(Eng (vu villen) neie Serien an dësem amerikanesche Wahljoer. Ech kucken zréck op 12 Rieden, déi eng wichteg Roll an der amerikanescher an zum Deel an der internationaler Geschicht gespillt hunn. All Kéiers um Joresdag vun der Ried gett et hei e Post mat Erklärungen an dem Audio vun der Ried.)


Haut vru 55 Joer, kuerz ier de President Kennedy seng berühmten Untrëttsried (Ask not what your country can do for you, ask what you can do for your country“) ginn huet, wor et säi Virgänger deen eng aner, awer dowéinst net manner wichteg Ried ginn huet.

Zënter 1953 huet sech dës Ried vum President sortant als Äddi un d’Natioun e bësschen zu enger Traditioun entwéckelt. Vrum Eisenhower sengem Virgänger Truman hunn dës Ried just den George Washington, Andrew Jackson an Andrew Johnson benotzt. Den Truman gouf 1953 – 84 Joer nom Johnson senger Ried – deen éischte President iwwerhaapt deen dës via Fernseh un seng Landsleit geriicht huet. Mam Eisenhower senger Ried 8 Joer méi spéit, wor et fir déi éischte Kéier dass 2 Presidenten noeneen esou eng Ried ginn hunn.

D’Isolatioun, déi den George Washington nach a senger Farewell Ried gefuerdert hat, wor mam Ënn vum 2. Weltkrich an dem Pax Americana definitiv eriwwer. Dat wousst och den Dwight Eisenhower deen a senger Ofschlossried op d’Phänomen vum „military-industrial complex“ agaangen ass.

Déi amerikanesch Bevëlkerung misst vrun deem Phänomen, deen munchmol och „military-industrial-congressional complex“ genannt gëtt, oppassen. D’Relatioun tëschent de Politiker, der Arméi, an der Waffenindustrie wier ze staark. Keen well dass säi Land attackéiert gëtt. Déi bescht Defense ass eng gutt Offensive, respektiv an der internationaler Politik/am Militär d’Projektioun vun der Muecht. Fir dës Muecht esou grouss wéi méiglech ausgesinn ze loossen, brauch een déi beschten, neisten a meeschten Waffen. D’Lobbyisten vun der Waffenindustrie maachen also de Politiker/innen kloer, dass de Militärbudget op kee Fall dierft erofgesat ginn – op a Krichs- oder Friddenszäiten.

Een héije Militärbudget erméiglecht dem Militär sech dat neisten Material ze kafen. Dat ass gutt fir d’Militär a gutt fir d’Industrie. (Souguer d’Police freet sech driwwer, déi dann alt ausgelafen Militär Modeller dierf benotzen, wéi een dat e.a. zu Ferguson 2014 konnt gesinn).

Fir de Politiker/in ass eng Vergréisserung vun de Militärausgaben och aus perséinleche Grënn gutt. Sougenannt „Defense Contractors“ hu schliisslech ganz vill Fabriken an den eenzelnen Staaten. E Politiker/in, deen ee Wahlbezierk huet wou esou eng Fabrik steet, ass ëmmer mat grousser Wahrscheinlechkeet op der Säit vun der Defense an dem Eropsetzen vum Militärbudget. Wéi e Politiker/in gëtt schonns zréck gewielt, wann d’Leit am eegenen Wahlbezierk wéinst engem sengem Vote d’Aarbechtsplatz verléieren? A wéi e Politiker/in kritt no esou engem Vote iwwerhaapt dat néidegt Geld vun de Wieler fir eng Wahlcampagne ze lancéieren? A kritt dono och nach vill Leit iwwerzeegt déi esou wichteg fräiwëllegen Aarbecht an der Campagne z’iwwerhuelen?

Keen.

Wat bleift? Nieft engem Hin-an-Hir vu Leit, déi tëschent Defense Industrie a Pentagon pendelen (berühmteste Beispill: Dick Cheney), bleift een praktesch kontinuéierlech wuessenden Militärbudget.

Zum Eisenhower senger Zäit loung dësen an den $300 Milliarden. Nom Kale Krich ass en zwar erofgaangen a loung an de Mëtt 1990er, ënnert dem Bill Clinton, awer nach bei eppes iwwer 266 Milliarden. No 9/11 goung et direkt nees iwwer $300 Milliarden d’Joer, a vun do un ass et bis op $717 Milliarden (2011) eropgaangen. Zënterhier ass den Defense Budget zwar nees liicht gefall (e.a. duerch Sequestration), mä stoung 2015 trotzdem nach bei ‘akzeptabelen’ $637 Milliarden. Weltwäit steet d’USA, bei deem méi wéi 1/4els vun all (federalem) Steier-Dollar an d’Defense vum Land gestach gëtt, als gréissten Waffenhändler vun der Welt do. D’USA a seng Partner – vill vun hinne NATO Memberen, déi sech a läschte Joren oft net un déi versprachen 2% (vu PIB) Defense Ausgaben gehalen hunn – sti fir 2/3el vun de weltwäiten Militärausgaben.

Kritik gouf et dorunner e.a. och ganz oft vum Ex-Verdeedegungsminister Bob Gates, deen ënnert dem George W. Bush an dem Barack Obama d’Geschécker am Pentagon geleet huet. Den aktuelle Wee wier – och wéinst der finanzieller Situatioun vum Land – net méi drobar an een Risiko. An d’Friddensnobelpräisträgerin Malala Yousafzai huet d’läschte Summer vun der ganzer Welt gefuerdert d’Militärausgaben fir 8 Deeg auszesetzen; 8 Deeg géifen finanziell gesinn duergoen fir dofir ze suergen dass all Kand op der Welt 12 Joer laang kann an d’Schoul goen.

Et schéngt haut bal esou wéi wa just déi wéinegst dem Eisenhower 1961 nogelauschtert hätten. Seng Ried, déi eng 21 Mol iwwerschafft gouf, hat hien zesumme mat sengem méi jonke Brudder Milton, dee President vun 3 groussen amerikaneschen Universitéiten wor (Kansas State, Penn State & Johns Hopkins), an engem Grupp Speechwriters geschriwwen. An der Ried geet hien nieft dem ‘Military-Industrial-Complex’ och op d’Geforen vu massiver Ausgabenpolitik an engem ze héijen Defizit an. An der Politologie si sech d’Leit eigentlech eenz, dass d’Suergen, déi den Eisenhower vru 55 Joer geäussert huet, an de Joren a Jorzéngten dono leider agetrueden sinn.

Déi historesch Ried nach eemol kucken a lauschteren:

Word Cloud vun der Ried:

WordCloud_Ike

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s