Ech hunn dëse Summer dem Vera Brittain säin Testament of Youth gelies. D’Brittain ass am 1. Weltkrich grouss ginn, a bezeechent sech am Buch als ‘abysmally ignorant’ an ‘romantically idealistic.’ Hat wor demno, wéi vill anerer och, een einfacht Opfer fir d’Propaganda: ‘Et gëtt e schnelle Krich. Dono gëtt et ni méi e Krich.’ Dir kennt et.
Nach ier de Krich ausbrécht, packt d’Brittain et fir op d’Oxford University Literatur studéieren ze goen. Do ass d’Vera awer esou séier ‘disturbed by the tranquility with which elderly Oxford view spring-time death for its young men’, dass hat am Juni 1915 seng Studien op Äis leet a Krankeschwëster gëtt – fir d’éischt zu London, dono un der Front a Frankräich. Un der Front pflegt et britesch an däitsch Zaldoten, déi, wéi et an engem Bréif u säi Verlobten Roland schreift, hien wuel nach kuerz virdrun probéiert huet ëmzebréngen… a vice versa.

„Those dreams of happiness we thought secure“

D’Vera sollt säi Kapp a Rou leeën, schreift de Roland, hien wier elo e Stéck hannert der Front. 

Dat ass de läschte Bréif, deen de Roland fort schéckt. Hien gëtt vun engem Sniper erschoss a stierft een Dag vrun Helleg Owend 1915 am Alter vu just 20 Joer. Et brécht dem Vera Brittain säin Häerz – eng 1. Kéier.

2 Kollegen vum Vera a Roland stierwen am Abrëll 1917 resp. Juni 1917. E Joër méi spéit, a just 5 Méint vrum Ënn vum Krich, gëtt dem Vera säi Brudder Edward bei enger Géigenattack vun den Éisterräicher an Italien erschoss. D’Häerz ass fir déi 2. Kéier gebrach.

Nom Krich engagéiert sech d’Brittain als Pazifistin, e.a. beim UNO-Virgänger ‘League of Nations.’

Et sollt direkt gesinn näischt bréngen. Hir Generatioun, zënter dem Hemingway sengem A Moveable Feast, als ‘génération perdue’ bekannt, muss bekanntlech nach eemol e Weltkrich matmaachen. An dono kennt souguer nach e Kaale Krich mat der Haptzentral Europa.

vera brittain

Ech hu beim Testament of Youth oft un d’Situatioun vun haut geduecht. Zum Deel well d’EU haut wuel a senger gréisster Kris iwwerhapt stécht, an een déi typesch Gläichung „EU = Fridden; keng EU = Krich“ vun Elteren a Grousselteren vermëttelt krut, awer och wéinst der d’Situatioun vun enger anerer jonker europäescher Generatioun. Eigentlech leien eng ronn 100 Joër tëschent menger Generatioun an där vum Vera Brittain, mä esou wäit ewech schéngt et vun de Grondprinzipien hir net: Europa gëtt nationalistesch; grouss Länner soe méi klénge Länner wat se ze maachen hunn; eeler Politiker decidéieren eppes wat gréisstendeels déi Jonk wäert treffen.

Dem Brittain seng Generatioun huet sech mat voller Freed an e Krich gepucht. Mir hunn, mat eisen Elteren, nom 11. September vill vun eise Fräiheeten – ouni grouss nozefroen – opginn.
De Krich, deen just e puer Méint sollt daueren, ass herno 4 laang Joren am Gaangen. D’Sich nom Bin Laden dauert – trotz international sou grousser Cooperatioun – bal 10 Joer.
Den Traité vu Versailles sollt een 2. Weltkrich mat sech bréngen. Den Doud vum geféierlechste Mann zënter 1945 sollt weider Iwwerwaachungen, Fräiheetsaschrénkungen an dem „IS/ISIS“ Platz maachen.

Nom 11. September koum den 11. Mäerz (Madrid), an de 7. Juni (London). Et koum den Al Gore mat enger PowerPoint Presentatioun. Et koum eng Weltwirtschaftskris, déi zu massiver Jugendarbechtslosegkeet, enger EU Scholdekris, Eurokris a schlussendlech wuel zu enger EU Kris gefouert huet. Déi allerspéistens elo mat der Flüchtlingskris vun dësem Summer komplett gouf.

„[We need to put an end to] the world … of Great Powers and Little Nations“


Vrun der Summervakanz sot de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn um radio 100,7 dass d’EU Institutiounen, wéi een se haut kennt, am Joer 2050 wuel net méi existéieren. 2050, wat e Joer ass wou d’Geschicht een éischten richtege Bilan vu menger Generatioun wäert zéien, huet d’EU wuel also entweder nei Institutiounen/eng politesch Unioun oder dësen europäesche „Friddensprojet“ brécht ausserneen.

Den Taux de Support fir déi „ever closer union“, déi am Traité de Rome festgehale gouf, läit aktuell bei grad emol 35%. Zemools déi iwwer-55 Järeg stinn dëser Integratioun am kriteschsten géigeniwwer; just 31% fannen dës gutt. Bei Jonken (< 34 Joer) loung den Taux de Support bei 41% – deem héchsten vun allen Alterskategorien. Duerch méi Kooperatioun um europäesche Niveau an och duerch méi Muecht fir europäesch Institutiounen wieren déi aktuell Krisen an Europa ze bewältegen, sou déi 41 Prozent.[1]

Bei den iwwer-55 Järegen krut zemools d’Äntwert dass d’EU Integratioun „ze wäit“ gaangen ass vill Zoustëmmung; méi wéi all 3. vun hinnen gesäit d’Situatioun esou.[1]

Ass dat dat wat mer wierklech wellen; jiddereen nees zréck a säin Eck? Dass d’Leit aus der ‘verluerener Generatioun’ vu vrun 100 Joer hirt Liewen op d’Spill gesat hunn just fir dass de „Friddensprojet“ deen eng Rëtsch Joren dono sollt kommen, mat deene Leit vun der ‘verluerener Generatioun’ vum 21. Joerhonnert – déi, déi während oder kuerz vrun der Grousser Rezessioun op den Arbeschtsmarché gestouss sinn – nees ophält? E Visa fir den FC Metz kucken ze goen, eng Band op Bréissel lauschteren ze goen, oder op Tréier akaafen ze goen? E Studenten Visa fir op Léck oder München studéieren ze goen? Eng Aarbescht ‘am europäeschen Ausland’ refuséiert ze kréien, well een eben Auslänner ass?

D’EU ass méi wéi „just“ e Friddensprojet. Et ass d’Idee dass d’Vëlker vun Europa och kennen mateneen, a net just niewenteneen, liewen. Déi nächst puer Méint a Joren gi wuel decisiv fir déi Idee, cf. Griicheland, Spuenien, Italien (e.a. Lega Nord), Frankräich (Le Pen), Éisterräich (FPÖ) a UK (Referendum). A während déi génération perdue esou genannt gouf, well e.a. vill intelligent Jonker am Krich gefall sinn an anerer orientéierungslos woren, esou muss dës verluere Generatioun probéieren hir Ideen an Europa ëmsetzen. 

Et muss een aktiv ginn.

De Referendum am Juni huet gewissen wéi grouss d’Aarbecht ass. Jonker géifen, huet et do e.a geheescht, sech net genuch fir Politik interesséieren. Jonker si vrun 100 Joer fir dëse Kontinent ëmkomm, a Jonker sinn déi, déi de Kontinent am Moment am meeschte wëlle weider bréngen. Grouss Verännerungen koumen ëmmer duerch Jonker. Dat huet och de Jean Asselborn an deem genannten Interview eigentlech behapt wéi e sot dass eng aner Generatioun muss u politesch Hiewele kommen fir d’EU ze reforméieren/z’erneieren. 

Dofir et gëtt Zäit, dass eis Elteren a Grousselteren eis mat upaake loossen. Um politeschen Niveau hu se dat zwar – zu Lëtzebuerg – zu engem gewessen Deel am Juni kloër refuséiert, mä nach weess keen ob deen ‘Nee’ emol eng Kéier vu Politologen als positiv bewäert wäert ginn. Um sozialen Niveau kann een keen stoppen, an dëst hunn dëse Summer och 2 jonk Lëtzebuerger bei hirer Sammelaktioun fir Flüchtlingen gewissen. Et woren keng 50+ Järeg, et wor keng Caritas an och keng Asti, déi sou eng Aktioun gestart an iwwert d’Bühn bruecht hunn. Et woren 2 jonk Leit.

Egal wat mer maachen… eis Jugend ass eriwwer. Entweder gi mer all déi Problemer, déi op eis bis 2050 duerkommen (an, wéi Flüchtlings- oder Klimakris, zu engem Deel haut schonns bekannt sinn) elo mat Vollgas un oder mir gi wuel wirklech déi éischt déi, wéi den Al Gore a sengem Film sot, vun eisen eegene Kanner enges Dags gefrot ginn, wat mir dann eigentlech selwer gemaach hunn… an dëst ebe net nëmmen beim Thema Klima.

Vera _Quote


Dem Vera Brittain säi Buch ‘Testament of Youth’ kritt een e.a. hei ze kaafen. D’Buch ‘Letters from a Lost Generation: First World War Letters of Vera Brittain and Four Friends’, an deem d’Bréifer dra sinn déi sech d’Frënn während dem Krich geschéckt hunn, ass e.a. hei ze kréien.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s