Vun „Trump verléiert u Support“ bis „Trump kennt nees méi no erun“ wor an de läschten Deeg a Wochen alles dobäi. Et gëtt Zäit sech vun den nationalen Ëmfroen, op déi vill vun deene Schlagzeilen opbauen, ze léisen an een éischte richtege Bléck op d’Wahlkaart ze puchen. Ganz séier weisst sech eigentlech just 1 méiglechen Wee fir de republikanesche Presidentschaftskandidat fir an d’Wäisst Haus anzezéien.

Fänke mer bei der Kaart vun 2012 un, wou de Barack Obama géint de Mitt Romney gewonnen huet.
1

Den Obama krut deemols 332 Wahlleit (270 brauch een fir d’Wahlen ze gewannen). Dat ass d’Ausgangsbasis fir d’Hillary Clinton an den Donald Trump. De President Obama hat deemols bal all Staat gewonn deen en Demokrat bei enger knapper Wahl – also e Virsprong vu manner wéi 10% am nationale Resultat – ka gewannen. D’Clinton huet deemno dësen Terrain ze verdeedegen a muss sech ustrengen fir nach weider Staaten „blo“/demokratesch ze kréien. Fir den Trump bedeit dat natierlech, dass hien verschidde Staaten (nees) muss republikanesch maachen, wann hien an d’1600 Pennsylvania Avenue well plënneren.

Ass dat méiglech? Jo. Ech huelen elo mol all déi Staaten ewech, déi traditionell zënter e puer Presidentschaftswahlen als „battleground states“ oder „swing states“ zielen. (Dat si Staaten, déi hard ëmkämpft sinn, an dofir dann och emol blo oder rout wielen.)

2

Elo huet d’Clinton 217 Wahlleit, während den Trump op 191 kennt. Et ass also eng knapps Course.

Den Donald Trump, dee mat rassistesche Remarken géint Mexikaner an Hispanics/Latinos am allgemengen, säi Wahlkampf vrun eppes iwwer 1 Joer gestart huet, huet sech awer op e puer Platzen keng Frënn gemaach. Colorado (CO) a Nevada (NV) kéinten esou Platze sinn. Hei liewe vill Hispanics. Zu Nevada sinn 27% vun der Bevëlkerung Hispanics; domat kennt een op Platz 5 an de ganzen USA. Am US Staat Colorado sinn et 21% – national d’Platz 7.

D’Clinton Campagne huet decidéiert hir Reklammen a Colorado erofzehuelen an déi Suen enzwouch anescht auszeginn. Et ass een aktuell dovun iwwerzeegt e grousse Virsprong do eraus geschafft ze hunn. (An ëffentlech publizéierten Ëmfroen läit d’Clinton am Schnëtt mat gutt iwwer 5% vir). Zu Nevada ass dat am Moment nach net de Fall. Do ass engem säi Virsprong vu ronn 3% (Mëtt August) op (haut) ronn 0.5% erofgefall. 

Obschonns Nevada nach méi knapp ass, géif also och dee Staat am Moment fir d’Clinton goen. A wa mer Colorado & Nevada op d’Clinton Säit huelen, da gesäit et esou aus: 

3

D’Hillary Clinton huet elo 22 Méiglechkeeten fir op déi 270 Wahlmänner ze kommen. Den Donald Trump fält do duerch vun 72 Méiglechkeeten erof op just méi 16. Et gëtt eben e Grond firwat den George W. Bush am Joer 2000 an 2004 grouss Campagne gemaach huet fir vill – iwwer 40% – Hispanics/Latinos op seng Säit ze kréien. Hie konnt a béide Joren esou och Nevada a Colorado gewannen. (Am Joer 2000 hätt 1 vun dëse Staaten kéinten dem Al Gore d’Victoire bréngen).

Kucke mer elo op Virginia (VA) op der Ostküst vun den USA. Dem Clinton säin Vize Presidentschaftskandidat Tim Kaine wor Governor vu Virginia, do virdrun Lieutenant Governor, an do virdrun Buergermeeschter vu der Haptstadt Richmond. Zënter 1920 bréngt e Vize Presidentschaftskandidat a sengem Heemeschtsstad senger Partei an der Moyenne e Plus vu ronn 2% par rapport zu de läschte Wahlen. Den Obama hat Virginia mat bal 4% Virsprong gewonnen. Dat léisst hoffen fir d’Clinton. Vill méi wichteg wéi de Faktor vum „VP“, wéi de Vize President oft just an US Medien genannt gëtt, ass awer de Faite dass Virginia zënter 2008 ëmmer méi demokratesch ginn ass. De Grond läit e.a. dorunner, dass vill Leit déi niewendrun zu Washington D.C. schaffen op Virginia geplënnert sinn an do dann och wielen. Alleng bannend der 1. Amtsperiod vum Obama goung d’Zuel vun der „wäisser Arbeschterschicht“ zu Virginia ëm 3% erof, während och ëmmer méi ethnesch Minoritéiten an dësem Staat wunnen. Zënter 2013 sinn all déi politesch Posten, déi vum ganze Staat gewielt ginn (Governor, Lieutenant Governor, Justizminister, 2 US Senatoren) vun Demokrate besaat. D’Republikaner behalen am staatleche Parlament just dank de méi klengen Wahlbezierker am Recht vum Staat (ewech vu Washington D.C. an der Küst) nach d’Iwwerhand.

No der demokratescher Convention huet d’Clinton duerch e „convention bounce“ (e Sprong u Support fir e Kandidat/in no der Convention) e Virsprong vu gudd iwwer 10% gehat, deen sech elo nees op enge ronn 5% (an der Moyenne) agepändelt huet. Et wier machbar fir den Trump de Staat ze gewannen, mä Geschicht an aktuell Ëmfroen maachen dee Staat nach vill méi schwéier fir hien wéi verschidden anerer.

4

Wann een déi Wahlleit dem Clinton gutt schreift, steet si bei 245 an den Trump huet just méi 5 Méiglechkeeten fir d’Wahlen awer nach ze gewannen.

Et sinn déi do 7 Staaten, déi d’Wahlen wuel entscheeden an déi een an de nächste Wochen misst am Bléck behalen. Déi 7 Staaten sinn vu lénks no riets: Iowa (IA), Wisconsin (WI), Ohio (OH), North Carolina (NC), Florida (FL), Pennsylvania (PA), a New Hampshire (NH).

De Problem fir den Trump ass folgenden: sollten all déi aner Staaten, déi ech virdrun dem Clinton zougerechent hunn (also och Nevada, wat eben just knapps fir d’Clinton ass), och wirklech esou wielen, kéint déi fréier Ausseministesch mat enger Victoire zu Florida, wat 29 Wahlleit huet, op 274 kommen an hätt d’Wahlen domat also scho gewonnen.

5

Den Trump muss deemno Florida gewannen. Ech ginn him elo dofir och emol dee Staat, wou den Trump säin Mar-a-Lago Hotel huet, a wou et zënter langem e Kapp u Kapp Rennen tëschent den 2 Kontrahenten ass, a wou dës Woch de Mann vu New York knapps (< 1%) d’Nues vir huet. (Den Obama hat 2012 de Staat mat 0.88% Virsprong gewonnen). Sollt den Trump dëse wichtege Staat wannen, kéim hien op 220 Wahlleit an d’Clinton misst op enger anerer Platz déi feelend (25) Stëmme siche goen.

North Carolina (NC) hat den Obama 2008 gewonnen, mä 2012 nees verluer gehat. Et ass e Staat, deen eigentlech traditionell fir d’Republikaner ass. De Problem fir den Trump ass e.a. dass seng rassistesch Aussoen – a säin, bei deem Thema, besonnege Slogan „Make America Great Again“ – dofir gesuergt hunn, dass hie grad emol op 1-2% Support bei schwarzen AmerikanerInnen kennt. Zu North Carolina sinn 22.1% vun der Bevëlkerung „black or African American alone,“ wat dëse Staat kompetitiv fir d’Clinton mécht.

Aktuell ass et och hei e Kapp u Kapp Rennen; béid Kandidaten befannen sech zënter laangem statistesch gesinn am Gläichstand. Sollt d’Clinton de Staat gewannen, kéim d’Demokratin op 260 Wahlleit. Ech ginn, fir dem Trump säi Wee opzeweisen, dofir dem ‘The Donald’, wéi hien zënter Joren an den USA genannt gëtt, dëse Staat an hie kéim domat op 235.

6

245 vs 235. Et ass knapps am Moment. Et ass esouguer esou knapps, dass déi 6 Wahlleit vu Nevada d’Resultat kéinten op de Kapp dréinen. Mä kucke mer emol op déi Staaten déi elo nach iwwreg bleiwen.

Zu Wisconsin (WI) läit d’Clinton aktuell vir, och wann de Message vum Trump géint Fräihandelsofkommes’en wéi NAFTA (mat Kanada & Mexiko) an TPP (mat Länner aus dem Pazifik) – iwwer TTIP gëtt an den USA nach net ganz vill geschwat – hei, genee wéi am Rescht vum „Rust Belt“ (déi ganz Géigend bis zu Pennsylvania (PA)), gutt ukennt.

Trotzdem huet dee Staat eng “demokratesch DNA.” Esouguer 2000 goung Wisconsin un d’Demokraten, déi dee Staat zënter 1988 ëmmer gewonnen hunn. Do konnt souguer vru 4 Joer dem Mitt Romney säi Kandidat fir d’Vize Presidentschaft Paul Ryan, dee vu Wisconsin ass, näischt dorunnner änneren. Et ass méiglech fir den Trump dëse Staat ze gewannen, mä mat den aktuellen Ëmfroen an der Geschicht vum Staat ass et zu dësem Zäitpunkt eng riskant Wett, déi den Trump géif agoen wann hien elo alles op Wisconsin géif setzen.

Ech ginn an dësem Iwwerbléck dem Clinton dofir och dee Staat, bei deem se aktuell e gudde Virsprong vun ëm déi 5% genéisst.

7

Dem Clinton feelen deemno just méi 15 Stëmmen. Den Trump hätt elo ganz offiziell just nach 1 Méiglechkeet fir nach President ze ginn.

Iowa (IA) a New Hampshire (NH), wou am Februar an de Virwahlen alles ugefaangen huet, wieren an dësem Szenario absolut onwichteg. Weder d’Clinton nach den Trump kennen dës Wahlleit (insgesamt 10) op 270 bréngen.

Anescht ass et wat Ohio (OH) a Pennsylvania (PA) ugeet. D’Clinton misst 1 Staat dovunner gewannen. Als logesch géif eng Victoire zu Pennsylvania zielen, wou d’Demokraten zënter 1988 net méi verluer hunn. Hei ass et genee wéi zu Wisconsin, dass de Message vum Trump géint fräien Handel bei villen wäisse Arbeschter gutt ukennt. Aktuell huet d’Clinton awer e Virsprong vu ronn 6% (an der Moyenne), wat wuel och dem ‘Ambassadeur vun der Mëttelschicht’, dem Vize President Joe Biden, ze verdanken ass, dee schonns Campagne fir d’Clinton a sengem Gebuertsstaat gemaach huet.

An anere Wierder: am Moment kéim d’Clinton definitiv op iwwer 270 Wahlleit.

Den Trump brauch fir seng eenzeg Méiglechkeet ëmzesetzen Ohio an Pennsylvania. Béid Staaten géifen hien zesummen op 273 Wahlleit bréngen – 3 méi wéi néideg. Den Trump misst also nees d’Regel bestätegen, dass e Republikaner just kann an d’Wäisst Haus anzéien falls hien och Ohio gewënnt.

8

Sou géif et dann also ausgesinn. A wann ech Iowa (IA) a New Hampshire (NH) esou asetzen, wéi et momentan ausgesäit – zu Iowa ass et ganz knapps mat hauchdënne Virsprong fir Trump, a New Hampshire e gréissen (= 9 Prozent) fir d’Clinton – hätte mer folgend Schlussresultat:

9

Dem Trump seng Méiglechkeet fir President ze ginn ass deemno: Florida, North Carolina, Pennsylvania an Ohio wannen, e Plus wier Nevada an Iowa. Zu Nevada, Iowa, Florida a North Carolina herrscht praktesch Gläichstand (also ënner 1% Virsprong fir deen een oder deen aneren); am Ohio genéisst hien zënter dëser Woch e Virsprong vu genee 1%; zu Pennsylvania läit d’Clinton mat 6% vir. 

De Problem fir den Trump: hien dierf eben op kee Fall Florida an och net Ohio a Pennsylvania verléieren – zemools de läscht genannten ass fir all Republikaner zimlech schwéier. Esouguer eng Victoire zu Nevada, dee Staat deen ech trotz engem Kapp u Kapp Rennen am Ufank dem Clinton zougesprach hunn, géif dorunner fir den Trump näischt änneren. Seng Campagne huet aktuell keen Plang B fir laanscht Ohio, Florida an Pennsylvania ze kommen.

An dann hunn ech nach guer net ugefaang dovunner ze schwätzen, dass net just d’Clinton d’Staate vu „senger“ Partei muss verdeedegen, mä dass den Trump natierlech och dem Romney seng Staate muss behalen. „Déi bescht Defense ass eng gutt Offensive,“ soen se an den USA. D’Clinton geet dat och esou un.

Den Donald Trump huet e Kapp u Kapp Rennen am Arizona (AZ), wou och vill Hispanics/Latinos wunnen, a muss och nach zu Georgia (GA), wou vill schwaarz AmerikanerInne liewen, kämpfen. Arizona ass definitiv fir d’Clinton méiglech (Trump +1), während Georgia (Trump +4) schonns méi schwiereg ass. Et ass unzehuelen, dass d’Clinton net méi laang irgendwelch kostbar Resourcen an deem Staat wäert ausginn. 

Ech huelen elo awer emol déi 2 Staaten vum Trump nees ewech fir dee Problem kloër ze weisen: 

10

 

Den Trump steet da just méi bei 252 Wahlleit an d’Clinton kéint mat enger Victoire zu Arizona (AZ), wou et, wéi gesot, ganz knapps ass fir déi 11 Wahlleit ze kréien, souguer d’Presidentschaft wannen.

An anere Wierder: wann ech misst wielen, wier ech haut nach léiwer d’Hillary Clinton and den Tim Kaine wéi den Donald Trump an de Mike Pence. D’Republikaner hu sech eng Strategie ginn fir gréisstendeels aal, wäiss Arbeschter  ze gewannen – op Käschte vun ethnesche Minoritéiten. Wat gutt zu Ohio ukennt, gesäit schlecht am North Carolina oder Arizona aus. Et ass dat de Grond firwat d’Clinton weider – trotz dem “Comeback” vum Trump – op iwwer 270 Wahlleit ka kommen. Mä Hoffnung huet dës Woch den Trump Supporter gemaach; an et wor jo och 2008 esou dass e Barack Obama an Ëmfroen an dëser September Woch nach hannert engem John McCain loung. Et sollt een Event um 15. September an eng Ausso vum John McCain dee Moien (“The fundamentals of our economy are strong.”) d’Course nach eemol komplett dréinen. Ob dem Clinton seng Longenentzündung, déi weder helleft fir d’Rumeuren (a Verschwörungstheorien) rondrëm hire Gesondheetszoustand méi kléng ze kréien nach fir hir schlecht Vertrauenswäerter an d’Lut ze setzen (d’Campagne huet 48hrs gebraucht fir – wuel ongewollt – d’Krankheet bekannt ze ginn), esou een “Lehman Moment” ass? Only time will tell… 

Wann awer schonns haut géif gewielt ginn, géif et wuel esou ausgoen:

11


Note: De strategesche Punkt vun de gespléckte Wahlleit fir Maine (ME) a Nebraska (NE) hunn ech hei ignoréiert an all d’Wahlleit dem Clinton resp. Trump ginn. Béid Kandidat probéieren an deem aneren „sengem“ Staat 1Wahlstëmm ewech ze huelen. Ech ginn an engem Post bis d’Wahlen op esou een Szenario an, wann et als wahrscheinlech gëllt dass dës 1 Stëmm d’Wahlen kéint entscheeden.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

2 Comments

  1. […] 1. detalléierte Post iwwert d’Wahlkart hunn ech festgehal, dass Iowa (IA), Wisconsin (WI), Ohio (OH), North Carolina (NC), Florida (FL), […]

    Reply

  2. […] goen. Iowa gesäit, wann een op early voting kuckt, schwiereg fir d’Clinton aus. Wéi schonns hei an hei beschriwwen wor Iowa ni e grousse Fan vum Hillary Clinton (an och de Bill Clinton konnt hei […]

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s