Den 8. November wielen d’AmerikanerInnen hire 45. President. Esou kann een d’amerikanesch Wahlen vereinfacht ausdrécken. Méi konkret heescht et natierlech dass d’Bierger an all US Staat plus den District of Columbia, wat keen US Staat ass, wielen ween si wellen dass hir ‘Wahlmänner’ („electors“) – respektiv am Joer 2016 Wahlleit – am Dezember zum President wielen. Fir de ganze System ze verstoen muss een zréck blécken, an dobäi stellt sech dann herno eng ganz spezifesch Fro.

Wéi d’USA sech entscheet huet eng Republik mat engem gewielte President ze ginn, hat een net wierklech eng Schabloun vun anere Länner. Wéi also kéint een e President wielen an engem Land, wat aus (deemools) 13 Staaten – mol kleng, mol grouss – besteet, an an enger Zäit wou schnellt Reesen a Messagen verbreeden net méiglech wor?

 

Firwat et just den aktuelle System konnt ginn

De President duerch d’Parlament, de Kongress, wielen huet een wéinst der Gefor vu Korruptioun ofgeleent. Déi staatlech Parlamenter („state legislatures“) konnten et och net maachen, well déi eenzel Staaten soss ze vill Muecht iwwert de federale Staat hätten an esou déi ganz Unioun kéint auserneen briechen. Een ‘einfachen’ ëffentlechen Vote, wou de nationale Gewënner President gëtt, gouf verworf, well een gefaart huet d’Leit géifen sech ëmmer fir e Politiker aus hirem Staat entscheeden, an esou wier de muechtvollste Mann vum Land ëmmer e Bierger aus dem gréissten US Staat. 

De „Committee of Eleven“ huet dowéinst proposéiert gehat fir de President via „Electoral College“ wielen ze loossen. Déi Idee huet sech, wéi gesot, bis haut gehalen. All Staat huet genee esou vill Wahlleit wéi dësen Deputéiert am US Repräsentantenhaus huet plus 2 weider Wahlleit fir hir 2 US Senatoren. Den 23. Verfassungszousaz un d’US Verfassung gëtt dem District of Columbia genee esou vill Wahlleit wéi deene klengste Staaten – also dräi. Fir Leit, déi den aktuellen System am léifste wéilten ofschafen, ass dëst eng Violatioun vum „one person, one vote“ Prinzip. Dëst ass awer eng ganz aner (a vill méi laang) Diskussioun, op déi ech hei am Moment net well agoen. Méi interessant ass et, mengen ech, ze kucken wéi d’Grënnungspäpp d’Virdeeler vun dësem System deemools gesinn hunn.  


 

Wahlleit: E läschten Test fir d’Kandidaten

Den Electoral College sollt nämlech als eenzege System erlaben, fir dass kee Politiker President gëtt well dësen vun auslännesche Politiker favoriséiert gëtt. Dowéinst ass een och net Wahlmann oder Wahlfra op Liewenszäit, mä ëmmer just fir 1 Wahl. Dono léisst sech dee Grupp nees op, a wann een nach ee Mol well dobäi sinn muss ee sech (a ville Fäll) op enger State Convention bei der nächster Wahl wiele loossen. Fir all international Interventioun ze verhënneren treffen sech d’Wahlleit ëmmer an hirem Staat; déi 538 Wahlleit kommen also ni alleguer ganz zesummen.

Et gëtt awer nach vill méi e spezifesche Grond firwat sech Hamilton, Madison & co. fir den Electoral College entscheet hunn. D’Grënnungspäpp wore skeptesch wat direkt Demokratie ugeet. Bei esou engem Modell géif, an hiren Aen, eng gréisser Gefor bestoen, dass d’Emotiounen iwwert de Verstand kéint triumphéieren. D’Resultat vun engem direkte Vote kéint deemno sinn, dass eng Persoun President gëtt déi, wéi den Alexander Hamilton an de Federalist Papers Nr 1 schreift, een „demagogue“ ass – eng Bezeechnung déi de President Obama a senger Ried vrun der demokratescher Convention fir den Trump benotzt huet. Deen amerikanesche Wahlsystem mat Wahlleit, déi vun de Bierger ausgewielt ginn, géif zumindest eng gewëssen „security against this mischief“ bidden.

“The process of election affords a moral certainty, that the office of president will never fall to the lot of any man who is not in an eminent degree endowed with the requisite qualifications.“ 

Alexander Hamilton, Federalist Papers Nr 68


Do stellt sech haut d’Fro: Kéinten d’Wahlleit den Donald Trump am Dezember stoppen, falls deen am November gewënnt?

Legal gesinn gëtt et am amerikanesche Recht keng Protektiounen fir den Trump (oder soss eng Persoun). D’US Verfassung setzt näischt iwwert d’Wahlbehuelen vun de Wahlleit am Electoral College fest. A well d’Wahlleit eng Ugeleeënheet vun den eenzelen Staate ass, dierf dat federaalt Recht näischt virschreiwen. Um Staaten Niveau ginn et Gesetzer, mä do stellen sech legal Froen.

29 US Staaten (plus den District of Columbia) hunn e Gesetz wat sougenannt „faithless electors“ – dat heescht Wahlleit, déi net fir de Kandidat/Kandidatin ofstëmmen deen an hirem Staat gewonnen huet – bestrooft. Déi Gesetzer si bis haut awer nach ni géint eng Wahlpersoun benotzt ginn. Firwat? Et ass onkloer ob esou e Gesetz net géint déi amerikanesch Verfassung verstéisst. Dat iewescht Geriicht, d’US Supreme Court, huet just am Fall Ray v Blair (1952) festgehalen, dass et de Staaten erlaabt ass Wahlmänner/-fraen opzefuerderen e Verspriechen (fir fir de Gewënner/Gewënnerin vum Staat ofzestëmmen) ofzeginn. Ob een wierklech ka bestrooft ginn, wann een dat Versprieche brécht, ass net gewosst.

Bis haut goufen et an der Geschicht vun den USA just 157 ‘faithless electors’, déi awer ni eng Presidentschaftswahl verännert hunn. Et muss een dobäi soen, dass 71 vun dësen 157 fir e Kandidat hätte misste stëmmen deen tëschent deenen 2 Wahldeeg – deem vun de Leit & dem vum Electoral College – gestuerwen ass. De läschten, richtege ‘faithless elector’ gouf et 2004 am US Staat Minnesota. Deemools hat een fir den John Edwards als President (a net als Vize President) ofgestëmmt. Dat Ganzt gouf awer als e Lapsus ugesinn a net als Protest géint de Kerry.

Et ass awer, fir dat kloer ze stellen, esou dass d’Resultat vun de Wahlleit am Dezember d’Wahlresultat vun den USA ass. Déi Stëmmen ginn Ufank Januar am US Kongress ausgezielt an da virgedroen. Wann ee Kandidat/Kandidatin 270 Stëmmen kritt, hunn d’USA hire 45. President. Et wier am Moment, legal gesinn, de Wahlleit an 21 US Staaten definitiv erlaabt net fir den Trump ze wielen, falls si mengen dass hien den Test vun engem President net besteet.

Ass esou een Szenario wahrscheinlech?

Net wierklech. Wahlleit, oft op de Partei State Convention gewielt, sinn an de meeschte Fäll ganz loyal Parteileit, déi dann och fir de Kandidat/Kandidatin vun hirer Partei wäerten ofstëmmen. (Wa Clinton e Staat gewënnt, treffen “hir” demokratesch Wahlleit sech an deem Staat am Dezember; wann den Trump awer dee Staat gewënnt, dann treffen sech “seng” republikanesch Wahlleit).

Mä well 2016 bekanntlech keen normaalt Joer ass, kéint et virkommen. 1 republikanesche Wahlmann vum US Südstaat Georgia, deen e Republikaner normalerweis misst wannen mä wou den Trump aktuell ferm Problemer huet, huet dëse Mount ëffentlech gesot gehat, hie géif bei enger Wahlvictoire vum Trump a sengem Staat net fir dësen am Dezember wielen. E puer Stonnen drop huet hien – och wéinst dem Drock vun Trump Supporter – sech awer dofir entschëllegt, an ass als Wahlmann zréckgetrueden. 

Dat Ganzt ass also wuel gréisstendeels eng theoretesch Méiglechkeet vun de “Never Trump” Leit, an eng déi wuel duerchaus d’Land kéint an zwee splécken. Eng läscht Revolte géint eng Persoun vrun där d’Grënnungspäpp hir Landsleit ëmmer gewarnt hunn géif d’Electoral College am Dezember zwar bidden, mä eng vill méi einfach wier et natierlech et guer net drop ukommen ze loossen. Den 8. November bitt sech déi beschte Chance fir d’Leit e President Trump ze verhënneren… a wéi dat aktuell um Terrain an den eenzelnen Staaten esou ausgesäit, gesi mer dann am nächste Blogpost.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s