D’nächst Woch ass de groussen Ëmweltsommet COP21 zu Paräis. No de katastrofalen Deeg vu Kopenhagen vrun e puer Joer soll elo an der franséischer Haaptstad endlech e Schrëtt no vir gemaach ginn. D’Europäesch Unioun gesäit sech hei an der Pflicht, an dat net nëmmen well een ‘Gaaschtland’ vum Sommet ass. Gréng Energie a Skandinavien, ‘Energiewende’ an Däitschland, Atomstroum a Frankräich etc. d’Europäesch Unioun soll – och nom VW Skandal – endlech nees kenne als e weltwäite Musterschüler do stoen. De Problem ass just, dass d’Welt eben net sou schwaarz/wäiss ass.

An der Europäescher Unioun ass déi meescht genotzten ‘erneierbar Energie’ nämlech net d’Wand- oder d’Solarenergie an och net d’Atomkraaft, mä d’Holzenergie. Biomass, wéi et vu senge Befürworter genannt gëtt, steet fir ronn 50% vun den erneierbaren Energien an Europa. Obschonns de Kontinent ronn 3/4els vun der weltwäiter Photovoltaic Solarenergie huet, dominéiert queesch uechter Europa d’Energie duerch Holz. A Polen a Finnland beispillsweis steet den Taux bei 80%, a bei eisen däitschen Noperen bei bal 40%.

Zënter e puer Joer gesinn d’EU Staaten d’Holzpellets als ‘gréng’/CO2 neutral Energie un. Et ass een integralen Deel vun der EU hire Klimaziler (20% gréng Energie bis 2020). Wann Europa ‘just’ op Solar- a Wandenergie géif setzen, kéint een dat Zil definitiv net erreechen. Mat Holzpellets ass et machbar, an dëst och well doduerch d’Kuelekraaftwierker an Europa solle verschwannen.

Laut der Lobby ass d’Pellet Energie CO2 neutral. Et soll schliisslech just Holz benotzt ginn, wat soss net méi ze gebrauchen ass. Et solle keng Beem ofgerappt an zerklengert ginn. En plus, solle weider Beem ugeplanzt ginn. Esou huelen, laut der Theorie also, déi nei geplanzte Beem minimum deen CO2 Ausstouss, deen d’Holz duerch d’Verbrennung hierstellt, nees op. Ëmmer méi Etuden vun Ëmweltorganisatiounen aus den USA soen awer elo dass dës Rechnung net wierklech opgeet.

Pellets-EU

Duerch d’Astufen vu Pellets als ‘gréng’ Energie an der Europäescher Unioun an den domat verbonnen Subsiden vun europäesche Regierungen fir hir Bierger – och zu Lëtzebuerg kritt de Bierger fir d’Benotzung vun Holzpellets Subsiden (Gesetz vum August 2005) – ass d’Nofro no dëser Energie an de läschte Joren ganz ferm gestiegen. Haut läit se wuel esou héij, dass se net méi ouni d’Ofholzen ze packen ass. Laut der UN hirer Food and Agriculture Organization ass déi weltwäit Produktioun vu Pellets 2013 ëm 12% geklommen. Ween awer seng Klimaziler well erreechen ka net säin eegene Bësch ofholzen an Europa léisst dofir och d’Fangeren do dovun.

Wéi déi offiziell Säit vum EU Parlament ganz houfreg matdeelt si 4% vun der weltwäiter Bëschfläch (159mio Hektar) an der EU ze fannen. 38% vun der Gesamtfläch vun der EU si Bësch. De Bëschbestand huet säit dem 20. Joerhonnert a ganz Europa nees liicht zougeholl. All Joers deent sech d’Fläch vu Bëscher an Europa ëm 0.4% aus. Dëst huet eng wichteg Ursaach: méi Bësch heescht méi CO2-Zertifikater. Mat esou Zertifikater kann ee sech da ‘fräikafen’, wann een op anere Punkten, bspw. dem Tanktourismus, e bësschen duerch d’Fangere kuckt.

„It is the EU that has prompted this industry explosion“ (Hammel, NRDC)

Europa kann, oder well, net säin Bësch ofholzen a geet dofir seng Holzpellets gréisstendeels an Amerika sichen. D’USA sinn haut de gréissten Exporteur vu Pellets op der ganzer Welt. Am amerikaneschen Südosten wiisst déi Industrie praktesch nëmmen esou aus dem Buedem.

Am Joer 2011 huet Enviva, wat de gréissten Exporteur vun Holzpellets ass, seng grouss Fabrik zu Ahoskie am US Staat North Carolina opgemaach. 850,000 Tonnen Holz ginn do all Joer a wonnerschéin kleng Pellets verschafft, an da mat Schëffer an d’Europäesch Unioun bruecht. Ab 2016 well Enviva 8 Holzpellets Fabriken vu Virginia bis Mississippi operéieren. Déi britesch Firma Drax well a noer Zukunft 4 Fabriken an de Staaten Mississippi, South Carolina a Louisiana opmaachen. Am US Staat Georgia huet déi däitsch Firma RWE eng grouss Pellets Fabrik stoen. Am Ganzen hunn tëschent 2010 an 2015 ronn 20 Fabriken an där Regioun mat der Produktioun vu Pellets ugefaangen; et si minimum 30 weiderer geplangt.

Wéinst de grousse Klimaziler an der EU rechent d’Industrie an den USA domatter dass sech d’Zuel vun de Pellets bis 2020 kéint ver-10-fachen. Déi Form vun Energie kéint, sou gëtt geschat, bis dohin eng $11.5 Milliarden weltwäit produzéieren. Pöyry Management Consulting vu London rechent bis dohin mat enger Nofro vu 46 Milliounen Tonnen Holzpellets.

Etuden weisen op Kalschléi hin

An den amerikanesche Südstaaten leien 90% vun der Bëschfläch a privaten Hänn. Duerch d’Feelen vu staatlecher Hand, ass et natierlech extrem ‘einfach’ fir grouss (europäesch) Betriber fir dann hei esou Fabriken opzemaachen. D’Bëscher aus dëser Regioun hu bis elo 15% vum CO2 Ausstouss vun de ganzen USA opgeholl. Et ass dat ee Grond firwat zënter e puer Méint lues awer sécher e Widderstand géint dës Fabriken an déi Form vun Energie wiisst.

D’SELC (Southern Environmental Law Centre) hält a sengen Etuden beispillsweis fest dass Enviva och ganz Beem ofholzt fir Holzpellets hierzestellen – verschidde Beem wieren ëm déi 100 Joer al. D’Foto’en vun dëser Ofholzung huet hiren Affekot Carter e.a. och un d’EU weidergeschéckt; bis elo blouf dat awer ouni Konsequenzen fir d’Industrie. Och d’NRDC (Natural Resources Defense Council) kennt zu där nämmlechter Conclusioun wéi d’SELC. Si hunn e.a. festgehalen, dass Beem laanscht de Roanoke River (Virginia & North Carolina) verschwonne sinn. D’Géigend rondrëm dëse Floss an de ganze Süden vun Appalachen ass ee vun de läschte gréisseren Ecosystemer an de Südstaate vun den USA an zielt zu enger vu de läschte gréisseren Biodiversitéitsregiounen vun der ganzer Welt. Eng Etude vun der SELC an der National Wildlife Federation iwwert d’Enviva Ahoskie Fabrik koum zur Conclusioun, dass iwwer 168,000 Hektar Bësch am grousse Risiko stinn alleng vun dëser enger Fabrik ofgeholzt ze ginn.

Dat kritiséiert och d’Dogwood Alliance, déi sech zënter 1996 fir de Schutz vu Bëscher an den US Südstaaten (vu Virginia bis hin zu Arkansas) asetzt. Laut dëser Ëmweltorganisatioun, si ronn 60% vun ‘hire’ Bëscher an Feuchtzonen haut vu Kalschléi betraff. Domat klëmmt op der enger Säit e.a. och d’Gefor vun Iwwerschwemmungen an dëser Géigend an, op der anerer, bréngt dëst och eng Senkung vum propperem Drénkwaasser Schutz mat sech.

Wëssenschaftler hannerfroen ‘CO2 neutral’ Statement

Mécht dëst awer alles Sënn? ‘Means justify the ends’? Net wierklech. Well een sech lues a lues ëmmer méi secher ass, dass eben och ganz Beem ofgeholzt an zu Pellets verschafft ginn, géif d’Benotzung vun dësen Holzpellets, sou den Tim Searchinger vun der Princeton University, d’CO2 Emissiounen am Verglach mat der knaschteger Kuelenenergie ëm 79% vergréisseren. Dës Vergréisserung géif bannent de nächsten 20 Joer stattfannen; an de nächste 40 Joer wier et e Plus vun 49% CO2. Eng CO2 Neutralitéit, déi d’EU haut schonns an dëser Form vun där Energie gesäit, kéint villäicht eréischt an 100 Joer lues antrieden, wann déi nei geplanzte Beem grouss genuch gi sinn fir de villen CO2 opzehuelen. Dëst läit net zu läscht och dorunner dass d’Pellets verschafft an transportéiert musse ginn – oft an „ëmweltfrëndlechen“ Diesel Transporter Richtung Europäesch Unioun.

„Vum Point de Vue wat aus dem Schaachtech erauskënnt, ass Holz méi schlëmm wéi Kuelen,“ seet de William Schlesinger, fréieren Dean vun der Nicholas School of Environment vun der Duke University a North Carolina. De Schlesinger wor een vu bal 100 Wëssenschaftler déi d’läscht Joer een oppene Bréif un déi amerikanesch Ëmwelt Agence EPA geschéckt hunn. Si fuerderen dass een, wéi een dëst am Verglach mat Europa schonns bei den Autoen gemaach huet, an den USA vill méi streng Regelen ëmsetzt wat d’Benotzen vu Biomass Energie ugeet. Ob d’EPA eppes ënnerhëlt ass nach net kloer. Villäicht liest se awer bei hirer Recherche och dëse Saz vun hirem europäeschen ‘Homologue’, der EEA, aus dem Joer 2011:

„[unzehuelen dass] Verbrennung vu Biomass vu sech aus CO2 neutral ass (…) ass falsch (…)“ [1]

Festzehalen bleift dass een um COP21 zu Paräis net nëmmen muss op den CO2 Ausstouss vu China an den USA kucken. Och d’Verhalen vun den europäesche Staaten misst kritesch diskutéiert an hannerfrot ginn. Aktuell gëtt et wuel leider keng Regioun op dëser Welt déi eng wierklech perfekt Figur bei dësem esou wichtegen Thema ofgëtt.

COP21

Säit 2: Footnotes a Links mat weideren Informatiounen.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

2 Comments

  1. Ech kommen bei Dengen Zuelen e besschen duercheneen – am Fong geholl gi Pellets selten ausserhalb vun Heizungen benotzt, a beim Hetzen ass d’Konkurrenz natierlech den Mazout, Gas, an de Stroum. A Groussanlagen ginn selten Pellet’s verfeiert, well een déi Eegeschaften vum Pellet net brauch. Do get Hackschnitzel, Holz etc geholl. Ausnahm sinn Kuelekraaftwierker, wou fir den Ofgas-Tuning alt e bessche Pellets matverbrannt ginn, domadder kann de Bedreiwer sech e besschen Virdeeler bei den Emissiounen eraushandelen. Gäre mecht en dat net, well Kuelen vill méi belleg sinn. Et fuere keng Autoen mat Pellets, et fléie keng Fligeren dermatt, an nemme ganz selten gett Stroum mat Pellets gemaach.

    Dass zum Beispill Polen 80% vu senger Energie mat Holz mecht, dat giff ech gäeren beluecht gesinn. De Stroum ass 80% Kuelen, an privat gett zwar vill mat Holz, awer och vill mat Kuelen gehetzt. An Holz a Pellets sinn an deser Diskussioun jo nach eng Kéier verschidden ze gesinn.

    Éirenswou sinn déi Zuelen mer net direkt glaubhaft.

    Dass Pellets net onbedengt sollten ronderem d’Welt transportéiert ginn, domadder ginn ech der Recht. Mir maachen dat leider mat villen vun eisen Energieträger, sief et Gas oder Ueleg. An wann ganz Beem geschreddert ginn, ass et natierlech och mam Reiz vun de Pellets als Offall-Produkt eriwwer. Mee CO2-neutral sinn se schonn, am Moosstab vun 20, 50 oder 100 Joer. Bei der Kuel an dem Ueleg sinn et Millioune Joer.

    Reply

  2. Ech hat mech bei den 80% (Polen) an bal 40% (Däitschland) leider schlecht/net präzis ausgedréckt. Déi Zuel bezitt sech natierlech net op déi ganz Energie vun dëse Länner, mä ass den Undeel deen d’Energie duerch Holz bei ‘erneierbaren’ Energien an dëse Länner spillt.

    (http://www.economist.com/news/business/21575771-environmental-lunacy-europe-fuel-future)

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s