Déi éischt zwee Deeg vun der republikanescher Convention wore net perfekt verlaf. Um Méindeg gouf dem Donald Trump seng Fra Melania beim Knäipen erwëscht an d’US Senatrice Joni Ernst, een vun de „rising stars“ vun der Partei, huet ausserhalb vun der Primetime a vrun enger hallef eideler Arena misste schwätzen. Um Dënschdeg hunn d’Delegéiert e puer Mol „lock her up“ (‘spär se ewech’ [an de Prisong]) fir d’Hillary Clinton geruff an de fréieren Géigner vum Donald Trump, den Dr. Ben Carson, huet net déi preparéiert Ried virgedroen mä d’Clinton kuerzhand mam Däiwel gläich gesat. De Problem vun der Partei schéngt kloer: et kann een säi Kandidat, deem seng Rhetorik scho fir Problemer an der Schoul/op de Schoulhäff suergt, net leiden a schwätzt dofir – wann iwwerhaapt – iwwert d’Géignerin.

Dës „Attack géint déi aner“-Taktik haten d’Republikaner zum Deel schonns 2008 benotzt. Deemools wor de President Bush esou onbeléift, dass ee 4 weider Joren ënner Republikaner just esou konnt verkafen an deems een de Barack Obama als eng Persoun duergestallt huet vrun där d’Leit misste fortlafen. Kéint dëst alles 2016 opgoen? Villäicht. Kee Numm ass bei de Republikaner esou onbeléift wéi Clinton a keng Persoun gëtt an där Partei esou gehaasst wéi d’Hillary. De Problem vun der Trump Campagne dierft bis November awer sinn fir mat esou enger Strategie méi moderat an onofhängeg WielerInnen op hir Säit ze kréien; et sinn dës Leit déi herno d’Wahlen entscheeden. D’Hillary Clinton, wat an de Virwahlen méi e grousse Support vun donkelhäitegen AmerikanerInnen hat wéi de Barack Obama 2008, spillt natierlech och d’Attacken géint Latinos/Hispanics (e.a. déi berühmte Mauer mat Mexiko & d’Ausso dass mexikanesch Immigranten entweder Drogendealer, Mäerder oder Vergewalteger wieren) hir an d’Kaarten. Vrun der Convention loung d’Clinton esouguer bei „wäissen“ Fraen vir, déi de Mitt Romney 2012 nach gewonnen hat. Wann sech un deem Support näischt méi géif änneren (an de Support bei aneren Gruppen d’nämlecht bleift), bräicht een Trump gutt 20% méi „wäiss“ Männer wéi de Ronald Reagan an den 1980er kritt huet.

Keng Ënnerstëtzung vum Ted Cruz. Dowéinst gëtt hien ausgebuht.

Fir sech d’Liewen do net vill ze schwéier ze maachen hunn an der läschter Nuecht 2 vun de (just) 3 Hispanics, déi zu Cleveland an der Primetime dierfe schwätzen, hir Rieden ginn. Een vun deenen Zwee, de Senator Marco Rubio, wor emol guer net do an huet just via Video e kuerze Statement gemaach. Deen aneren, den US Senator fir Texas Ted Cruz, wor zwar op Cleveland komm, mä och hien huet a senger Ried den Trump net ënnerstëtzt. Villäicht woren d’Attacken vum Trump an de Virwahlen géint dem Cruz seng Fra (hien huet hirt Ausgesinn ferm kritiséiert gehat) a géint säi Papp (deen hätt eppes mam Mord um JFK zedi gehat) woren wuel awer zevill. Amplatz d’Partei op dësem Punkt zesummen zekréien, huet den Tea Party Politiker eng Ried ginn, déi d’Trump Famill esou – ouni och nemmen 1. Kéier grouss geklappt ze hunn – huet missten hinhuelen.

Den Texaner, dee sech weiderhin als Leader vum konservativen politesche Mouvement gesäit, huet seng Visioun vum Land a vu senger Partei duergeluecht. D’Partei wier déi vum Abraham Lincoln an de Menschenrechter – net vum Donald Trump a senge rassistesche Commentairen – an d’Land wier eent wou déi sougenannt „Elite“ net méi géif op d’“Leit“ lauschteren. Amerika géif awer nees zréck kommen an am November sollten d’Leit déi Leit wielen, deenen se kéinte vertrauen. Wéi de jonke Senator dëst gesot huet, koumen éischt „Endorse Trump!“ Riff aus dem Publikum. Hien huet sech trotz dësen net méi oflenke gelooss an huet seng Arbescht gemaach fir 2020 nach eemol unzetrieden. Elo kéint hien sech da nämlech als déi läscht grouss Persoun an der Partei (nierft Ohio Governor Kasich & Ex-Governor vu Florida Jeb Bush) duerstellen, deen sech trotz grousser Kritik net hannert den Trump gestallt huet. Dowéinst gouf dann d’Nummer 2 an de Virwahlen um 2. wichtegsten Owend vun der Convention vun Trump Supporter ausgebuht bis hien de Salle nees verlooss huet. De bekannten Presidentschaft Historiker Michael Beschloss sot dozou op Twitter just, dass hien esou eppes wéi dat do nach ni gesinn hunn. 

De muechtvollsten Vize an der Geschicht?

Domat wor eppes kloër: déi grouss Nuecht vun der eigentlecher Nummer 2, dem Governor vun Indiana Mike Pence, wor futsch!

Dobäi ass hien e Politiker deem Supporter vum Ted Cruz misst gefaalen, wat den Haptgrond ass firwat den Trump hien als “running mate” geholl huet. Den Sozialkonservativen huet a sengem Staat e Gesetz ënnerschriwwen gehat wat et Betriber erlabt huet fir géint LGBTQIA+ Leit ze diskriminéieren; hien huet a senger Ried déi „little intellectual elite“ an „politesch Korrektheet“ kritiséiert; huet d’Press e puer Mol kritiséiert gehat; d’Leit erënnert dass et (nom Doud vum Riichter Scalia) am November och ëm d’politesch Opstellung vum iewechte Geriicht geet etc. etc. Et wor wuel déi normalsten Ried vun dëser ganzer Convention. Hien huet et sech dowéinst och net huele gelooss ëmmer nees den Donald Trump ze luewen. 

Dass hien op e puer Themen ganz aner Usichten huet wéi een Trump huet hien gëscht Owend emol lénks leien gelosss. De Faite awer dass den Trump e Politiker geholl huet deen fir fräien Handel ass (den Trump ass dogéint), deen fir den Irakkrich wor (den Trump seet dee Vote fir de Krich disqualifizéiert d’Clinton fir President ze ginn), an dee nach vru Woche behapt huet, dass dem Trump säin totalen Verbuet fir Muslimen an d’USA, wier „verfassungswiddreg“, dierft d’nächst Woch vun den Demokraten wuel méi wéi eng Kéier opgegraff ginn. 

Do virdrun ass et haut den Owend den Ofschloss vun de Parteideg zu Cleveland. Den Donald Trump wäert dann a senger grouss Ried d’Nominatioun unhuelen a seng Virstellungen vum Land presentéieren. (Liveticker um Blog an der Nuecht op e Freideg). Wichteg ass dës Ried zwar, mä wann een engem Beroder vum Ohio Govenor John Kasich ka gleewen huet Amerika – an d’Welt – an der läschter Nuecht mam Mike Pence de (villäicht) nächste Chef am Wäissen Haus héieren. Firwat? Den Donald Jr., een vun de Kanner vum Presidentschaftskandidat, hat de Vize President Posten wollten dem Kasich ubidden; de Kasich kéint de muechtvollsten VP an der Geschicht ginn, well hien sech ëm déi national & international Politik misst këmmeren. Wat den Donald Trump da selwer wäert am Fall vun enger Victoire maachen? „Making America Great Again,“ sou anscheinend d’Äntwert vum Don Jr., deen um Dënnschdeg wuel déi beschte Ried vun der ganzer Woch ginn huet a vläit selwer domat eng politesch Carrière gestart huet.

Ofschléissend kann een demno soen, dass 2 Saachen op dëse Parteideeg scheinbar kloër goufen: éischtens, ee gudden Deel vun der Partei ka weiderhin den Trump net leiden och wann e Grupp vun hinne wuel am November wäert noutgedrongen fir hien stëmmen; an, zweetens, souguer wann den 8. November den Donald J. Trump net gewënnt ass de Numm Trump een deen d’republikanesch Partei wuel nach laang wäert beschäftegen – an dat net just fir eventuell Schiebelen nees opzeraumen.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s