Vrun 51 Joer gëtt de President Johnson wuel eng vun de wichtegsten Rieden an der Geschicht vun der amerikanescher Politik. No enger bluddeger Woch zu Selma, am US Staat Alabama, wou donkelhäiteg Amerikaner vun der Police attackéiert goufen wéi si hirt Recht op eng friddlech Demonstratioun fir e Wahlrecht wollten ausüben, wor de Bléck vun der ganzer Natioun op hire President geriicht. Dëse President wor Méint virdrun mat enge vun de gréisste Wahlvictoiren an der Geschicht am Amt bestätegt ginn. (Säi republikanesche Géigner Goldwater gouf deemols, wéi een Trump haut, iwwerengs vu KKK Leit ënnerstëtzt…)

Um ‘Bloody Sunday’ wollten d’Demonstranten vu Selma op Montgomery, wat d’Haptstadt vun Alabama ass, treppelen fir hirt Recht wielen ze goen anzefuerderen. Alabama, genee wéi aner Staaten, huet Bierger zu deem Zäitpunkt d’Wahlrecht refuséiert wann ee bestëmmten, a vum Gesetz net definéiert ‘Tester’ net gepackt huet. Wéi dat zum Deel ausgesinn huet, gesäit een bspw. am Film ‘Selma’ (2014). 

Eppes huet de Film, deen e.a. een Oscar fir dat beschte Filmlidd kritt huet, awer komplett falsch portréiert: de President Johnson. Eigentlech wor hien nämlech e Supporter vum King an dem Civil Rights Movement – vläit méi wéi säi Virgänger Kennedy. Hien wor net, wéi et vun Hollywood duergestallt gëtt, e Politiker, dee just ganz schwéier vum King konnt iwwerzeegt ginn.
Am richtege Liewen huet de President d’National Guard vun Alabama ‘federaliséiere’ gelooss a weider 2,000 Sécherheetsleit an de Staat geschéckt fir dass de Protestmarch vun 3,000 Leit konnt ofgehale ginn. (Fir den éischten/den eigentleche Protestmarch haten sech ‘just’ 500 Leit zu Selma afonnt).

lbj-cloud

De Word Cloud vun der Ried

Net oft erzielt, an awer ganz interessant ass eng Hannergrondsgeschicht vun där Ried. De Richard Goodwin, deemols e ganz jonke Speechwriter am Wäissen Haus, sollt um Méindeg Moien – no engem ganz laange Sonndeg Owend mat Frënn a Bars/Café’en – den Uerder vum President kréien dës wichteg Ried ze schreiwen. Den Johnson wollt nach deen Owend vrum Kongress schwätzen; den ‘Dick’ hat also eng 8 Stonnen Zäit déi Ried ze schreiwen. Him ass e Meeschterwierk gelongen. Eng Randnotiz ass do dem Goodwin, deen och e Beroder vum President John F. Kennedy a sengem Brudder Bobby Kennedy wor, seng perséinlech Geschicht mat där Ried. D’Historikerin Doris Kearns sollt sech nämlech an déi Ried verléiwen, an dëst nach ier se hiren Auteur kennen geléiert, a 1975 bestued huet.[1]

Dem demokratesche President hu bei der Ried, déi 40 Mol vun de Senatoren a Memberen vum Kongress mat Applaus a Standing Ovations ënnerbrach gouf, eng 70 Milliounen Leit vrun hirer Tele nogekuckt. De Voting Rights Act vu 1965, deen Diskriminatioun beim Wahlrecht verbidd, sollt d’Resultat vun der Ried ginn. Am Joer 2013 huet d’US Supreme Court een Haptdeel vun dësem Gesetz, wat verschidde Wahlbezierker mat enger Geschicht vun Diskriminatioun méi streng iwwerwaacht huet wéi anerer, a sengem Shelby County v Holder Urteel als „verfassungswidreg“ erkläert.

Kuckt “We Shall Overcome” Ried vum President Lyndon B. Johnson, déi hien haut vrun 51 Joer ginn huet, nach eemol hei: 

 


[1] WBUR, The Making of LBJ’s Historic ‘We Shall Overcome’ Speech 

“12 Rieden” ass eng Serie an dësem amerikanesche Wahljoer bei deem ech op 12 Rieden, déi eng wichteg Roll an der amerikanescher an zum Deel der internationaler Geschicht gespillt hunn zréck kucken. All Kéiers um Joresdag vun der Ried geet e Post mat Erklärungen/Hannergrondinfos an dem Audio vun der Ried online.

Bis elo eraus:

(1)D’Militär an dem Eisenhower seng Farewell Ried” (17. Januar)

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

11 Comments

  1. […] “D’Militär an dem Eisenhower seng Farewell Ried” (17. Januar) (2) “E bluddege Sonndeg an e Meeschterwierk” (15. Mäerz) (3) “Gëff mer d’Fräiheet oder gëff mer den Doud” (23. Mäerz) (4) […]

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.