Dënschdeg Owend am US Staat Minnesota. De jonken US Senator Marco Rubio (Florida), dee probéiert sech bei de Republikaner géint den Donald Trump, Sen. Ted Cruz, Governor John Kasich & Dr. Ben Carson duerchzesetzen, gëtt eng Ried vrun iwwer 1,600 Leit. Hie schwätzt driwwer wéi wichteg et ass, dass seng Partei bei de Wahlen e ‘richtege’ Konservativen nominéiert; e Kandidat nominéiert, deen d’Partei nees kann zesumme féieren; e Kandidat deen och am Hierscht net just de volle Support vun der Partei huet mä och Independents & Demokrate ka mat an d’Boot bréngen. Natierlech gëtt et a sengen Aen just een, deen dëst kéint fäerdeg bréngen: de Marco Rubio. 

Et wier extrem wichteg fir dës Wahlen ze gewannen. Sollten d’Republikaner déi Wahl am November nämlech verléieren, kéint de nächsten President Bernie Sanders, de lénken US Senator vu Vermont, ginn. Alleng de Numm Sanders, deen sech selwer een “Democratic Socialist” nennt, bréngt natierlech “Boos” am Sall mat sech. Doropshin erënnert de Marco Rubio sech un e Witz, deen hien zu Iowa gemaach huet. De Bernie Sanders wier e gudde President… vu Schweden. Dat hätten jonk Schweden, déi op deem Campagne Event zu Iowa waren, awer guer net witzeg fonnt. D’Propose fir Schweden duerch Norwegen z’ersetzen huet d’Norweeger net glécklech gemaach. (Iwwer 16% vun der Bevëlkerung vu Minnesota si norwegesch Immigranten). 

D’Fro dofir un d’Leit: “Is there anyone here from Luxembourg? Or Monaco?” Eh bien! E Lëtzebuerger wor am Sall… 

[Ganz Story: ab 11:15; Lëtzebuerg: ab 12:05]

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

4 Comments

  1. Republican voters should have a clear priority #1. That is to BEAT HILLARY in November. The man with the best chance to do that is Rubio. If enough could be heard and seen of John Kusich, he’d be at least as good a choice. Cruz would be a solid 3rd. Trump is an arrogant, narcissistic, show boating empty suit. He has NO actual plans to do anything. He’s full of bluster, hot air, and insults. He has NO program other than to say “I will end that” about all of the things that Americans hate about Obama. That’s NOT a plan for improvement. It’s nothing more than feeding off of anger.

    Reply

  2. Schreif weg minute next keier dobei et fennt en et sos net

    Reply

    1. Merci. Normalerweis misst de Video direkt bei 11:15 starten (wou déi ganz Geschicht ufänkt), mä ech hunn d’Zäiten elo dann och ënnert de Video gesat, falls dat net esou fonktionnéiert wéi et soll.

      Reply

      1. Merci fier dei schnell antwert

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s