Haut vrun 241 Joer – eppes iwwer 1 Joer vrun der amerikanescher Onofhängegkeet – huet de Patrick Henry eng vun de bekannteste Rieden pre-Onofhängegkeet ginn.

A senger Ried vrun der Virginia Convention huet den Affekot, deen herno den 1. an de 6. Governor vu Virginia sollt ginn, probéiert d’Delegéiert vun engem Onofhängegkeetskrich z’iwwerzeegen. A sengen Aen haten d’Kolonien keng aner Méiglechkeet méi; all aneren friddleche Versuch gouf vun der britescher Kroun ofgeleent. Et geet, laut dem Patrick Henry, ëm déi ganz einfach Fro ‘Fräiheet oder Sklaverei’ – eng Fro, déi d’Land nach lang an anere politeschen Dossieren sollt beschäftegen. 

Dës Ried gouf réischt 1815 fir d’éischte Kéier publizéiert. 2 Joer méi spéit kennt déi ganz Ried an där Versioun wéi mer se haut kennen an enger Biographie vum Henry vir. Et ass onkloer ob de Wuertlaut vun der Ried wierklech honnert prozenteg deen ass, deen den Henry vrun 241 Joer benotzt huet oder ob och Wierder vu sengem Biograf William Wirt an där publizéierter Versioun mat agefloss sinn.

Trotzdem ass d’Wichtegkeet vun där Ried net kléng ze rieden. Deemols souzen ënnert den Delegéierten déi spéider US Presidenten George Washington an Thomas Jefferson. Si sollen, genee wéi de ganze Sall, minuttelaang no der Ried roueg gewiescht sinn. Den Henry hat mat dëser kuerzer Ried seng Leit iwwerzeegt an d’Resolutioun, dass d’Kolonien sollen onofhängeg vun der britescher Kroun sinn a Virginia an dësem Krich sollt matkämpfen, gouf vun der Convention ugeholl.

Den Henry, deen herno zum Chef vun den Anti-Federalisten zu Virginia ginn ass, kritt et an der Literatur bis haut héij ugerechent, dass et hien wor deen d’Muechtverhältnis zu Gonschte vun der Onofhängegkeet verännert huet. Déi liberal Wierder ‘Give me liberty, or give me death’ ginn am Kampf fir een eegene Staat ze bilden zum ‘battle cry’, déi dono nach an anere Länner (Brasilien, Uruguay, freiert Jugoslawien etc.) benotzt ginn/goufen; an déi sech och haut nach e.a. als eng Fro am US Abiergerungstest befannen. 

Lauschtert (a liest) d’Ried vum Patrick Henry nach eemol hei:


“12 Rieden” ass eng Serie an dësem amerikanesche Wahljoer bei deem ech op 12 Rieden, déi eng wichteg Roll an der amerikanescher an zum Deel der internationaler Geschicht gespillt hunn zréck kucken. All Kéiers um Joresdag vun der Ried geet e Post mat Erklärungen/Hannergrondinfos an dem Audio vun der Ried online.

Bis elo eraus:

(1)D’Militär an dem Eisenhower seng Farewell Ried” (17. Januar)
(2) “E bluddege Sonndeg an e Meeschterwierk” (15. Mäerz)

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

9 Comments

  1. […] (17. Januar) (2) “E bluddege Sonndeg an e Meeschterwierk” (15. Mäerz) (3) “Gëff mer d’Fräiheet oder gëff mer den Doud” (23. […]

    Reply

  2. […] (17. Januar) (2) “E bluddege Sonndeg an e Meeschterwierk” (15. Mäerz) (3) “Gëff mer d’Fräiheet oder gëff mer den Doud” (23. Mäerz) (4) “E President op der Sorbonne. E Mann an der Arena.” (23. […]

    Reply

  3. […] (17. Januar) (2) “E bluddege Sonndeg an e Meeschterwierk” (15. Mäerz) (3) “Gëff mer d’Fräiheet oder gëff mer den Doud” (23. Mäerz) (4) “E President op der Sorbonne. E Mann an der Arena.” (23. Abrëll) (5) […]

    Reply

  4. […] (17. Januar) (2) “E bluddege Sonndeg an e Meeschterwierk” (15. Mäerz) (3) “Gëff mer d’Fräiheet oder gëff mer den Doud” (23. Mäerz) (4) “E President op der Sorbonne. E Mann an der Arena.” (23. Abrëll) (5) […]

    Reply

  5. […] (17. Januar) (2) “E bluddege Sonndeg an e Meeschterwierk” (15. Mäerz) (3) “Gëff mer d’Fräiheet oder gëff mer den Doud” (23. Mäerz) (4) “E President op der Sorbonne. E Mann an der Arena.” (23. Abrëll) (5) […]

    Reply

  6. […] (17. Januar) (2) “E bluddege Sonndeg an e Meeschterwierk” (15. Mäerz) (3) “Gëff mer d’Fräiheet oder gëff mer den Doud” (23. Mäerz) (4) “E President op der Sorbonne. E Mann an der Arena.” (23. Abrëll) (5) […]

    Reply

  7. […] (17. Januar) (2) “E bluddege Sonndeg an e Meeschterwierk” (15. Mäerz) (3) “Gëff mer d’Fräiheet oder gëff mer den Doud” (23. Mäerz) (4) “E President op der Sorbonne. E Mann an der Arena.” (23. Abrëll) (5) […]

    Reply

  8. […] (17. Januar) (2) “E bluddege Sonndeg an e Meeschterwierk” (15. Mäerz) (3) “Gëff mer d’Fräiheet oder gëff mer den Doud” (23. Mäerz) (4) “E President op der Sorbonne. E Mann an der Arena.” (23. Abrëll) (5) […]

    Reply

  9. […] (17. Januar) (2) “E bluddege Sonndeg an e Meeschterwierk” (15. Mäerz) (3) “Gëff mer d’Fräiheet oder gëff mer den Doud” (23. Mäerz) (4) “E President op der Sorbonne. E Mann an der Arena.” (23. Abrëll) (5) […]

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.