an iwwer 30 Staate schonns an d’Wahlbureau’en ginn a wielen (iwwer 22 Milliounen hu schonns gewielt); an et dauert an der Moyenne ronn 7 Deeg fir éischt, richteg Indikatiounen vun engem Event an den Ëmfroen erkenne ze kennen. Déi alleréischt Ëmfroen, déi ganz no dëser läschter ‘October Surprise’ gemaach goufen, weise (nach?) keng massiv Ännerung.

Trotzdem… puche mer einfach e Bléck drop wou d’Course ëm d’Wäisst Haus stoung ier de Bréif vum FBI Chef zum Ënn vun der läschter Woch erauskomm ass:

oct31_1

333 Wahlleit fir d’Hillary Clinton an 205 fir den Donald Trump.

Am 1. detalléierte Post iwwert d’Wahlkart hunn ech festgehal, dass Iowa (IA), Wisconsin (WI), Ohio (OH), North Carolina (NC), Florida (FL), Pennsylvania (PA) a New Hamsphire (NH) wuel d’Wahlen wäerten entscheeden.

Genee wéi d’läschte Mount bleift och Nevada (NV) – trotz der héijer Unzuel vun Hispanics/Latinos déi éischter fir d’Demokraten a net fir den Donald Trump (Mauer) sinn – spannend. D’Clinton konnt zwar zënter dem September hire Virsprong ausbauen, mä de republikanesche Kandidat konnt nees ophuelen. Am Schnëtt läit d’Demokratin eppes iwwer 1.6% vir. Ech loosse dee Staat dofir weiderhin bei hir, och well den ‘early voting’ hei genee esou gutt ausgesäit fir d’Demokraten wéi 2012, wéi den Obama um Ënn mat 7% Virsprong gewonnen huet.

Huelen mer elo mol déi aner 7 Staaten ewech (a setzen fir de Moment de “roude” Staat Arizona, bei deem d’Clinton hauchdënn virläit, zréck bei d’Republikaner): 

oct31_2

Clinton huet dann nach 53 Wahlleit Virsprong a brauch der nach 26 fir ze gewannen. Dem Trump feele nach 79 Stëmmen am Electoral College.

A wéi gesäit et an deene 7 Staaten aus?

• New Hampshire (NH) mat 4 Wahlleit

new_hampshireDen Donald Trump geet gären alt emol op New Hampshire. Et huet bis elo an den Ëmfroen awer iwwerhapt näischt bruecht. Säi bescht Resultat wor e Gläichstand am Juli. Zemools Campagne Events vum Clinton mam Bernie Sanders, deen dëse Staat an de Virwahle grouss gewonnen huet, an dann och mam Michelle Obama (wou si dës Ried ginn hat), hunn dëse Staat zu engem „likely Clinton“ Staat gemaach. Aktuell huet si iwwer 5% Virsprong an dësem Staat, dee kee groussen „early voting“ huet. Ob den Trump dee Réckstand awer dank dem Comey Bréif kann ophuelen? Wuel éischter onwahrscheinlech.

• Wisconsin (WI) mat 10 Wahlleit

Wéi schonns am September Post erwähnt, huet dëse Staat eng langjäreg demokratesch „DNA.“ Zënter dem Ënn vun de Virwahlen gouf et keng ëffentlech Ëmfro, déi d’Clinton net vir gesinn huet – oft tëschent 4 an 8 Prozent. Déi läscht puer Ëmfroen haten d’Clinton weider an där Géigend. Den Trump mécht zwar elo Campagne do, mä mat deem Virsprong (an der Geschicht vum Staat) schéngt dat Suen & Zäit zur Fenster erausgepucht ze sinn. Chancen op eng Trump Victoire bleiwe kleng.  

• Pennsylvania (PA) mat 20 Wahlleit

Och deen hei Staat genéisst eng demokratesch „DNA.“ Obschonns d’Republikaner all 4 Joer probéieren an, an de läschten 2 Wochen, dann ëmmer dovunner schwätzen, si kéinten dëse Staat gewannen, klappt dat Ganzt ni. Déi läscht Ëmfro wou den Donald Trump hei vir loung? Ënn Juni/Ufank Juli. Bis vrum Comey Bréif loung Clinton tëschent 5 an 8 Prozent vir. Esouguer wann de Bréif een Impakt sollt hunn (Pennsylvania huet keen ‘early voting’), esou e Virsprong dierft sech d’Campagne eigentlech net méi ewech huele loossen. Zemools d’Viruerter vu Philly, wou vill ethnesch Minoritéite wunnen, dierften dee Staat nees un d’Demokrate ginn.

• North Carolina (NC) mat 15 Wahlleit

north-carolina2008 goung dëse Staat fir déi éischte Kéier zënter Jorzéngten un d’Demokraten. 2012 huet een de Staat un de Mitt Romney verluer. Dank dem Trump senge rassisteschen Aussoen huet d’Clinton am North Carolina (22.1% vu Bevëlkerung sinn Black/African American alone) eng gutt Chance. De President & d’First Lady wore schonns hei a sollen, sou de Plang vum Clinton HQ, bis den 8. November nach eemol zréck kommen. Bis op 1 loung d’Clinton an allen Ëmfroen zënter Mëtt September vir; tëschent 3 a 7 Prozent Virsprong genéisst déi fréier Ausseministesch. D’Zuelen vun de Leit, déi schonns wiele gaange sinn, dierften den Demokrate just liicht roose maachen. Aktuell sinn e gutt Stéck méi Republikaner*inne schonns un d’Wahlurne gaangen, während Jonker a donkelhäiteg Amerikaner*innen par rapport zu 2012 liicht réckgängeg sinn. Wann ee Staat dem Clinton nach kéint ewech rutschen, da North Carolina. 


E klénge Point no dëse Staaten, déi aktuell all op eng Clinton Victoire hindeiten:

oct31_3

Clinton kritt 293 Wahlleit an hätt domat gewonnen. Esouguer wann een elo Nevada (6 Wahlleit) a North Carolina (15) dem Clinton géif ewech huelen, kéim si nach op 272 – 2 méi wéi néideg. 


Kucke mer op déi aner 3 Staaten, déi nach iwwreg bleiwen:

• Iowa (IA) mat 6 Wahlleit

Et ass e Staat, deen dem Hillary Clinton net wierklech läit. Schonns 2008 hat si hei d’Virwahlen géint de Barack Obama verluer; am Februar konnt si just ganz knapps géint de Bernie Sanders wannen. Et ass vun alle „Swing States“ deen deen den Demokraten am meeschte Problemer bereet. Ufank August wor d’Clinton déi läschte Kéier an enger Ëmfro vir. Och wann dem Trump säi Virsprong zréck gaangen ass (no dem bekannten Access Hollywood/“Grab them by the p…“ Video) bleift hie bal 1.5% vrum Clinton. Kee Grond fir vill Hoffnung maachen early voting Zuelen, wou Jonker hei bis elo manner wiele gaange sinn wéi nach vru 4 Joer fir “hire” President. 

• Ohio (OH) mat 18 Wahlleit

„As Ohio goes, so goes the nation.“ Et wor vru 4 Joer dem Obama seng „Firewall“ an et gëtt dem Clinton seng… vläit net. Et ass jiddefalls extrem spannend. Vun de läschten 4 Ëmfroen hunn 3 genau dat nämmlecht Resultat eraus kritt: 45% fir Clinton, 45% fir Trump. Dat mécht zwar Hoffnung fir d’Clinton an dësem Swing State, deen all Republikaner huet misste wannen wann hie wollt an d’Wäisst Haus anzéien, mä zemools den anti-Handelsmessage vum Trump kennt hei weiderhin gutt un. D’Demokratin ka frou sinn, dass si Ohio net onbedéngt muss wannen. De Prozentsaz vu Jonker, déi schonns wiele gaange sinn, ass an dësem Staat par rapport zu 2012 am meeschte gefall.

• Florida (FL) mat 29 Wahlleit

floridaDe Staat hat den George W Bush zum President gemaach. Den Obama konnt e vru 4 Joer mat knapps 0.88% gewannen. Et ass ee Staat, deen, genee wéi dat ganzt Land, komplett an 2 gespléckt ass, an dat ass 2016 net anescht: Clinton +1, Trump +2, Clinton +3, Trump +4, etc. Aktuell ass et komplette Gläichstand. Hoffnung fir d’Clinton maachen dës Woch 2 Nouvellen: 1) si hu scho vill Leit zum wiele bruecht, an 2) si hunn de Staat manner ‘wäiss’ gemaach. 2012 woren 66.5% vu registréierte Wieler*innen wäiss; 2016 sinn et just 64.2%. Hispanics goung vun 13.9% op 15.7% erop. Black Amerikaner*innen ass mat 13.4% liicht ëm 0.2% gefall. Trotzdem dierft der Clinton Campagne, déi déi Obama Coalition aus ethnesche Minoritéite well zesumme bauen, dës Zuele gefaalen. Kämpfen mussen si awer bis den 8. November och déi läscht Wahlbureau’en zou sinn… mä wa Florida un d’Clinton geet, ginn d’Wahlen un d’Clinton. 

De Staat bleift e must win fir den Trump. Wann ech him dee Staat elo zourechnen, hätte mer (wann ech him Ohio och emol géif ginn) d’Resultat: 293 fir d’Clinton, 244 fir den Trump. ‘The Donald’ hätt aktuell eng gutt Chance, déi 1 Stëmm vum 2. Distrikt vu Maine ze gewannen, a géif dann op 245 kommen.

oct31_4

Conclusioun

D’Hillary Clinton bleift déi grouss Favoritin fir d’nächst Woch –  zemools wann ee bedenkt, dass den Trump Problemer am Arizona (AZ; 11 Wahlleit) a Utah (UT; 6 Wahlleit) huet. Hien dierf sech awer kee Feeler mat senger knapp ausgerechenter Wielerschaft aus gréisstendeels aalen, wäissen Arbechter erlaben.

Wéi kann den Trump d’nächst Woch gewannen?

Hie muss déi 3 uewe genannte Staaten (Florida, Ohio & Iowa) fir sech entscheeden. Bis op Iowa, sinn déi aner ganz hard ëmkämpft. Dono muss hien an dem Clinton seng Staaten goen. Hei dierft ebe North Carolina als Haptzil gëllen. Mä esouguer wann hien d’nächst Woch déi Staaten fir sech entscheed, steet ‘The Donald’ bei grad eemol 260 Wahlleit. Déi 6 Wahlleit vu Nevada géifen hien och net op 270 bréngen. Colorado, wat 9 Wahlleit huet, géif hei zu engem 269-269 Gläichstand féieren, wat déi ganz Saach géif an d’US Repräsentantenhaus puchen. Dat ass wuel de Grond firwat hien op Wisconsin geet fir do déi 10 Wahlleit zehuelen. Aktuell gesäit eng Victoire do awer net ganz gutt aus. Florida, Ohio, Iowa, North Carolina + min. 1 weidere Staat muss den Trump siche goen, a ferm oppassen dass hien Arizona net (un d’Clinton) oder Utah (un den Evan McMullin) verléiert. 

D’Clinton, op der anerer Säit, ka sech an e puer Staaten eng Nidderlag erlaben. Brooklyn, wou den HQ vun der Clinton Campagne ass, wäert just hoffen, dass bis den 8. November keng weider, gréisser Informatiounen iwwert déi nei Emailen, déi entweder vun hir geschéckt goufen oder och net (ass net bekannt), wäerten eraus kommen. Fir si heescht et hir bis dato gutt “GOTV” (Get Out The Vote) ‘Maschinn’ weider um Laafen haalen. Zemools wat Millennials ugeet kann deen Effort fir d’Leit un d’Wahlurnen ze kréien souguer nach liicht verbessert ginn; 2012 hate schliisslech d’Stëmmen vun de Jonken 4 Swing States (Florida, Virginia, Ohio & Pennsylvania) an domat d’Wahlen fir den Obama entscheed. 

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

2 Comments

  1. […] Fannt kuerz Infos zu den US Wahlen an engem ‘Memo’ zesumme gefaast: hei, an een Iwwerbléck op d’Wahlkart: hei. […]

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s