Beim éischten TV Debat, haut den Owend, steet fir déi alleréischte Kéier eng Fra als Kandidatin fir d’US Presidentschaft vrun de Kamera’en. D’Hillary Clinton schreift domat de Schluss vun enger ganz besonneger Geschicht. Si, déi schonns e puer Mol an hirer politescher Carrière zréck un 1848 erënnert huet, kennt där berühmter Konferenz vu Seneca Falls (am US Staat New York) haut nees ganz no. Deemols hu sech Fraen – an e Grupp Männer – ebe genee zu Seneca Falls getraff gehat an si hunn an hirer “Declaration of Sentiments”, déi un d’Onofhängegkeetserklärung opbaut, herno festgehalen:

We hold these truths to be self-evident: that all men and women are created equal; that they are endowed by their Creator with certain inalienable rights; that among these are life, liberty, and the pursuit of happiness; that to secure these rights governments are instuted, deriving their powers from the consent of the governed. (…) The history of mankind is a history of repeated injuries and usurpation on the part of man toward woman, having in direct object the establishment of an absolute tyranny over her.“

Et wor wuel de Startschoss vum feministesche Mouvement an Amerika. D’Dokument selwer gouf vun 100 vun den 300 Delegéiert ënnerschriwwen. Well d’Elizabeth Cady Stanton, déi d’Konferenz mat enge Rëtsch Quaker aberuff hat, och dofir gekämpft huet dass d’Wahlrecht an d’Deklaratioun stoe géif kommen, wor hiren eegenen Mann Henry, een Affekot a Politiker, net mat op Seneca Falls gefuer. 32 Männer, déi dohinner gefuer sinn, hunn d’Dokument awer herno esou mat ënnerschriwwen.

E puer Joer no där wichteger Convention grënnt d’Stanton mam Susan Anthony d’National Woman Suffrage Association, déi sech haptsächlech fir d’Wahlrecht fir Fraen asetzt. 1890 sollt déi sch mat der American Woman Suffrage Association zesummen doen an d’National American Woman Suffrage Association grënnen. Hir Memberszuel geet bis op 2 Milliounen erop, wat et zur gréisster fräiwelleger Organisatioun am ganze Land mécht. Aus deem Grond spillt se dann och 1920 eng gréisser Roll fir d’Wahlrecht fir Fraen an d’US Verfassung ze setzen.

Um läschte Meeting vun der Associatioun, am Joer 1920, grënnt d’Carrie Chapman Catt dunn d’League of Women Voters. Dës Organisatioun sollt 1976 – 16 no deem läschten ëffentlechen TV Debat an engem US Presidentschaftswahlkampf (John F Kennedy vs Richard Nixon) – dräi TV Debaten tëschent dem Demokrat Jimmy Carter an dem Republikaner Gerald Ford organiséieren. Och d’TV Debaten an de Wahljoren 1980 an 1984 goufe vun der League of Women Voters gesponsort, ier dës Debaten ab 1988 vun enger onofhängeger Organisatioun (an där awer just Demokraten a Republikaner setzen) komplett organiséiert gi sinn.

Ouni Seneca Falls, ouni d’Elizabeth Cady Stanton, ouni déi Organisatiounen fir Fraenrechter hätt d’Land net just am 19., 20. an 21. Joerhonnert een anere Wee wuel ageschloen, mä hätt haut wuel och e komplett aneren Wahlkampf; an aner Länner op der Welt – bal 80 hunn d’TV Debaten aus den USA fir hir Wahlen kopéiert – géifen déi Zäit vrum Wahldag wuel och anescht gestalten.

Fir d’Hillary Clinton an d’Feministen/Feministinnen schléisst sech haut den Owend jiddefalls domat ee Krees. Ob sech am November nach e weideren wäert schléissen steet momentan nach an de Stären. Et ass, vrun dësem éischten TV Debat tëschent dem Donald Trump an dem Hillary Clinton, esou richteg knapps ginn: 

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s