Et wor e liicht surreale Moment beim 1. TV Debat vun den Demokraten fir d’Presidentschaftswahlen 2016. Do gëtt et eng Ënnersichung vum US Kongress an, vill méi wichteg, eng Ënnersichung vum FBI géint déi fréier Ausseministesch Hillary Clinton, déi als Ausseministerin e privaten (a, während enger Zäitchen, net geschützten) Emailserver benotzt huet an doriwwer ‘classified’ Informatiounen verschéckt huet, … a keen interesséiert et. “Enough about the damn emails,” sot de lénken Senator vu Vermont, an aktuell gréissten Clinton Konkurrent, Bernie Sanders. Déi aner 3 Männer – de fréieren Governor vu Rhode Island Lincoln Chafee, de fréieren US Senator Jim Webb, an de fréieren Governor vu Maryland Martin O’Malley – hunn dem Sanders Recht ginn a sinn dem Hillary Clinton zur Säit gesprongen. De Salle, dee mat Demokraten gefëllt wor, huet gejubelt. 

Mat engem Laachen – an engem Handshake mam Sanders – huet d’Clinton déi Story, déi sech zënter Méint duerch hir Campagne zitt, op d’Säit geluecht. De CNN Starmoderator Anderson Cooper, deen wuel nieft dem Clinton de bescht preparéiersten Mënsch am Sall wor, konnt souvill op d’FBI Ënnersichung hiweisen wéi hien wollt, de Salle an d’Kandidaten wollten net driwwer schwätzen. 

Do huet et och net gehollef wéi de Cooper sot, dass och de President Obama de Weekend kloer gemaach huet dass et eng ‘legitime’ Ënnersichung an d’Behuelen vun enger US Ausseministerin ass. Gëschter Owend huet d’Clinton zwar den Debat (op deem Punkt) gewonnen, mä ob e Republikaner/in d’Clinton esou liicht an enger ‘General Election’ Campagne wäert dovu komme loossen dierft bezweifelt ginn. Den Emailserver huet dem Clinton seng ‘Vertrauen’ Wäerter an de Keller bruecht; si sinn elo um déifste Stand zënter Ufank de 1990er. De Focus op ‘Gender Equality’, bezuelten ‘congé parental’, a Waffenschutz ze leeën dierft wuel net duer goen. (Obwuel beim Thema Waffen de Sanders, deen géint gréisser Gesetzer bei dësem Thema ass, liicht un d’Strauchele komm ass; Clinton koum dofir beim Thema Wall Street Reform, en Haptuleies vum Sanders, ebenfalls un d’Strauchelen).

De Faite, dass keen d’Clinton op dësem (Email) Punkt attackéiert huet, ass e staarke Kontrast zu de Wahlen 2008. Wéi e Memo vun der Obama Campagne 2008, deen gëschter Mëtteg publizéiert a vum deemolegen Chefstrateg David Axelrod op CNN als ‘original’ konfirméiert gouf, nach eemol ganz kloër weist, hat de Senator vun Illinois deemools eng aner Taktik. 

“[Clinton is] driven by political calculation not conviction, regularly backing away and shifting positions on issues (…)”

Et ass dat e Saz aus deem 2007 Memo, deen den Obama a senge Rieden & TV Debats mat Beispiller kloer eriwwer bruecht huet. Et attackéiert dem Clinton säi Charakter. Eng Rëtsch vun de fréieren Obama Supporter, déi, wéi Ëmfroen weisen, nach net wirklech voll hannert dem Clinton stinn, dierften der Meenung sinn, dass dëse Saz och haut nach d’Clinton gutt beschreift.

Net méi spéit wéi dëse Mount huet d’Hillary Clinton e Fräihandelsofkommes am Pazifik TPP ferm kritiséiert, wat et virdrun x-Mol als “gold standard” vu Fräihandelsofkommes’en bezeechent huet. Grond? D’Majoritéit vun Demokraten – dominéiert vun de Gewerkschaften – ass net begeeschtert vun TPP. Fir hire Vote zum Irakkrich, deen 2008 fatal am Kampf géint den Obama wor, huet d’Clinton sech eréischt 2013 entschëllegt. A bei der ‘Keystone Pipeline’, déi Pëtrol vu Kanada aus an d’Südstaaten vun den USA soll bréngen a bei gréngen Demokraten dowéinst ganz onbeléift ass, huet d’Clinton sech och erréicht vru Kuerzem zu enger Positioun entscheed. (Si ass dogéint – zumindest bis zur Convention d’nächste Summer). Ähnlech huet d’Clinton bei LGBT Rechter gezéckt bis hat se ënnerstëtzt huet – et ass ee Grond firwat den Joe Biden a net d’Hillary Clinton dëst Joer d’Keynote um alljährlechen HRC Iessen huet dierfte ginn.

Déi politesch Berechnungen sinn et déi d’Clinton, haut genee esou wéi 2008, “kal” ausgesi loossen. Um Dënschdeg den Owend zu Nevada stoung keen op der Bühn deen dat konnt, oder wollt, ausnotzen. Deen eenzegen Kandidat, deen et wuel kéint an deen vun engem ‘SuperPAC’ e Message just vrum Debat kritt huet (eng weider “Joe, run.” TV Reklamm déi direkt vrum Debat op CNN gelaaf ass), ass de Vize President Joe Biden.

Hien ass alles anescht wéi ‘berechenbar’, wéi x Beispiller vu ‘Gaffes’ (Ausrutsche/Faux pas) beweisen. Ob hien an d’Course geet oder net, weess wuel just hien. Duerch seng Idealer a seng (perséinlech) Schicksaler krut hien eng ganz aner Perséinlechkeet; eng mat scheinbar vill méi ‘Häerz.’ D’Clinton a seng Konkurrenten hunn him déi läscht Nuecht nach eng kléng Dier opgehalen. Eppes ass kloer, wann e Biden an d’Course geet, muss hien d’Clinton attackéieren “wou et richteg wéi deet” (aka hire Charakter). Drock vum Obama kritt de Biden net, säi Support – zumindest dee mentalen – dierft him awer sécher sinn. Obamas a Clintons wor vun Ufank un just eng ‘Aarbeschtsrelatioun’, keng Frëndschaft. Et huet een einfach 2 verschidde Virstellungen dovunner wéi PolitikerIn/PresidentIn solle sinn. “Et gëtt een Ënnerscheed ob een well President ginn oder ob e President ass,” sot den Obama d’läscht Woch op enger Pressekonferenz wéi hien op dem Clinton seng nei Syrien Strategie ugeschwat gouf. Méi kloër konnt hien sech net ausdrécken… 

email


Den Obama 2007 Memo, “How to beat Hillary” vum Ryan Lizza – http://www.newyorker.com/news/news-desk/how-to-beat-hillary-clinton [en] (New Yorker)

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

One Comment

  1. […] hält. Dat hunn ech 2007 an 2008 net gutt fonnt… an ech hunn et och 2015 net gutt fonnt, wéi ech hei vrun 13 Méint, mengen ech, och ugedeit […]

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s