Um 23. Abrëll 1910 gëtt de President Roosevelt – Teddy, net Franklin D. – eng vu senge villen historesche Rieden. Nee, et ass net déi wou hien am Wahlkampf fir eng méiglech 3. Amtsperiod als President no engem Attentat op hien – a mat der Kugel a senger Broscht – seng geplangte Wahlkampfried vu 90(!) Minutten gehalen huet, an e säi berühmten Satz ‘It takes more than that to kill a bull moose’ gesoot huet. Nee, haut vrun 106 Joer stoung den Teddy Roosevelt net an den USA, mä an Europa vrum Riednerpult an huet eng ganz aner Ried ginn.
Et wor deemols 1 Joer hir, dass den Teddy Roosevelt den Oval Office verlooss huet. Hien reest elo als Ex-President vun enger Natioun, déi u Wichtegkeet an der Weltpolitik zouhëlt, duerch Nordafrika an Europa: Kairo, Berlin, Oxford an eben och Paräis stinn um Programm. An der franséischer Haptstadt wor et eben haut vrun 106 Joer um genee 15 Auer op der Sorbonne esou wäit. De jéngsten US President an der Geschicht – hie gouf 1901 nom Attentat op de President McKinley am Alter vun 42 Joer President – sollt säi villäicht gréisstent Meeschterwierk virdroen. Am Publikum souzen nieft villen Éieregäscht och eng 900 Studenten a ronn 2,000 Leit, déi Tickets fir den Event kritt haten.
A senger Ried schwätzt de Nobelpräisträger vu 1906 iwwert d’Wichtegkeet vun den eenzele Bierger an enger Republik a wéini een e “gudde Bierger” ass. Hien attackéiert dobäi och zemools déi Leit ganz schaarf, déi näischt besseres ze dinn hätten wéi mat Zynismus op anerer, déi d’Welt wéilte verbesseren, erof zekucken. De bekannteste Passage, deen der Ried säin ‘inoffiziellen’ Numm gëtt, ass folgenden:
‘It is not the critic who counts; not the man who points out how the strong man stumbles, or where the doer of deeds could have done them better. The credit belongs to the man who is actually in the arena, whose face is marred by dust and sweat and blood; who strives valiantly; who errs, who comes short again and again, because there is no effort without error and shortcoming; who spends himself in a worthy cause; who at the best knows in the end the triumph of high achievement, and who at the worst, if he fails, at least fails while daring greatly, so that his place shall never be with those cold and timid souls who neither know victory nor defeat.’
Säi Biograf Morris, dee fir déi Biograpfie de Pulitzer Präis gewonnen huet, beschreift d’Ried doranner als „ee vum Roosevelt senge gréissten rhetoreschen Succès’en.“ Et sollt direkt an e puer Sproochen iwwersat an a ganz Europa verkaaf ginn. 1968 benotzt mam Richard Nixon ee vu senge Nofolger am Oval Office de ‘Mann an der Arena’ Passage bei senger Victoire Ried an, 6 Joër méi spéit, bei senger Ofdankung. De Nixon huet sech bis zu sengem Doud selwer als Exempel vum Roosevelt sengem ‘Mann an der Arena’ gesinn. A wann een d’Ried lauschtert, kann ee sech scho virstellen dass den “TR” dem Nixon wuel op dësem Punkt – awer wuel och op aneren (e.a. Ëmweltpolitik) – zougestëmmt hätt.
Eng 3. Amtsperiod als President sollt den Teddy iwwerengs net méi kréien. 1912 (Wahlkampfjoer mam Attentat op hien) verléiert en d’Nominatioun vun der republikanescher Partei géint de William Howard Taft. Hien grënnt doropshin seng eege Partei (Progressive Party), déi e.a. 8-Stonnen Schaffdag, eng national Gesondheetskees & Sozialversecherung, d’Wahlrecht & Mindestloun fir Fraen, Direkt Demokratie & eng Registréierung vu Lobbyisten fuerdert. Nees de “Mann an der Arena” – also a senger Welt eben am Wäissen Haus – ginn wor wuel d’Zil, mä hien gëtt 1912 mat 88 Wahlmänner just den zweeten hannert engem Woodrow Wilson (Demokrat). 1916 hu sech déi Progressiv hannert de moderaten Republikaner Hughes gestallt fir de Wilson – vergebens – eraus ze puchen. Fir 1920 wollt den “TR” et nach eemol wessen, mä hien stierft 1 Joer vrun de Wahlen. 14 Joer méi spéit gëtt säi Cousin 5. Grades, de Franklin, de “Mann an der Arena”; an deem bléisst innen- an aussepolitesch vill Wand entgéint.
Dem Teddy Roosevelt seng historesch Ried iwwert “Citizenship in a Republic” nach eemol hei lauschteren a liesen:
(Info: Eng Rëtsch Sätz an dëser Ried kéint Leit, déi net männlech a wäiss sinn, nawell roose maachen. Et ass ebe leider d’Joer 1910 an der Ried a net 2016. Ignoréiert dann einfach deen 1 bestëmmten Abschnitt an hängt un all “man” och “woman” hannendrun; sou géif bestëmmt och de ‘Progressive’ Teddy Roosevelt d’Ried haut op der Sorbonne ginn. ;))
“12 Rieden” ass eng Serie an dësem amerikanesche Wahljoer an där ech op 12 Rieden, déi eng gréisser Roll an der amerikanescher an zum Deel der internationaler Geschicht gespillt hunn, zréck kucken. All Kéiers um Joresdag vun der Ried geet e Post mat Erklärungen/Hannergrondinfos an dem Audio vun der Ried online.
Bis elo eraus:
(1) “D’Militär an dem Eisenhower seng Farewell Ried” (17. Januar)
(2) “E bluddege Sonndeg an e Meeschterwierk” (15. Mäerz)
(3) “Gëff mer d’Fräiheet oder gëff mer den Doud” (23. Mäerz)
[…] (3) “Gëff mer d’Fräiheet oder gëff mer den Doud” (23. Mäerz) (4) “E President op der Sorbonne. E Mann an der Arena.” (23. […]
[…] (3) “Gëff mer d’Fräiheet oder gëff mer den Doud” (23. Mäerz) (4) “E President op der Sorbonne. E Mann an der Arena.” (23. Abrëll) (5) “E Mann vu Boston gëtt e Berliner” (26. […]
[…] (3) “Gëff mer d’Fräiheet oder gëff mer den Doud” (23. Mäerz) (4) “E President op der Sorbonne. E Mann an der Arena.” (23. Abrëll) (5) “E Mann vu Boston gëtt e Berliner” (26. Juni) (6) “Sëlver ass […]
[…] (3) “Gëff mer d’Fräiheet oder gëff mer den Doud” (23. Mäerz) (4) “E President op der Sorbonne. E Mann an der Arena.” (23. Abrëll) (5) “E Mann vu Boston gëtt e Berliner” (26. Juni) (6) “Sëlver ass […]
[…] (3) “Gëff mer d’Fräiheet oder gëff mer den Doud” (23. Mäerz) (4) “E President op der Sorbonne. E Mann an der Arena.” (23. Abrëll) (5) “E Mann vu Boston gëtt e Berliner” (26. Juni) (6) “Sëlwer ass […]
[…] (3) “Gëff mer d’Fräiheet oder gëff mer den Doud” (23. Mäerz) (4) “E President op der Sorbonne. E Mann an der Arena.” (23. Abrëll) (5) “E Mann vu Boston gëtt e Berliner” (26. Juni) (6) “Sëlwer ass […]
[…] (3) “Gëff mer d’Fräiheet oder gëff mer den Doud” (23. Mäerz) (4) “E President op der Sorbonne. E Mann an der Arena.” (23. Abrëll) (5) “E Mann vu Boston gëtt e Berliner” (26. Juni) (6) “Sëlver ass […]
[…] Politik gi sinn. Dat geet vum Military-Industrial Complex an der 1. Ried iwwert de “Man in the Arena” an der 4., hin zu “the last full measure of devotion” an der Ried vum läschte […]