(Eng weider nei Serie an dësem Wahljoer. E puer Fakten zum amerikanesche Wahlkampf, déi een (oft) an der normaler europäescher Press net kritt)


No méintelaangem Geschwätz (a vill Suen sammelen an ausginn) start Amerika d’nächst Woch mam Iowa Caucus a säi Presidentschaftswahljoer. Een Caucus ass keen Primary an och keng richteg Wahl, a béid Parteien gi komplett verschidde vir. Een Iwwerbléck.

Ee Caucus, wat eigentlech e Meeting vu Parteileit ass, hat emol an der amerikanescher Geschicht eng vill méi prominent Roll wéi haut. Bis an d’1820er wor et just fir d’Parteichefen geduecht, mä dat huet sech ënnert dem dunn-Kandidat Andrew Jackson liicht geännert. De Caucus gouf fir Parteileit an -insider opgemaach.

D’Majoritéit vun den US Staaten huet nach bis 1972 seng Delegéiert baséiert um Caucus System verginn. Trotzdem wor et d’Nidderlag vum Hubert Humphrey 1968 géint de Republikaner Richard Nixon déi zu engem groussen Ëmdenken gefouert huet; d’Demokratesch Partei ass dono a ville Staaten vu Caucus op Primaries (den eigentleche Virwahlen) ëmgesprongen. Mä keng 10 Joer méi spéit ass zemools een vun de Caucuses, déi iwwereg bliwwe sinn, berühmt ginn: Iowa. Den Jimmy Carter hat net genuch Suen fir direkt an de grousse Staaten – Fernsehzäit ass an deenen TV Marché’en e gutt Stéck méi deier – matzespillen. Hien huet sech op Iowa konzentréiert an dëse „first-in-the-nation“ Caucus gewonnen, wat hien un d’Spëtzt vun engem grousse Feld vun Demokraten bruecht huet.

Zënterhier gëtt d’Wichtegkeet vun dësem Caucus ëmmer nees betount. Och de Kandidat Obama huet 2007 ëmmer nees widderholl bei enger Nidderlag zu Iowa keng Chance op d’Kandidatur ze hunn an mat der Course mussen opzehalen. Him sollt bekanntlech déi, wéi Politico nach vru Kuerzem sot, „biggest political coups in decades“ geléngen. 2016 muss bei den Demokraten de Bernie Sanders och minimum 1 vun den 2 éischte Staaten (Iowa a New Hampshire) wannen, wann hien ee Konkurrent vum Hillary Clinton well ginn.

D’Wahlbedeelegung, déi bei ville Caucuses zimlech niddreg läit, ass wéinst der prominenter Roll vun Iowa hei nach bal mat am héchsten. An awer gi bei béide Parteien historesch gesinn just eng ronn 120,000-140,000 Leit zum Caucus. Wéinst der Geschicht vun Iowa sinn dës wuel awer mat déi wichtegsten 280,000 Wieler/innen an engem Land vun iwwer 320 Milliounen Awunner.  Do vergësst een – an hei zemools oft d’Medien – och eemol ganz gären, dass Iowa eigentlech just ee klénge Prozent vun den Delegéierten op de Parteideeg am Summer stellt.

Un der direkter Idee vum Caucus huet sech zënter den 1820er näischt geännert. Et bleift een zoueneen Meeting, dee just fir registréiert Parteimemberen op ass. (Et dierf een haut awer an aller Stëll als Net-Member, bspw. d’Press oder (ganz) Jonker déi nach kee Wahlrecht hunn, op sou engem Caucus dobäi sinn).

Elo zum Wahloflaaf. Haalt iech un…

1681 Precincts. 99 Counties. 99 Conventions.

Déi eenzel Meetings fannen an de jeeweilegen Precincts statt. Iowa huet där 1681. Um Caucus an deene Precincts gëtt eigentlech just bestëmmt wéi vill Stëmmen e Kandidat/in op der County Convention soll kréien. Iowa, wat 99 Counties huet, wäert zu engem méi speideren Datum – nodeems Press a Politiker schonns laang weider gezu sinn – an 99 Conventions d’Schlussresultat vum Caucus bestëmmen an hiren Delegéierten dëst mat op de Wee op d’Parteideeg am Summer ginn. Theoretesch kéint sech d’Resultat tëschent dem Caucus an de County Conventions änneren. Dofir huet ganz rezent d’Republikanesch Partei vun Iowa d’Regelen esou geännert, dass d’Resultat vun der nächster Woch komplett bindent ass.

Op den eenzelnen Caucuses leeft et fir Demokraten a Republikaner komplett verschidden of.

Béid stinn zwar an engem Sall, wou et de Leit erlaabt ass fir hire Kandidat/in ze schwätzen, an awer mussen Demokraten méi Gedold matbréngen.

Bei de Republikaner ass et eigentlech ganz einfach. Bei hinnen dierf jiddereen fir säi Kandidat/in kuerz schwätzen, dono schreiwen d’Leit de Numm vun hirem Kandidat/in op een Ziedel. Dat muss emol keen „propperen“ Wahlziedel sinn mä kann einfach e kléngt Stéck Pabeier sinn. No dëser geheimer Wahl ginn d’Ziedel’en agesammelt an direkt op der Platz ausgezielt. D’Resultat gëtt da jidderengem am Sall bekannt ginn an déi Responsabel ginn et un d’Parteizentral am Staat Iowa weider. (N.B. D’Resultat gëtt ëmmer un d’Parteizentral am Staat geschéckt. Schliisslech iwwerhëlt beim Caucus, anescht wéi beim Primary, d’Partei a net déi jeeweileg d’Autoritéiten vum jeeweilegen US Staat d’Organisatioun vun dësem Wahldag.) 

Wann d’Resultater vun alle Precincts dobanne sinn, gëtt ausgerechent wéi vill Delegéiert e bestëmmte Kandidat/in wäert kréien: de bescht gewieltenen am Staat kritt am meeschten Delegéiert, den 2. beschten déi 2. meescht an esou weider. 

Op der anerer Säit kann déi ganz Prozedur bei den Demokraten emol zimlech laang daueren.

    1. D’Leit am Sall stellen sech ‘bei’ hire Kandidat/in. Also all d’Supporter vum Hillary Clinton stinn zesummen, déi vum Bernie Sanders stinn och an engem Grupp zesummen, genee wéi déi vum Martin O’Malley. Och d’Leit, déi nach keen wëllen direkt ënnerstëtzen, stinn als Grupp zesummen.

    2. All Parteimember ass et erlaabt d’Wuert z’ergräifen a fir hire Mann/hir Fra nach ee „läschten Opruff” ze maachen. Während deene Riede ka jiddereen, deen seng Meenung geännert huet, sech bei een anere Grupp stelle goen.

    3. No de Rieden gëtt d’Gréisst vun den eenzelnen Gruppe gezielt, d.h. wéi vill Memberen all Grupp huet.

    4. Wann 1 Kandidat manner wéi 15% Support vun de Leit an dësem Caucus huet, zielen dës Leit/dëse Grupp offiziell als „non-viable.“ Si hunn elo d’Méiglechkeet hire Grupp méi grouss ze maachen, d.h. probéieren Leit aus anere Gruppen an hiren ze kréien fir iwwer 15% Support am Sall ze hunn, oder si stellen sech direkt bei een anere Grupp, oder, falls si keen anere Kandidat/in wëllen & hire Grupp net méi grouss gëtt, dierfen se och einfach zesumme stoe bleiwen.

    5. No maximal 30 Minutten ass deen Deel vum Caucus eriwwer an déi eenzel Gruppen gi nach eemol gezielt. Sollt den „non-viable“ Grupp nach ëmmer bestoen, ginn déi Wieler offiziell als „uncommitted“ (= net gebonnen) gezielt.

    6. Baséiert op deem Resultat gëtt d’Unzuel vun den Delegéierten aus dem jeweilege Precincts fir bspw. d’Hillary Clinton oder de Bernie Sanders ausgerechent. (Bei Republikaner schéckt een, wéi gesot, dat ganzt Resultat an d’Zentral a baséiert um staatleche Resultat ginn d’Delegéiert verginn). 

    7. Sollt an engem Precinct/Wahlbezierk 2 Kandidaten, bspw. d’Hillary Clinton an de Bernie Sanders, gläich op sinn fir e “Recht-Delegéierten” (wéi eng Art ‘Wackelsëtz’ am letz. System) ze kréien, entscheed d’Mënz wéi e Kandidat dësen Delegéierten zougesprach kritt.

    8. Ween wéi vill Delegéiert aus dem Precincts kritt gëtt dann un d’Parteizentral geschéckt.

Theoretesch ass et esouguer méiglech – an et ass an der Vergaangenheet schonns geschitt – dass „uncommitted“ herno am ganze Staat d’Nummer 1 gëtt. Mä d’nächst Woch dierft dëst wuel net geschéien.

Trotzdem spillen déi “non-viable” Leit eng gréisser Roll. Sollt et, wéi an Ëmfroen bis ewell virausgesot, eng knapp Course tëschent Clinton a Sanders ginn, wieren d’Supporter vum ofgeschloenen Martin O’Malley déi déi de Gewënner/d’Gewënnerin zu Iowa bestëmmen. Si sinn déi entscheedent Leit, déi an deenen 30 Minutten nom éischten Zielen d’Majoritéitsverhältnisser am Sall kenne veränneren an deem si sech bei Clinton oder Sanders Supporter stelle ginn. Ëmfroen weisen aktuell dass dem O’Malley seng Supporter éischter fir de Sanders sinn, wat dem Senator vu Vermont déi entscheedent Stëmmen fir eng Victoire kéint bréngen.

Ob Iowa, wat bei den Demokraten zënter 1996 ëmmer de Kandidat vun der Partei bestëmmt huet (1996: Clinton, 2000: Gore, 2004: Kerry, 2008: Obama, 2012: Obama), och 2016 wäert richteg leien, gesi mer dann zu méi engem méi speideren Datum.

Mä esou wäert et d’nächst Woch emol zu Iowa oflafen. Basisdemokratie à l’Américaine, souzesoen.

P.S. De Wahlalter beim Caucus steet net strikt bei 18 Joer. Jiddereen deen um Wahldag am November groussjäreg ass, dierf am Caucus schonns matwiele goen. An anere Wierder: och 17-järeger dierfen d’nächst Woch wiele goen.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s