[Geschate Lieszäit: 7 Minutten]

Reklammen si schonns zënter laangem Deel vum amerikanesche Wahlkampf. Den Eisenhower huet 1956 déi éischt Fernsehreklammen a senger Campagne benotzt gehat. De Kennedy hat 4 Joer méi spéit e Clip mat engem ‘Wahllidd.’ (Wéi oft sangen a weisen se ‘Kennedy’ an dësem Clip?) Iwwert d’Joren ewech hu sech negativ Reklammen ëmmer méi populär gemaach; „Daisy“ Reklamm vum Johnson 1964 gëtt hei oft als Haptexemplaire genannt. Méi een hoffnungsvollt Bild huet de Reagan 1984 mat sengem „Morning in America“ gemaach. Bis 2008 nach mat, war d’Formule fir TV Reklammen ganz einfach: d’Unzuel vun den Zuschauer + den Alter vun den Zuschauer. 

Well de President Obama 2012 awer kee Géigner a sengen demokratesche Virwahlen hat, konnt hien 2012 déi Formule änneren. Seng Equipp huet déi Zäit nämlech genotzt gehat, fir e vill méi grousst an effizient „Analytics“ Department an der Campagne opzebaue wéi säi republikanesche Géigner, Mitt Romney, dee sech méintlaang ëm d’Nominatioun mat anere gestridden huet, dat je konnt maachen. An all deene Méint wou d’Republikaner mateneen gestridden hunn, konnt dës Department Date sammele goen. Zum Deel goung dat online (via Email u Supporter, Facebook etc.), zu engem aneren waren et ganz klassesch Diskussioune mat de Leit op der Hausdier déi d’Informatioune bruecht hunn. Do muss een dobäi soen, dass déi Zort Campagne, wou ee vun Dier zu Dier geet a mat de Leit schwätzt, an den USA wichteg an héij ugesinn ass; et ass Haptbestanddeel vum „government of the people, by the people and for the people“ wéi den Abraham Lincoln emol d’US Demokratie genannt huet. Dës Aufgab gëtt dann och vu Supporter an hirer Fräizäit gemaach. (2012 hat de Barack Obama eleng am Staat Florida esou vill Fräiwelleger fir sech schaffe wéi de Mitt Romney an de ganzen USA). Scheinbar ganz banal Informatiounen iwwert d’Wieler*innen goufen an de System agedroen. D’Obama Campagne wousst dee Moment bal genee wéi eng Zort Wieler*innen a wéi engem Deel vu wéi engem Staat wuel géife wiele goen, a wéi eng Informatiounen dëse Leit wichteg wiere, fir hir Entscheedung (fir de President Obama, an hirem Fall) ze maachen.

Domat war d’Basis geluecht fir sech vum alen „number of eyeballs + age“ Konzept – vun deem déi normal Fernsehwelt nach haut liewt – ewech ze beweegen.

Et huet ee nämlech seng Donnéen benotzt gehat, fir eng Lëscht opzestelle vun de Leit, déi definitiv géife wiele goen, erof bei déi, déi definitiv net wéilte wiele goen. (Oft gëtt vun Ëmfroinstituter d’Fro gestallt wéi secher een ass, vun 0-10, fir wielen ze goen; déi Millioune vu Fräiwellegen hunn dem Obama erlabt dat just an engem vill méi grousse Ausmooss ze maachen). A wat mécht een mat esou enger Lëscht an engem Wahlkampf? Genee, et dréit een se ëm a schafft sech vun ënnen nees erop. Et gëllt fir esouvill wéi méiglech Leit, déi „3“, „4“, „5“ asw. geäntwert hunn, z’iwwerzeegen, fir awer wielen ze goen… a genee do kommen de Fernseh an d’Reklammen an d’Spill.

„Dat wor nach ni do, dass een detailléiert Informatiounen iwwer d’Fernsehgewunneschten mat politeschen Veranlaagerungen kombinéiert huet.“ – Ken Goldstein, President vu Kantar Media/CMAG


Et huet ee sech net just op den Industriestandard vun de „Nielsen Ratings“ baséiert – op déi nach haut d’Fernsehwelt an den USA kuckt fir erauszefannen wéi vill Leit eng bestëmmte Sendung um Fernseh solle gekuckt hunn – mä och Informatioune vu „Rentrak,“ déi zum Deel ganz spezifesch Zuelen iwwert d’Behuele vun Zuschauer*innen vu Kabelfernseh bidden.

Esou ass vru 4 Joer e starke Kontrast tëschent béide Lageren entstanen.

D’Romney Equipp huet weider Reklammen iwwert den traditionelle Wee bruecht (= vill Seniore kucken, laut Nielsen, „Jeopardy!“ also loosse mer do Reklamme laafe, wa mer Seniore wellen unzéien). Mä esou e System, wou ee just op Alter a Milliounen vun Zuschauer kuckt, bedeit dann awer och, dass ee wärend (oder kuerz vru) grousse Sendunge Reklamme well senden; dës Sekonne si natierlech e gutt Stéck méi deier. An der Moyenne huet de republikanesche Kandidat missten $666 pro 30 Sekonne Reklamm bezuelen. Säi Géigner huet bal 11% manner, nämlech $594, misste fir seng Clips op den Dësch leeën.

Dat ass an engem Wahlkampf, wou d’Allocatioun vun de Spendegelder „das A und O“ ass, wéi een an Däitschland géif soen, schonns eng Nidderlag. Déi ass awer nach vill méi grave, wann ee bedenkt dass vill vun deenen Zuschauer*innen, déi op den traditionelle Wee ereecht ginn/goufen, schonns längst hir jeeweileg Entscheedung fir d’Wahlen geholl gehaten. Et huet een demno onnetzt Suen aus der Fenster erausgepucht.

D’Allocatioun vun de Spendegelder ass “das A und O” an engem Wahlkampf.

Genee vun där Conclusioun war d’Obama Equipp iwwerzeegt. Hiren „Optimizer,“ wéi si hiren Dateprogramm genannt hunn, huet hinne genee dat nämlech erëm gi gehat. D’Demokrate wollten dowéinst ganz anescht virgoe, fir d’Wahlen ze gewannen. Et wollt ee ganz spezifesch 2008 Wieler*innen vum Obama, déi awer soss just sporadesch wiele ginn, & Leit, déi nach onsecher – awer net komplett ofgeneigt – waren ob si iwwerhapt solle wiele goen, uschwätzen, sou hiren Medien Analytics Direkter Carol Davidsen. An den „Optimizer“ huet hinne matgedeelt dass déi Leit e.a. Late Night Shows wéi Jimmy Kimmel Live kucken, oder Iessensshows um Food Network, oder och nach einfach den TV Land – e Sender deen just aal Serien wéi Golden Girls nees eemol opliewe léisst – opgedréit hunn. D’Resultat waren Obama Reklamme fir genee dës Wieler*innen op diverse Platzen – vum Nomëttegprogramm bis d’Late Night, vum Sportssender ESPN bis zum Familjensender Hallmark. Et hätt ee just dem Optimizer System eng Spär gi gehat, fir dass dësen net op eemol wärend Erwuessenefilmer wéilt Reklammen senden, sou den Davidsen weider.

Mat där ganzer Taktik war et awer méiglech zum Schluss vun der 2012 Campagne, fir bannend grad emol 1 Woch op 60(!) verschiddene Senderen Reklammen ze senden. Zum Verglach: d’Romney Campagne war zu deem Zäitpunkt just op 18 Senderen. An do muss ee bedenken dass, dank der nationaler „LUR“ Reguléierung (dës Regel verpflicht d’Medien an de 60 Deeg vrum Wahldag politesche Kandidaten*innen de niddregste Präis fir d’Reklammen op hirem Sender ze froen) eng Campagne nach eemol alles erauspucht wat se huet. Een Avantage vun 1,000 Reklammen an engem bestëmmten Medienmarché* setzt, laut enger Etüd vum Michael Franz aus dem Joer 2010, d’Wahlresultat vum jeeweilege Kandidat*in ëm 0.5% erop.

(Je 2 Reklamme vum Donald Trump & vum Hillary Clinton)

Am Team vum Mitt Romney huet een deemools geschmunzelt, wéi si vu Reklammen vum Obama wärend Golden Girls héieren hunn. Um Wahldag huet de Mann vun Chicago als läscht gelaacht.

2016 setzt d’Clinton Campagne op eng Date-baséiert Strategie an der Hoffnung, déi sougenannt „Obama Coalition“ aus Jonken, ethnesche Minoritéiten & co., déi den Obama zum President gemaach hunn, nees un d’Urnen ze kréien. Si koum vrun e puer Wochen awer ferm an d’Kritik wéi bekannt gouf, dass ee, wärend der Woch wou den Hurricane Matthew sollt op Florida treffen, Reklammen um Wiederkanal Weather Channel a Florida kaaf hat. (No der Kritik huet ee sech nees zréck gezunn). D’Republikaner hate gehofft 2016 um nämmlechte Niveau wéi d’Demokraten ze sinn, mä du koum den Donald Trump. Hien huet keng grouss Organisatioun vu Fräiwellegen an de jeweilegen Staaten – 178 Büroen ueschter d’USA fir hien, 498 fir d’Clinton – an dat net, well kee sech fir hien wéilt organiséieren. Den Trump huet bis vru kuerzem bal ausschliesslech op gratis „Reklammen“ um Fernseh gesat, d.h. déi Fernsehzäit wou Supporter a Géigner vun him sech iwwert seng kontrovers Aussoe gestridden hunn oder d’Medie seng Riede bal integral iwwerdroen hunn. Bis Ufank Mee beispillsweis konnt ‘”The Donald” esou vu “gratis Reklammen” am Wäert vu bal $3 Milliarden(!) profitéieren. Dat steet am starke Kontrast zu senger Ënnerstellung, dass d’Medien géifen e Spill géint hie spillen, déi esou gutt bei ville vu senge Supporter ukennt. Seng Géignerin pucht déi läscht 2 Woche jiddefalls nach eemol minimum $80 Milliounen (plus en Deel vun den $150mio, déi ee nach um Konto huet – esou vill wéi ni e Kandidat virdrun) op den TV Marché.

Den 8. November fanne mer dann eraus, ob (bal) gratis wierklech besser ass wéi $594.


* An den USA ginn et sougenannt “media markets”, déi sech net strikt un d’Grenzen vun de jeweilege Staaten halen an sech déi Staaten oft ënnerteneen opdeelen. Florida huet beispillsweis 10 esou Medienmarché’n an ass dofir ee vun den deiersten Staaten fir Reklammen ze senden. D’Präisser vun de jeweilgen Medienmarché’n variéieren baséiert op der Unzuel vu Leit déi an deem Marché wunnen. E méiglechen, weideren Stolpersteen fir eng Campagne déi vergesst op déi méi kléng Zuelen ze kucken.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

One Comment

  1. […] NextUSfAkten (4): Politesch Reklammen gi ganz anescht wéi […]

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.